Informatiounen zu der aktueller Situatioun vum Transport "Adapto"

De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten deelt e puer Detailer betreffend der aktueller Situatioun vum Transport "Adapto" mat:

  • Momentan hu mir 1.500 Clienten an der Base de Données an och am neie System.
  • Mir wäerten an den nächsten Deeg nach 360 Clienten dobäi kréien.
  • Da kënnt d'Evaluatioun vun dëser Woch nach dobäi, wat nach eng Kéier +200 Clienten wäert ausmaachen.
  • Dat heescht bis en Freideg den Owend hu mir + 2.000 Clienten am neie System, wat 40% vun eiser aktueller Base de Données duerstellt - an dat ënnerhalb vu genee 19 Schaffdeeg.
  • All déi regulär Aarbechtsfaarten vun den 98 Salariés handicapés sinn och schonn am System iwwerholl ginn.
  • Gëschter ass de Reservatiounssystem am Callcenter ganz erfollegräich ugelaf a mir krute ganz positive Feedback.
  • Stand haut: bis Enn Mee sinn 3.400 Faarten am System geplangt.

Des Weidere sinn d'Parameteren esou agestallt ginn, datt den Detour, wann nach eng weider Persoun ofgeholl gëtt, net méi grouss wéi 10 Minutte ka sinn.

Déi concernéiert Persounen, déi dat néidegt Attest vum Dokter net matzäit kréien, profitéiere vun enger Iwwergangsphas a kréien eng provisoresch Kaart, déi bis den 30. Abrëll 2020 gülteg ass. Dës provisoresch Kaart muss beim Service Adapto ugefrot ginn ënner den Telefonsnummeren:

  • 247-84408
  • 247-84475
  • 247-84976

De Ministère ass ganz zouversiichtlech, dass d'Clienten sech ganz schnell un de neien System gewinne wäerten.

 

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Aktualiséiert