Attributiounen
De Kompetenzberäich vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
De Ministère ass zoustänneg fir :
- déi allgemeng Verkéierspolitik esouwéi ënner anerem d‘Mobilitéitsplanifikatioun, den ëffentleche Verkéier, de Stroosseverkéier, de Giddertransport, d‘ Banneschëfffaart an
- déi allgemeng Politik vum ëffentleche Bauwiesen, dorënner d‘Staatsgebaier an d‘ Staatsstroossen.
Am Kader vu sengem Kompetenzberäich ënnerstinn dem Ministère follgend Verwaltungen an Direktiounen:
Noriichten
-
Ëmwelterklärung 2025
Mir si frou, eis Ëmwelterklärung 2025 virzestellen. Am Laf vum leschte Joer hu mir eis Efforte verstäerkt, fir eis Ëmweltfuerderunge gerecht ze ginn an nohalteg Praktiken am Beräich vun der Loftfaart ze fërderen. Nohaltegkeet bleift am Mëttelpunkt vun eiser Visioun...
-
"Zesummen opmierksam. Zesumme sécher": Start vun der Sensibiliséierungscampagne iwwer Zebrasträife
De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte lancéiert eng nei Sensibiliséierungscampagne mat Fokus op d' Sécherheet bei den Zebrasträife. D'Zil ass et, d' Opmierksamkeet vun de Verkéiersbenotzer*innen ze erhéichen.
-
D’ Fluchsécherungsverwaltung an d’Luxair engagéieren sech fir d’Begrenzung vun Nuetsflich
D’ANA an d’Luxair hu gemeinsam eng Charta ënnerschriwwen, déi als Zil huet, d’Zuel vun de Nuetsflich ze limitéieren. Dës Initiativ weist eise gemeinsame Wëllen, d’Kaméidi-Belästegung fir d’Awunner ze reduzéieren an nohalteg Praktiken an der Loftfaart ze fërderen. Zesumme schaffe mir...
-
D'CFL stäerken d'Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch op hire Quaien
Am Kader vun hirem Engagement fir d'Méisproochegkeet an d'Valorisatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch huet d'Société nationale des chemins de fer luxembourgeois (CFL) ugefaangen, d'Nimm vun den Uertschaften op de Pannoe vun de Quaien an Haltestellen ...
De Ministère op X
Aweiung vun der neier Photovoltaik-Anlag um Dach vun der Brigade vum Fonds Kirchberg, wou och eng Ekipp vun der Administration des ponts et chaussées stationéiert ass⚡ @Yuriko_Backes @fondskirchberg @sylviesiebenborn @marcwidong @gouvernement.lu
Today, Minister @Yuriko_Backes signed a joint declaration with her German, Dutch, French, Austrian, Portuguese, Spanish and Finnish counterparts, in the presence of Commissioner Apostolos Tzitzikostas, to establish the “e-SAF Early Movers Coalition” ✍️🇪🇺
Haut huet d’Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten @Yuriko_Backes um Conseil vun de Ministeren fir Transport vun der EU deelgeholl. D’gemeinsam Efforte gi weidergefouert fir eng nach méi sécher, méi nohalteg an effizient Mobilitéit an Europa ze garantéieren 🇪🇺🫱🏻🫲🏼
An der @ChambreLux gouf haut d’Finanzéierungsgesetz fir de Bau vum neie Labo vun der ASTA unanime gestëmmt. Dës nei Infrastruktur ass wichteg fir dass d’ASTA weiderhin d’Méiglechkeet huet, seng Aufgaben a Pflichten ze erfëllen, an sech och weiderentwéckele kann.
Aktualiséiert den