Digital Presentatioun zu der Reorganisatioun vum RGTR Reseau de 25. a 26. November ëm 19.00 Auer live aus dem Mobilitéitsministère

Wéinst der aktueller sanitärer Lag ginn déi ëffentlech Versammlungen iwwert d'Reorganisatioun vum RGTR Reseau net méi mat physescher Presenz vum Public, mee digital ofgehalen. Si dauere jeeweils vun 19.00-20.30 Auer.

Si kënne live um Internetsite "www.transports.lu” gekuckt ginn:

  • Mëttwochs de 25. November 2020 - Regioun Wolz*
  • Donneschdes de 26. November 2020 - Regioun Réimech*

De Minister François Bausch géif sech freeën, wann de Public seng Froen entweder am Virfeld oder den Owend selwer géif eraschécken op d'E-mail-Adress: communication@mmtp.etat.lu.

Esou wäit ewéi méiglech ginn d'Froen vum Minister selwer live beäntwert. Sollten et der ze vill sinn, esou géifen d'Äntwerten a Form vun engem "FAQ" um Site vum Ministère publizéiert.

Eng Iwwersetzung op Franséisch (Wolz) an Däitsch (Réimech) ass assuréiert.

 

*déi jeeweils concernéiert Gemenge sinn um rgtr.lu uginn.

 

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Aktualiséiert