Attributiounen
De Kompetenzberäich vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
De Ministère ass zoustänneg fir :
- déi allgemeng Verkéierspolitik esouwéi ënner anerem d‘Mobilitéitsplanifikatioun, den ëffentleche Verkéier, de Stroosseverkéier, de Giddertransport, d‘ Banneschëfffaart an
- déi allgemeng Politik vum ëffentleche Bauwiesen, dorënner d‘Staatsgebaier an d‘ Staatsstroossen.
Am Kader vu sengem Kompetenzberäich ënnerstinn dem Ministère follgend Verwaltungen an Direktiounen:
Noriichten
-
Krich am Iran: D’Lëtzebuerger Regierung préift all Optiounen, fir Rapatriementer ze organiséieren
Am Kader vun der Kris am Noen Oste préift d’Regierung aktuell all Optiounen, fir Flich ze charteren an déi ronn 600 Lëtzebuerger a Residenten, déi an der Regioun festsëtzen, esou séier wéi méiglech zréckzebréngen.
-
Annual Report 2024
Mir freeën eis, den Annual Report fir d’Joer 2024 virzestellen – en Abléck an d’Fortschrëtter an d‘Resultater, déi dëst Joer gepräägt hunn. Nieft Zuelen a Leeschtungsindikatoren erzielt dëse Rapport d’Geschicht vun eisen Efforten, wichtege Meilesteen an Initiativen, déi en...
-
Déi néi Begréissungsschëlder op Lëtzebuergesch laanscht d'Autobunne goufen de Ministere Yuriko Backes an Eric Thill virgestallt
Am Kader vun den Efforten, fir d'Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Raum ze stäerken, waren de Kulturminister, Eric Thill, an d'Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte, Yuriko Backes, sech haut am Atelier vun der ...
-
Ëmwelterklärung 2025
Mir si frou, eis Ëmwelterklärung 2025 virzestellen. Am Laf vum leschte Joer hu mir eis Efforte verstäerkt, fir eis Ëmweltfuerderunge gerecht ze ginn an nohalteg Praktiken am Beräich vun der Loftfaart ze fërderen. Nohaltegkeet bleift am Mëttelpunkt vun eiser Visioun...
De Ministère op X
D’Ministesch @Yuriko_Backes huet dës Woch VertriederInne vun der FGFC an dem OGBL emfaangen, fir an engem konstruktiven Austausch iwwert d'Zukunft vum TICE ze diskutéieren. @OGBL_Luxembourg @gouv_lu
Haut huet d'Ministesch @Yuriko_Backes en Agent vun der Administration de la Navigation Aérienne (ANA) offiziell vereedegt. Mir gratuléieren häerzlech zu dësem Meilesteen a wënsche vill Freed bei der deeglecher Aarbecht!
Haut huet d’Ministesch @Yuriko_Backes zesumme mam Buergermeeschter vun der Reidener Gemeng Henri Gerekens den neie Rond-Point zu Räichel ageweit, deen déi geféierlech Kräizung op dëser Plaz ersetzt. @gouv_lu
D’Zukunft vum Fluchhafen Findel ✈️ Geschter an der @ChambreLux huet d’Ministesch @Yuriko_Backes d’Visioun zur Weiderentwécklung vum Fluchhafen presentéiert.
Aktualiséiert den