Schutzmoossnamen am Kontext vum COVID-19 am ëffentlechen Transport ab dem 20. Abrëll 2020

Ab dem Méinden, 20. Abrëll 2020, gëlle folgend Schutzmoossnamen am ëffentlechen Transport, an de Bussen, an den Zich an am Tram hei am Land.

D'Fuerpersonal a sämtlech Mataarbechter am ëffentlechen Transport mussen eng Mask droen, entweder eng medezinesch Mask, oder eng Stoffmask, Bandana (Buff) oder Schal. ​

Och d'Passagéier mussen eng Mask undoen, entweder eng medizinesch Mask, oder eng Stoffmask, Bandana (Buff) oder Schal.

Et gëlle folgend Schutzmoossnamen:

  • Déi viischt Dier vun de Bussen bleift zou. D'Passagéier si gebieden zur hënneschter Dier eran- an erauszeklammen.
  • Déi 1. Rei vun de Sëtzer bleift fräi a gëtt duerch e Band ofgespaart.
  • Keen Ticketverkaf (RegioZone an 1. Klass an den Zich).
     

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Aktualiséiert