Aktualiséiert den
Campagnen
De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten organiséiert reegelméisseg thematesch a pädagogesch Sensibiliséierungs- a Präventiounscampagnë fir d'Allgemengheet mat de follgenden Ziler:
- D'Sécherheet am Stroosseverkéier verbesseren andeems un d'Sécherheetsreegelen an d'Gefore vu bestëmmte Praktiken erënnert gëtt;
- D'Benotzung vun ëmweltfrëndlechen,alternativen Transportmëttelen am Géigesaz zum Individualverkéier ze fërderen.
- Informatiounen iwwer d'Enjeue vun den Deplacementer ze vermëttelen;
- Verantwortungsvoll Verhalen ze adoptéieren a riskant Verhalen ze verbidden.
D'Campagnen, déi an Zesummenaarbecht mat der groussherzoglecher Police, der Sécurité routière a.s.b.l. souwéi aneren Acteuren duerchgefouert ginn, sinn essenziell a pädagogesch Informatiounsinstrumenter fir d'Sensibiliséierung vun alle Benotzer*innen vun der Strooss an dem ëffentlechen Transport.
Zil ass et, d'Bewosstsinn vum Public fir d'Risiken ze erhéijen an esou d'Allgemengheet ze encouragéieren, en adequat Verhalen ze adoptéieren.