Ëffentlech Aarbechte

Den Departement vun den ëffentlechen Aarbechten ass zoustänneg fir déi allgemeng Politik vum ëffentleche Bauwiesen, déi zum Ausdrock kënnt duerch d'Definitioun, d'Gestaltung an d'Orientatioun vun den Aarbechten duerch en Inventaire vun de Besoinen, d’Festleeë vu Prioritéiten, den Asaz vu Moyenen, d’Kontroll vun den Depensen an déi allgemeng Koordinatioun vun den Aarbechten.

Ënnert der Tutelle vum Departement vun den ëffentlechen Aarbechten funktionéieren och d’Kommissioun fir kritesch Analys (Commission d’analyse critique) an d’Soumissiounskommissioun (Commission des soumissions).

Zwou Verwaltungen ënnerstinn dem Departement fir ëffentlech Aarbechten.

Dat ass engersäits d’Bauteverwaltung (Administration des bâtiments publics), déi fir d’Gestaltung, d’Realisatioun, de Bau an den Entretien vun de staatleche Gebaier zoustänneg ass, fir d’Realisatioun vun Investitiounsprojeten, déi vun ëffentlechen Investitiounsfongen a vum Fong fir Entretien a Renovatioun finanzéiert ginn a fir Projeten, déi op Basis vum Garantiegesetz virfinanzéiert ginn.

Anerersäits ass dat d’Stroossebauverwaltung (Administration des ponts et chaussées), déi fir de Bau an den Entretien vun de staatleche Verkéiersweeër zoustänneg ass, fir d’Realisatioun vu grousse Verkéiersprojeten, déi vum Stroossefong (Fonds des routes) finanzéiert ginn, fir d’Exploitatioun vun de grousse Verkéiersweeër a fir d’Verkéiersgestioun. D’Stroossebauverwaltung ass ausserdeem verantwortlech fir de Bau an den Entretien vun de Staudämm an den Ingenieurbauwierker (ouvrages d’art), fir de Bau an den Entretien vun der Infrastruktur vum Fluchhafen a vum Hafe vu Mäertert, fir den Amenagement vun de Busspuren a fir den Amenagement vun de Vëlospisten am nationale Netz vun de Vëlosweeër.

Et ass also d’Saach vum Departement vun den ëffentlechen Aarbechten fir d’Land mat deenen Infrastrukturen auszerëschten, déi fir seng wirtschaftlech Entwécklung noutwenneg sinn, souwuel am Beräich vum Stroossennetz wéi am Beräich vun den ëffentleche Gebaier a fir déi Responsabilitéiten déi sech doraus erginn ze iwwerhuelen.

D’Planifikatioun vun den Aarbechte gëtt vum Regierungsrot op Basis vun engem méijäregen Investitiounsprogramm festgeluecht, dee reegelméisseg aktualiséiert gëtt, an dat an enker Zesummenaarbecht mat der Chamber (Chambre des députés).

Den Tätegkeetsberäich vum Departement vun den ëffentlechen Aarbechten ëmfaasst, per Definitioun, Projeten déi vu grousser Envergure sinn an déi sech iwwert e laangen Zäitraum erstrecken. Dofir schafft dat Departement dacks an der Kontinuitéit, an den haitege Minister muss Projete weiderféieren oder bestätegen, déi vun engem oder e puer vu senge Virgänger an d’Liewe geruff oder entaméiert gi sinn.

Mat Rücksicht op déi wirtschaftlech Situatioun vum Land an d’ëffentlech Finanze besteet den Defi doranner sécherzestellen, dass de Regierungsprogramm weiderhin ëmgesat gëtt an dass seng Kontinuitéit garantéiert bleift a gläichzäiteg d’Contrainte vum Budget respektéiert ginn.

D’Haaptprioritéite leie weiderhi bei de Schoulinfrastrukturen, besonnesch déi ënnert de Sektorplang « Lycéeën» falen, bei den europäeschen Infrastrukturen an de sozialen Infrastrukturen.

Déi allgemeng Koordinatioun vun deenen zwou ëffentlechen Ariichtungen, dem «  Fonds d'Urbanisation et d'Aménagement du Plateau de Kirchberg » an dem « Fonds Belval » erfollegt sou, dass se zu enger equilibréierter Entwécklung vum nationalen Territoire bäidréit.

Aktualiséiert