Aktualiséiert den
Senior Drivers Day – Seniore kënnen an engem séchere Kader hiert Fuerverhalen testen
Den 3. Juni 2026 sinn eng ronn 60 Fuererinnen a Fuerer tëscht 60 a 70 Joer am Centre de formation pour conducteurs um Colmer-Bierg fir de Senior Drivers Day zesummekomm.
Organiséiert gëtt dësen Dag all Joer vum GERO Kompetenzzenter fir den Alter a vum Centre de formation pour conducteurs, an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten. Zil vun dëser Initiativ ass et fir op d'Risiken am Stroosseverkéier opmierksam ze maachen a gläichzäiteg een dem Alter entspriechende Fuerstil ze fërderen.
Dësen Dag soll och eng Geleeënheet bidde fir bäizeléieren a sech auszetauschen, dat Ganzt an engem positiven an inklusive Kader. Esou kann d'Vertraue vun de Seniore gestäerkt ginn an hir Autonomie hannert dem Steier esou laang wéi méiglech erhale ginn.
En Dag am Zeeche vun der Praxis a vum Apprentissage
De ganzen Dag iwwer gouf de Participanten e komplette Programm ugebueden, deen aus praktesche Fuerübungen an theoreeteschen Informatiounssessiounen zesummegesat war.
Beim Senior Drivers Day steet d'Experienz vun de Fuererinnen a Fuerer am Mëttelpunkt. Gläichzäiteg kréie si Ënnerstëtzung, fir sech un d'Entwécklungen am Beräich vun der Mobilitéit unzepassen. Domadder ass dës Initiativ e wichtegt Instrument fir d'Preventioun an d'Sensibiliséierung, an dréit zu méi Sécherheet op de Stroosse bäi, dat ganzt baséierend op Vertrauen a géigesäitegem Respekt.
"An deem d'Erfarung vun de Fuererinnen a Fuerer valoriséiert gëtt a si gläichzäiteg dobäi begleet gi fir sech de Verännerungen am Mobilitéitsberäich unzepassen, dréit de Senior Drivers Day konkret zu méi Sécherheet op eise Stroosse bäi. Dëst ass a wichtegt Instrument fir d'Preventioun a d'Verantwortungsbewosstsinn, dat op Vertrauen a Respekt baséiert. D'Sécherheet op der Strooss betrëfft jidderee vun eis, an den Austausch vun Erfarungen dréit dozou bäi sech de Risike bewosst ze ginn an d'Vertrauen an seng Fäegkeeten hannert dem Steier ze stäerken", huet d'Ministesch Yuriko Backes bei der Iwwerreechung vun den Zertifikater un d'Participantë betount. Gläichzäiteg huet si och hiren Engagement fir ee verantwortungsvollen an ugepasste Fuerstil ervirgehuewen.
Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten