Attributiounen

De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet folgend Attributiounen am Beräich Mobilitéit/Transport:

1. Allgemeng Verkéierspolitik: Definitioun, Gestaltung a Leedung duerch Bestandsopnam, Fixéieren vu Prioritéiten, Asaz vu Mëttelen an Ausgabekontroll - allgemeng Koordinatioun vun Aarbechten - Staatlechen Schutzdéngscht

 

2. Eisebunn: Schinnentransport vu Persounen a Gidder - Eisebunnsinfrastruktur an international Eisebunnsverbindungen - Eisebunnsfonds - Internationalen Eisebunnsverbindungsfonds - Eisebunnsreglementatioun - Eisebunnsverwaltung

 

3. Mobilitéitsplanifikatioun: Strategie, Koordinatioun a Planifikatioun vun der Mobilitéit - Konzepter an Projeten - alternativ Mobilitéiten - Entwécklung vu Verkéiersnetzer (Schinn, Tram, Bus, Strooss an aktiv Mobilitéit) an Intermodalitéit - Tram/Luxtram - grenziwwerschreidend Mobilitéit - Cellule ‘mobilité douce‘ - Mobilitéitsobservatoire – Cellule ‘Verkéiersmodell‘ - Dekarboniséierung vum Verkéier - Intelligent Verkéierssystemer - Mobilitéitspläng (Gemengen, Industrie- & Gewerbegebidder, ëffentlech Gebaier asw.)

 

4. Stroosseverkéier: Führerschäiner an Fuerschoulungen – Zouloossungen an technesch Kontroll vum Fuerpark - Reglementatioun a Verkéierssécherheet - Taxisverwaltung

 

5. Stroossentransport: Reglementatioun vun internationalen Stroossentransporter - Geneemegungen fir international Befërderung vu Persounen a Gidder op der Strooss - Verkéierskontroll

 

6. Ëffentlechen Verkéier: Koordinatioun vu verschiddenen Verkéiersträger, di een ëffentlechen Déngschst ausféieren - Bestëmmung vun der Offer - Verkéiersgemeinschaft/Zentralstell fir Mobilitéit - Geneemegungen fir de grenziwwerschreidenden Persouneverkéier - Präisser festsetzen - spezialiséierten Verkéiersdéngscht zu de Kompetenzzentren fir Kanner oder Jugendlecher mat spezifeschen Bildungsbedierfnesser, Leit déi Zentren fir kierperbehënnert a méifachbehënnert Leit besichen, souwéi Salariés mat Bëhënnerungen a Jugendlecher, déi eng beruflech Integratioun néideg hunn - Adapto-Déngscht

 

7. Banneschëfffahrt: Reguléierung - Notzen vun der kanaliséierter Musel - Hafen zu Mäertert - Flossnavigatiounsdéngscht - Flotteverwaltung - Verwaltung vum ëffentlechen Flossgebitt

 

8. Kombinéierten Verkéier - Multimodal Politik - Logistik - Intermodal Terminaler - Verwaltung fir technesch Ënnersichungen

 

9. Reglementatioun - Fluchhafen - Loftnavigatioun a Lofttransport - Sécherheet an der Loftfaart - Direktioun vun der Zivilloftfaart - Verwaltung vun der Loftnavigatioun - Entwécklung vun de Fluchhafentätegkeeten - Luxairport

Aktualiséiert