Verbuet vun all Drone-Flich vum 15. bis den 19. September während dem Tour de Luxembourg

Am Kader vum Tour de Luxembourg vum 15. bis den 19. September 2020, huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, all Drone-Flich wärend folgenden Deeg an a folgende Loftraim ze verbidden:

  • 15. September 2020 am Loftraum 'Lëtzebuerg-Lëtzebuerg',
  • 16. September 2020 am Loftraum 'Réimech-Hesper',
  • 17. September 2020 am Loftraum 'Rosport-Schëffleng',
  • 18. September 2020 am Loftraum 'Rodange-Déifferdeng',
  • 19. September 2020 am Loftraum 'Miersch-Lëtzebuerg'.

D’Pläng vun de verbuedene Loftraim fannt dir ënnert folgendem Link: http://data.legilux.public.lu/eli/etat/leg/rmin/2020/09/08/a761/jo.

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Aktualiséiert