Éischten Internationalen Dag vum immaterielle Kulturierwen

De 17. Oktober 2003 gouf d'Konventioun iwwert d'Erhale vum immaterielle Kulturierwe vun der Generalkonferenz vun der UNESCO ugeholl.

21 Joer méi spéit gëtt um 17. Oktober 2024 fir d'éischte Kéier den "Internationalen Dag vum immaterielle Kulturierwen" gefeiert, dee vun der UNESCO an d'Liewe geruff ginn ass.

D'Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur (Unesco) bezeechent als "immateriellt Kulturierwen" Gebräicher, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Fangerfäerdegkeeten, déi d'Mënsche selwer als Deel vun hirem kulturellen Ierwen ugesinn. Dozou gehéieren och d'Saachen an d'Plazen, d'Geschier an d'Gezei, déi ee brauch, fir dës Traditiounen um Liewen ze erhalen.

Dofir gëtt dat immateriellt Kulturierwen och gären "liewegt Kulturierwen" genannt, wat sech dann och am Beschten duerch "lieweg Biller" dokumentéieren a vermëttele léisst.

Op Basis vum Patrimoinegesetz vun 2022 schafft de Kulturministère, an Zesummenaarbecht mat deene Leit, déi hei am Land dat immateriellt Kulturierwen um Liewen halen, um Erhalt vun dësem kulturelle Patrimoine. Zil ass et, fir dat immateriellt Kulturierwen ze valoriséieren an un déi zukünfteg Generatioune weider ze ginn.

An deem Kontext huet de Kulturministère ugefaangen, fir all déi 16 Gebräicher an Traditiounen, déi bis elo an de nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen (IKI) opgeholl gi sinn, mat eenzele Video'en ("IKI-Clip fir Jonker") ze dokumentéieren. Dëst geschitt an enker Zesummenaarbecht mam SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques) vum Bildungsministère, deen am gaangen ass fir all IKI-Clip entspriechend didaktescht Material auszeschaffen, wat an de Bildungsstrukture ka benotzt ginn. D'Material vum Video "Haus- a Flouernimm" ass ugespéngelt un dëse Communiqué.

De Virgabe vun der UNESCO entspriechend ass jiddwer IKI-Clip an der Originalsprooch vun deene Leit, déi dat entspriechend Kulturierwen hei zu Lëtzebuerg praktizéieren, opgeholl ginn. Fir eng optimal Verbreedung am In- an Ausland ze erméiglechen, ginn all IKI-Clippen a véier Sproocheversiounen ënnertitelt: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, an Englesch.

Fir den éischten internationalen Dag vum immaterielle Kulturierwen ze feieren, lancéiert de Kulturministère elo 3 nei IKI-Clippen:

  • "D'Haus- a Flouernimm"
  • "D'Hiewanskonscht"
  • "Fléizen"

Dës dräi nei Clippen, fir déi den SCRIPT am gaangen ass didaktescht Material auszeschaffen, fënnt een zesumme mam IKI-Clip "D'Konscht vum Dréchemauerbauen" op der Youtube-Presenz vum Kulturministère (https://gd.lu/8tfnqf) an op www.iki.lu ënnert der Rubrik "IKI-Clips an didaktescht Material": https://iki.lu/page/index/3.

Aner IKI-Clipe si momentan nach an der Maach a wäerten no an no op www.iki.lu verëffentlecht ginn.

Communiqué vum Kulturministère 

Regierungsmember

THILL Eric

Organisatioun

Kulturministère

Event Datum

16.10.2024