Établissement-publicen

Ëffentlech Ariichtunge sinn dezentraliséiert ëffentlech Déngschter, déi iwwert eng gewëssen Autonomie am administrativen a finanzielle Beräich verfügen. Et handelt sech ëm « juristesch Persoune vum ëffentleche Recht, déi duerch eng gesetzlech Bestëmmung den Optrag kréien, bestëmmt ëffentlech Déngschter ze geréiere fir besonnesche Besoine vun der Populatioun nozekommen, dëst ënnert der tutelarescher Kontroll vum Staat oder vun de Gemengen, wou si an Applikatioun vun der Dezentraliséierung no Servicer detachéiert sinn ».

D’Zoustännegkeete vun deenen zwou ëffentlechen Ariichtungen, déi dem Departement fir ëffentlech Aarbechten ënnerstinn – nämlech de Fonds Belval an de Fonds d’Urbanisation et d’Aménagement du Plateau de Kirchberg – ginn am folgenden Text beschriwwen.

Et ginn Ënnerscheeder wat hir spezifesch Aufgaben ugeet : während de Fonds Kirchberg am wäiteste Sënn fir d’Urbanisatioun vum Plateau Kierchbierg zoustänneg ass, konzentréiert sech de Fonds Belval op d’Realisatioun vu Staatsgebaier op den Terrainen, déi dem Staat gehéieren.

Déi zwou ëffentlech Ariichtungen, déi ënnert der Tutelle vum Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten (Departement fir ëffentlech Aarbechten) stinn, hunn awer eppes gemeinsam, nämlech dass si geschaf gi si fir déi koordinéiert Entwécklung vun deenen zwee Sitten, déi besonnesch wichteg fir eist Land sinn, ze beschleunegen a sécherzestellen.

De Plateau vum Kierchbierg ass jo net nëmmen de Site vun den europäeschen Institutiounen, mee gläichzäiteg och ee vun de gréisssten Entwécklungspole vun eiser Haaptstad.

De Fonds Belval huet den Optrag de Volet « Staat » ofzedecke beim Developpement vun engem anere prioritäre Site, nämlech Belval-West. Dobäi ergänzen sech de Fonds Belval an d’Entwécklungsgesellschaft AGORA, déi fir d’Urbanisatioun an d’Promotioun vum Site Belval-West a senger Gesamtheet zoustänneg ass.

Aktualiséiert