Berodend Kommissiounen

Soumissiounskommissioun

D’Soumissiounskommissioun huet als Aufgab dofir ze suergen, dass déi rechtlech, verwaltungstechnesch a vertraglech Bestëmmungen am Beräich vun den ëffentlech Opträg vun deenen Instanzen, déi den Zouschlag verginn a vun de Wirtschaftsbedeelegte streng agehale ginn.

Si préift d’Reklamatiounen, déi bei hir vun den Instanzen, déi den Zouschlag verginn oder vun de Soumissionnairen agereecht ginn, a si gëtt hiren Avis iwwert Opträg of, déi erdeelt solle ginn oder schonn erdeelt gi sinn.

Si besteet aus néng Memberen, dovu representéiere fënnef Memberen, an ënnert hinnen de Presidente, déi Instanz, déi den Zouschlag vergëtt a véier Membere vertrieden d’Beruffschamberen. Fir all Member vun der Kommissioun gëtt ee Stellvertrieder benannt.

D’Soumissiounskommissioun huet eng berodend Funktioun. Hir Avise sinn net verbindlech fir déi betreffend Instanz, déi den ëffentlechen Optrag vergëtt.

Kommissioun fir kritesch Analys

D’Kommissioun fir kritesch Analys spillt eng wichteg Roll bei der Sich no enger rationeller a wirtschaftlech sënnvoller Gestaltung vun deenen eenzele Projete fir ëffentlech Ariichtungen, déi an deem Kontext realiséiert ginn. Fir bei der Elaboratioun vun Infrastrukturprojeten eng optimal Transparenz ze garantéieren, leet d’Regierung hir Bauprojeten dem Parlament zweemol fir e Vote vir :

  • am Stadium vun den Etüden am Virfeld, no dem Avis vun der Kommissioun fir kritesch Analys an nom Accord vum Regierungsrot zum Prinzip vum Bauprojet an
  • am Stadium vum detailléierten Avant-Projet, wou déi definitiv Pläng an d’Investitiounskäschte bekannt sinn.

 

 

Aktualiséiert