Déi 2. ëffentlech Versammlung an digitaler Form iwwert de "séieren Tram" tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Süden ka live um Internetsite www.transports.lu gekuckt ginn:
- Méindeg, den 9. November ëm 19.00 Auer (Presentatioun zu de Sektioune Leideleng, Monnerech a Suessem)
De Minister François Bausch géif sech freeën, wann de Public seng Froen entweder am Virfeld oder den Owend selwer géif eraschécken op d'E-Mail-Adress: communication@mmtp.etat.lu.
Esou wäit ewéi méiglech ginn d'Froen vum Minister selwer live beäntwert. Sollten et der ze vill sinn, esou géifen d'Äntwerten a Form vun engem „FAQ“ um Site vum Ministère publizéiert ginn.
Eng Iwwersetzung op Franséisch bleift weiderhin assuréiert.
Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten