De Kulturministère an de Lëtzebuerger Online Dictionnaire zesumme mam Nohaltegkeetsministère a sengem Transportsdepartement, proposéieren eng Première zu Lëtzebuerg, op der Fréijoersfoire (14.05.-22.05.2011) um Stand 1A03, gläich lénks nieft der Haaptentrée!
Grad esou ewéi am richtege Führerschäinsexame kann een do seng Kenntnësser iwwer den "Code de la route" mat den theoretesche Froe vum B-Führerschäin um Computer iwwerpréiwen.
Wie säin Exame packt, ka sech iwwer eng kleng Iwwerraschung freeën, a kann zousätzlech nach ee vun de Cadeaue gewannen, déi um Enn vun der Foire ënner de Matspiller verloust ginn.
Matgedeelt vum Kulturministère