"Ee Bléck méi. En Accident manner"

Mam gudde Wieder, fänkt och d'Motosaison un. Et ass eng Zäit, op déi vill MotorradfuererInne sech freeë, mee all Joer geet och d'Zuel vun de Stroossenaccidenter dee Moment erop. Fir dës Risiken ze verhënneren, gëtt eng nei national Sensibiliséierungscampagne fir MotorradfuererInnen an Automobiliste lancéiert, déi sech op Opmierksamkeet, mënschlech Interaktioun a gedeelte Verantwortung konzentréiert.

Sech géigesäiteg gesinn, fir besser zesummen ze liewen

D'Zesummeliewen tëscht verschiddenen StroossenbenotzerInnen ass net ëmmer einfach, egal ob an de Stied, an de Viruerter oder um Land. Déi Haaptursaache fir schwéier a fatalen Accidenter sinn nach ëmmer Onopmierksamkeet an doudege Wénkele , déi besonnesch déi vulnerabelst a manner sichtbar Stroossenbenotzerinne betreffen, dorënner MotorradfuererInne, VëlosfuererInnen a FoussgängerInne.

Vun de 18 Doudesfäll, déi am Joer 2024 registréiert goufen, hunn 9 MotorradfuererInne betraff, wat d'Hallschent vun de Afferen ausmécht. Am Ganze goufen 183 Motorradsaccidenter registréiert, bei deenen 83 Persoune schwéier blesséiert goufen. Dës Zuele bestätegen d'kontinuéierlech Vulnerabilitéit vun de motoriséierten Zwee-Rieder-BenotzerInenn an d'Noutwendegkeet, d'Preventiounsmoossnamen ze verstäerken.

An dësem Kontext erënnert d'Campagne eis un eng wichteg Reegel: gesinn a gesi ginn ass eng kollektiv Verantwortung.

 

E zousätzleche Bléck méi fir méi Sécherheet op der Strooss

Fuerassistenzsystemer a Stroosseschëlder droen zur Verkéierssécherheet bäi, mee si kënnen d'mënschlech Opmierksamkeet ni voll ersetze. Näischt ersetzt en direkte visuellen Iwwerbléck: de Kapp dréien a ronderëm kucken. Dofir bleiwe systematesch visuell Kontrollen eng indispensabel Moossnam a mussen zur Selbstverständlechkeet ginn:


• bei Kräizungen,

• beim Spuerewiessel,

• beim Erausfueren aus enger Parkplaz,

• beim Opfueren op d'Autobunn,

• beim Erausfueren an Erafueren op Rond-Pointen.

Wierklech kucken, wat ronderëm geschitt, kann geféierlech Situatioune vermeiden.

All Bléck zielt fir e bessere Schutz

D'Campagne konzentréiert sech op d'Interaktioun tëscht de StroossebenotzerInnen. Fir op der Strooss besser mateneen auszekommen, ka jiddereen einfach Verhalen unhuelen:

· Erweidert Äert Sichtfeld fir méi wäit viraus ze gesinn,

· Sicht Aenkontakt,

· Benotzt d'Luuchten an d'Blinker fir Är Absichte kloer matzedeelen,

· Huelt Iech déi néideg Zäit ouni Hetz.

Och wann Dir d'Virfaart hutt oder iwwerzeegt sidd, datt een 'alles kloer gesinn' hutt, kann et nach ëmmer zu engem Accident kommen, dacks genee dann, wann een et am mannsten erwaart. Vitesse, Visibilitéit an no vir kucke si Schlësselfacteuren fir dat Onvermeidlecht ze vermeiden.

"Well Onopmierksamkeet mënschlech ass, bleift et wichteg, ëmmer erëm e Bléck ronderëm ze werfen. Konstant Opmierksamkeet ass eng kollektiv Verantwortung, déi op all StroossenbenotzerInnen zoutrëfft, onofhängeg vum Transportmëttel. E weidere Bléck, eng zousätzlech Iwwerpréiwung, e kuerze Stopp kann duergoen, fir e schwéieren Accident ze verhënneren. Verkéierssécherheet baséiert virun allem op der gedeelter Notzung vum Raum, géigesäitegem Respekt an der Berücksichtegung vun aneren. D'Strooss deele bedeit och, eise Bléck ze deelen. Kee Bléck ass ze vill, wann een e Liewe rette kann," huet Yuriko Backes, Ministesch fir Mobilitéit a ëffentlech Aarbechten, ënnerstrach.

Eng multimedial a méisproocheg Campagne

D'Campagne gëtt iwwer d'Tëlee, d'Kinoen, d'sozial Medien, digital Bildschiermer (DOOH) a Stroosseschëlder lancéiert, a baséiert op engem staarke visuelle Konzept an enger klorer Botschaft, déi an alle Verkéierssituatiounen direkt verständlech ass.

 

De Slogan an d'Visueller sinn op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch disponibel, fir all StroossendeelerInenn zu Lëtzebuerg ze erreechen.