Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg

Statut

Ëffentlech Ariichtung

Rechtsgrondlag

De Fonds d'Urbanisation et d'Aménagement du Plateau de Kirchberg gouf duerch d’Gesetz vum 7. August 1961 a seng Ännerungen am Gesetz vum 26. August 1965, vum 28. August 1968 a vum 8. Juni 2004 constituéiert.

Missioun

D’Missioun vum Fong, sou wéi se am Gesetz vum 7. August 1961 fir d’Grënnung vun engem Fong fir d’Urbanisatioun an den Amenagement vum Plateau vum Kierchbierg definéiert gëtt, besteet doran, am Optrag vum Staat Folgendes ze realiséieren :

  • d’Urbanisatioun an den Amenagement vum Plateau vum Kierchbierg ;
  • d’Schafe vun den Zoufaartsstroossen an de Stroosse fir d’Residente mat den eventuellen zousätzlechen Ariichtungen ;
  • d’Acquisitioun vun den Terrainen um Plateau vum Kierchbierg, wéi et am Plang an der Annex vum uewegenannte Gesetz virgesinn ass.

Aktualiséiert