Attributiounen
De Kompetenzberäich vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
De Ministère ass zoustänneg fir :
- déi allgemeng Verkéierspolitik esouwéi ënner anerem d‘Mobilitéitsplanifikatioun, den ëffentleche Verkéier, de Stroosseverkéier, de Giddertransport, d‘ Banneschëfffaart an
- déi allgemeng Politik vum ëffentleche Bauwiesen, dorënner d‘Staatsgebaier an d‘ Staatsstroossen.
Am Kader vu sengem Kompetenzberäich ënnerstinn dem Ministère follgend Verwaltungen an Direktiounen:
Noriichten
-
Gesinn a gesi ginn – E Bléck fir méi Sécherheet am Verkéier
Mam schéine Wieder fänkt och d'Moto-Saison nees un. Dat ass eng Zäit, op déi vill Motocyclisten sech freeën. Mee d'Zuel vu Verkéiersaccidenter hëlt och all Joer zou.
-
11 nei Lycéeë bis 2050 a méi wéi 17 Infrastrukturprojete an der Planung
De 14. Abrëll 2026 hunn de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an d’Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, Yuriko Backes, d’Deputéiert iwwert den aktuelle Stand vun de Viraarbechte fir en neie sektorielle Plang "Lycéeën" mat Bléck op 2050 informéiert.
-
Krich am Iran: D’Lëtzebuerger Regierung préift all Optiounen, fir Rapatriementer ze organiséieren
Am Kader vun der Kris am Noen Oste préift d’Regierung aktuell all Optiounen, fir Flich ze charteren an déi ronn 600 Lëtzebuerger a Residenten, déi an der Regioun festsëtzen, esou séier wéi méiglech zréckzebréngen.
-
Annual Report 2024
Mir freeën eis, den Annual Report fir d’Joer 2024 virzestellen – en Abléck an d’Fortschrëtter an d‘Resultater, déi dëst Joer gepräägt hunn. Nieft Zuelen a Leeschtungsindikatoren erzielt dëse Rapport d’Geschicht vun eisen Efforten, wichtege Meilesteen an Initiativen, déi en...
De Ministère op X
World Bicycle Day Pressekonferenz mat der Ministesch @Yuriko_Backes an dem Minister @eric_thill 🚲 Um Programm: ✅Vëlosummer 2026 ✅Neie “Knotenpunktsytem” ✅Ausbau vun der Vëlosinfrastruktur @gouv_lu
D’Ministesch @Yuriko_Backes an d’Buergermeeschtesch vun Iechternach Carole Hartmann an hier Ekippen hu gëschter am Kader vun enger Biergerversammlung dat neit Mobilitéitskonzept fir Iechternach souwéi d‘Revalorisatioun vum Stadkär virgestallt.
D’Ministesch @Yuriko_Backes huet d'lescht Woch ee Mock-up vun engem hybride Kontrolltuerm um Findel ageweit, dee vun der Administration de la Navigation Aérienne (ANA) entworf gouf. @gouv_lu
🏗️ Grondsteeleeung vum zukünftege Bouneweger Lycée Luxembourg @Yuriko_Backes @gouv_lu @CityLuxembourg @MeischClaude @CorinneCahen
Aktualiséiert den