Le ministre du Développement durable, Claude Wiseler, au sujet de l'ONU sur le changement climatique

Pierre Reiland: Här Wiseler, d'ganz Welt kuckt op Kopenhagen, schonn zanter Wochen. Un dee Klimasommet si ganz vill Erwaardunge gebonnen. Wat kann een dann deene ville Leit soen déi gehofft haten oder ëmmer nach hoffen et kéim ee gudden Accord zu Kopenhagen eraus?

Claude Wiseler: Ech mengen esou wéi d'Situatioun ass, muss ee soen, datt et éischtens eng seriös Situatioun ass, datt mir bis virun deene leschten Deeg net richteg vum Fleck komm sinn an den Diskussiounen. Wou een awer elo gesäit, datt säit gëschter Owend, säit eng Rei Propositioune gemaach ginn awer relativ vill Beweegung an den Diskussiounen ass, esou datt ech hei sécher d'Conclusioun zéien, datt mir nach kënne weider diskutéieren an déi nächst Stonnen déi wäerte sécherlech kruzial an deenen Diskussiounen hei ginn. Also d'Hoffnung behalen.

Pierre Reiland: A wéi eng Hoffnung setzt Dir dann op de Barack Obama?

Claude Wiseler: Ech mengen souwuel den Här Obama, wéi all déi Staatschefen déi hei sinn, sinn natierlech hei fir där ganzer Diskussioun en neien Impuls ze ginn, fir ze deblockéieren. Si hunn eng ganz Rei Kaarten an der Hand an ech mengen, datt dat kann déi noutwenneg Impulse ginn fir nach d'Diskussioun eng Kéier un d'Rullen ze kréien an domat zu deem politeschen Accord dee mir haut brauchen an dee mir all wëllen.

Pierre Reiland: Wéi ass d'lëtzebuerger Positioun? Déi ënnerstëtzt d'europäesch Unioun an hiert Zil vu -30% CO2-Reduktiounen bis 2020. Mä Lëtzebuerg huet bis elo vill vun deene Reduktiounen duerch de Kaf vu Certificaten erreecht. De Gréngen Europadeputéierte Claude Turmes hat gëschter kritiséiert, datt Lëtzebuerg och an Zukunft weider wéilt op waarm Loft setzen.

Claude Wiseler: Jo, do sinn elo verschidde Sujeten déi ugaang sinn. Et mus ee fir d'éischt soen, datt mir effektiv déi ambitiéis europäesch Positioun ënnerstëtzen. Datt Europa hei och ëmmer e Leadership hätt. Datt Lëtzebuerg dat och ëmmer voll a ganz ënnerstëtzt huet op -30% ze goen, dat ass souwuel fir Europa wéi fir Lëtzebuerg sécherlech e grousse Schrëtt. Dat ass mol dat éischt fir hei op der Konferenz eens ze ginn, fir hei op der Konferenz weider ze kommen.

Pierre Reiland: Mä wéi géife mir dat heiheem ëmsetzen?

Claude Wiseler: Do ass déi zweet Saach, an dat musse mir kucke soubal mir elo doheem sinn, wëllen de Marco Schank an ech alleguer déi Leit, déi mat eis wëllen driwwer diskutéieren, zesumme ruffen an engem grousse Grupp fir en Aktiounsplang opzesetzen. Ech mengen eis Prioritéit ass kloer an däitlech, datt mir sou vill wéi méiglech Moossnamen iwwert den nationale Wee maachen an dat gëtt a verschiddene Beräicher, ob dat elo am Bauen, ob dat elo an der Fiscalitéit oder ob dat an den alternativ Energien, am Energie spueren ass. Ech mengen do musse mir een Aktiounsplang maachen, do musse mir de Pak zu Lëtzebuerg zesumme ficeléieren mat deenen Akteuren déi concernéiert sinn, fir de Maximum doheem ze maachen. An dann ass et och kloer, datt mir op flexibel Mechanismen zeréck gräife mussen wa mir op -30% ginn. Mä et ass ganz kloer, datt prioritär soll national gehandelt ginn.

Pierre Reiland: Nach eng lescht Fro, ganz kuerz, wann et haut dann en Accord gëtt, da gesäit dat éischter aus wéi besser e schlechten Accord, wéi guer keen. Gesidd Dir dat och esou?

Claude Wiseler: Also, ech si frou, wa mir den Owend zu engem Accord kommen, well dat wat mir alles déi lescht Deeg elo gesinn hunn, dat war net evident. An ech hoffen, datt mir déi Diskussioun weider a Beweegung halen fir zu engem Accord ze kommen. Ech mengen all Accord deen eis an de Klimaziler weider hëlleft, deen eis e gutt Stéck weider hëlleft ass ee gudden Accord an ech hoffen nach, datt mir haut kënnen esou wäit kommen.

Pierre Reiland: Claude Wiseler, villmools merci fir dësen Interview.

Claude Wiseler: Merci och.

Dernière mise à jour