Een Theaterstéck fir d'internationaalt Joer vum Bësch 2011

D’Naturverwaltung invitéiert an Zesummenaarbecht mat der Theaterschoul vum Ministère de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle-Script a 6 Klassen aus dem 4. Zyklus vun de Lëtzebuerger Grondschoulen op een Theaterstéck "Dem Kinnek säi Bësch".

D’Vereent Natiounen (UNO) hunn an enger entspriechender Resolutioun d’Joer 2011 als internationaalt Joer vum Bësch erkläert. D’Haaptzil heivunner ass, fir d’Bevëlkerung (Kanner, Jugendlecher, Erwuessener) zum Thema Bësch nach méi ze sensibiliséieren. Eng sëllegen Evenementer sollen dozou verhëllefen, déi villsäiteg Funktiounen a Leeschtungen vun eise Bëscher op eng authentesch Manéier méi nozebréngen an erliewbar ze maachen.

Well d’Kanner d’Entscheedungsträger vu muer sinn, organiséiere mir mat hinnen eng flott pädagogesch Aktivitéit zum Thema Bësch. An deem Kontext hu sech 6 Klassen aus der Lëtzebuerger Grondschoul gemeld fir an dësem Joer dëst Theaterstéck zum Thema Bësch opzeféieren. Fir sech esou selwer an iewer och hiert Publikum iwwer déi net ëmmer einfach Bezéiung zwësche Mënsch a Bësch z‘informéieren.

D’Theaterschoul an d’Naturverwaltung begleeden dës Klassen op hirem Wee op d’Bühn, stellen hinnen den Text vum Theaterstéck zur Verfügung a liwweren dat néidegt Wëssen, wat d’Technik, d’Kostümer, d’Organisatioun, d‘Reklamm an d’Prouwen ugeet.

Folgend Schoule maache mat: Bourglinster; Wilwerwiltz, Koerich, Harlange, Bascharage, Ecole Privée Ste Sophie.

Am Anhang fand Dir déi jeweilig Affiche mat de geneeën Detailer betreffend Datum an Auerzäit.

Communiqué par le ministère du Développement durable et des Infrastructures

Dernière mise à jour