Aktualiséiert den
Lancement vun enger Sensibiliséierungscampagne wärend der Klappjuegd
De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an Zesummenaarbecht mat der Sécurité routière ASBL an der Jeeërfederatioun lancéiert eng Sensibiliséierungscampagne, déi all Stroossebenotzer a Stroossebenotzerinnen– Autoschaufferen, Vëlosfuerer*innen a Vëlosfuererinnen a Foussgänger – drun erënnere soll, wéi wichteg et ass, wärend der Klappjuegd-Saison besonnesch gutt opzepassen. Dës Campagne leeft am ganze Land vum Samschdeg, dem 17. Oktober 2026 bis Sonndeg den 31. Januar 2027.
Wärend dëser Period ass geroden, besonnesch opmierksam ze sinn, virun allem um Stroosserand, a der Géigend vu Bëscher oder op Plazen, wou Schëlder virun der Gefor warnen, datt Wëld iwwert d'Strooss lafe kéint. Et gëtt och recommandéiert, datt jidderee seng Vitess den Ëmstänn entspriechend upasst.
Wann d'Schëld "Chasse en cours / Vorsicht Treibjagd" um Stroosserand steet, ass et wichteg, d'Geschwindegkeet ze reduzéiere, well zu all Moment Déieren oder Hënn d'Strooss kéinten iwwerquieren.
Wat maachen, wann een op een oder méi wëll Déieren trëfft
Wann Dir op der Strooss ënnerwee sidd
- Vitess reduzéieren
- Tut a schalt d'Blenden un, behaalt dobäi awer am Hannerkapp, dass d'Luuchten d'Déieren an déi aner Leit am Verkéier kéinten irritéieren
Automobilist*inn*en a Vëlosfuerer*innen sollen och am Kapp behalen, datt wëll Déieren dacks a Gruppen ënnerwee sinn, wat de Risiko erhéicht, datt méi Déieren op eemol d'Strooss iwwerquiere kéinten.
Wann Dir op der Strooss ënnerwee sidd an et zum Risiko vun enger Kollisioun kënnt, well en Déier iwwer d'Strooss leeft
- Maacht eng Noutbremsung
- Probéiert net dem Déier auszewäichen Halt d'Steierrad gutt un
- Bleift op Ärer Spuer a fuert riichtaus
Wann Dir op der Strooss ënnerwee sidd an et kënnt zu enger Kollisioun
- Schalt déi 4 Winkeren un
- Dot eng Warnwest un, ier Dir aus dem Gefier erausklammt
- Séchert d'Onglécksplaz andeems Dir de Warndräieck opstellt
- Mellt d'Accident direkt bei der Police
Ënner kengen Ëmstänn däerft Dir dem Déier ze no kommen, well e blesséiert Déier immens geféierlech ka sinn: Bleift op Distanz, beréiert a beweegt d'Déier net. Waart op d'Police oder déi zoustänneg Autoritéiten, déi wësse wéi een d'Situatioun handhabe soll.
Wann Dir zu Fouss oder mam Vëlo ënnerwee sidd
Aus Sécherheetsgrënn gëtt staark dovunner ofgeroden, an de betraffene Gebidder, dës Gebidder si mat Schëlder markéiert, déi op d'Juegd hiweisen, wärend der Saison vun der Klappjuegd spadséieren ze goen. Zousätzlech fannt Dir d'Datumer an d'Standuerter vun de Klappjuegten op der Websäit www.geoportail.lu.
Wann Dir op een oder méi wëll Déieren treffe sollt
- Panikéiert net, bleift roueg an halt d'Déier am Bléck
- Gitt lues a lues hannerzeg ouni Iech ëmzedréinen
Wann Ären Hond bei Iech ass, gëllen déi nämmlecht Rotschléi. Et ass recommandéiert, Ären Hond wärend dem ganze Spadséiergang an der Léngt ze hale, fir seng Sécherheet ze garantéieren.
Dës Campagne gëtt iwwer verschidde Medien diffuséiert: um Radio, op de soziale Medien an an den RGTR-Bussen.
Communiqué par: ministère de la Mobilité et des Travaux publics / Sécurité routière ASBL / Fédération Saint-Hubert des chasseurs du Grand-Duché de Luxembourg ASBL