Am Kader vum Tour de Luxembourg vum 14. bis den 18. September 2021, huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, all Drone-Flich wärend folgenden Deeg an a folgende Loftraim ze verbidden:
- 14. September 2021 am Loftraum "Lëtzebuerg – Lëtzebuerg" (Zon: EL-UAS-TGDL21-ET1),
- 15. September 2021 am Loftraum "Sténgefort – Eschdorf" (Zon: EL-UAS-TGDL21-ET2),
- 16. September 2021 am Loftraum "Munneref – Mamer" (Zon: EL-UAS-TGDL21-ET3),
- 17. September 2021 am Loftraum "Diddeleng – Diddeleng" (Zon: EL-UAS-TGDL21-ET4),
- 18. September 2021 am Loftraum "Miersch – Lëtzebuerg" (Zon: EL-UAS-TGDL21-ET5).
D'Pläng vun de verbuedene Loftraim fannt dir ënnert folgendem Link: https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rmin/2021/09/02/a661/jo
Déi aktualiséiert geografesch Zonen wäerten och op der Websäit https://www.geoportail.lu verfügbar sinn.