Aktualiséiert den
DG I - Generaldirektioun fir europäesch a juristesch Ugeleeënheeten, ëffentlech Ausschreiwungen a Logistik
D‘Generaldirektioun fir europäesch a juristesch Ugeleeënheeten, ëffentlech Ausschreiwungen a Logistik besteet aus dräi Servicen:
- Service fir allgemeng juristesch Ugeleeënheeten
- Service fir Stroossentransport an Automobiltechnik
- Service Banneschëfffaart a Logistik
D'Aktivitéiten am Zesummenhang mat den ëffentlechen Ausschreiwungen, der Soumissiounskommissioun, dem Portal fir ëffentlech Ausschreiwungen an de Concessioune falen och an de Kompetenzberäich vun der Generaldirektioun I.
De Service vun der Flossnavigatioun, deem seng Aktivitéiten sech op d’Musel konzentréieren a virum allem op der operationeller Exploitatioun vun den zwou Schleisen, ënnersteet dem Ministère.
De Vertrieder vum Ministère bei der Représentation permanente vun der Europäescher Unioun ënnersteet och der Verantwortung vun der DG I.