Nationale Commemoratiounsdag 2024 - Proklamatioun vun der Regierung

Den Nationale Commemoratiounsdag geet op d'Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 zeréck. Deemools wollten d'Nazien am besate Grand-Duché ënnert anerem vun de Biergerinnen a Bierger wëssen, ob si jiddesch wieren an och wat hir Nationalitéit, Mammesprooch a "Rass" wier. D'Resistenz huet dozou opgeruff fir déi dräi lescht Froe mat "Lëtzebuergesch" ze beäntweren. Ganz vill Leit sinn där Opfuerderung nokomm mat dem Resultat, datt d'Vollekszielung annuléiert gouf.

Speziell op dësem Dag ass et eis Pflicht eis un d'Vergaangenheet ze erënneren an d'Lektioune fir eis Zukunft ze zéien.

Dëst Joer gedenke mir besonnesch dem 80. Anniversaire vun der Liberatioun. Den 9. an 10. September 1944 kommen déi éischt amerikanesch Truppen am Grand-Duché un. E ganz freedege Moment fir vill vun eise Matbiergerinnen a Matbierger, déi d'Hoffnung net opginn haten a weiderhin un d'Prinzippie vu Fräiheet an Demokratie gegleeft hunn.

D'Erliichterung am Land no der Liberatioun duerch amerikanesch Truppe war grouss, mee leider war et nach net d'Enn vum Zweete Weltkrich. E puer Méint méi spéit, de 16. Dezember 1944, sollt mam Ufank vun der Ardennenoffensiv nees vill Misär iwwert eis Land a seng Awunner era briechen. Ganz Dierfer a Stied ginn zerstéiert. Honnerte vun Ziviliste stierwen. An iwwer zéngdausend Zaldote fale bei enger vun den déidlechste Schluechten.

D'Liberatioun war fir vill vun eise Matmënschen och net gläich d'Enn vun der Nazi-Diktatur. Di vill Konzentratiounslager an Europa bleiwe bis zum Enn vum Zweete Weltkrich weiderhi Plaze vu systematescher Folterung a Mord, virun allem fir jiddesch Famillje souwéi Fraen a Männer déi sech an der Resistenz engagéiert haten. Nach ëmmer hu missten zwangsrekrutéiert Fraen a Männer fir Hitler-Däitschland schaffen a kämpfen, oder waren a Krichsgefaangenschaft. Nach ëmmer hunn ëmgesidelt Familljen dovunner gedreemt d'Heemecht rëm ze gesinn.

Mam Bléck vun haut war d'Liberatioun virun 80 Joer awer virun allem den Ufank vun enger neier Zäit fir Lëtzebuerg an Europa. Enger Zäit, markéiert duerch de Retour vu Fräiheet an Demokratie, vun Neesopbau, Solidaritéit a vum Engagement an internationalen Organisatiounen. Eng Zäit vun 80 Joer Fridde fir eist Land.

Haut, wou nees Krich an Europa ass, wou nees extrem Ideologië versichen d'Gesellschaft ze splécken, ass et wichteg dass mir dës Solidaritéit an dës Engagementer net vergiessen an eis weiderhi fir Fräiheet, Fridden, an Demokratie asetzen, heiheem an iwwert eis Grenzen eraus.

Luc FRIEDEN, Xavier BETTEL, Martine HANSEN, Claude MEISCH, Lex DELLES,

Yuriko BACKES, Max HAHN, Gilles ROTH, Martine DEPREZ, Léon GLODEN,

Stéphanie OBERTIN, Georges MISCHO, Serge WILMES, Elisabeth MARGUE, Eric THILL

Communiqué vum Staatsministère