Fonds Belval

Statut

Ëffentlech Ariichtung

Rechtsgrondlag

Gesetz vum 25. Juli 2002 fir d’Kreatioun vun enger ëffentlecher Ariichtung fir d’Realisatioun vun de staatlechen Ariichtungen um Site Belval-West. (Mémorial A No. 79 vum 31.07.2002, S.1702)

Missioun

De Fonds Belval iwwerhëlt am Optrag vum Staat, op den Terrainen, déi dem Staat gehéieren, um Site vu Belval-West, sou wéi se op dem Kadasterplang ofgegrenzt ginn, woubäi déi entspriechend Gesetzer fir d’Geneemegung vu spezifesche Bauprojete fir d’Reconversioun an den Developpement vum Site Belval-West agehale ginn, folgend Tâchen :

  • d’Planifikatioun an d’Realisatioun vun Neibaute fir d’Realisatoun vun der Cité des Sciences, dem Zentrum fir Wëssenschaft, Fuerschung an Innovatioun, an dat am Kader vum Projet fir d’Reconversioun an den Developpement, sou wéi e weider uewe beschriwwe gëtt ;
  • d’Ofsécherung, d’Opwäertung an d’Restauratioun vun de Bauten, déi sollen erhale ginn ;
  • d’Ausschaffe vun Etüden, de Bau, d’Restauratioun, den Ëmbau oder d’Upassung vu Gebaier, déi fir den ëffentleche Gebauch virgesi sinn ; (« inklusiv d’Etüde fir den zesummefaassenden Avant-Projet, den detailléierten Avant-Projet vum Geneemegungsdossier a vum Dossier fir de Gesetzesprojet ») ;
  • den Amenagement vun der Ëmgéigend.

Dem Fong seng Aufgab ass et ausserdeem, op Demande vun Drëtten, an hirem Optrag an op hir Käschten, Infrastrukturen op dem Site ze realiséieren.

Aktualiséiert