Reaktioun vum Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur op de Communiqué vun der Eselen aus der Sauerstad Dikrich ASBL

Als Reaktioun op de Communiqué vun den Organisateuren vun der Dikricher Cavalcade weist de Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur drop hin, datt d’Organisateure vu jährleche grousse Manifestatiounen schonn 2017 drop higewise gi sinn, datt keng Privatnavettë méi vum Staat géife finanzéiert ginn. Dëst ass och an engem Bréif ugangs Januar un d’Eselen aus der Sauerstad Dikrich nach emol schrëftlech confirméiert ginn.

Fir de Frënn vun der Cavalcade awer entgéint ze kommen an hinnen e séchere Réckwee ze garantéieren, huet de Ministère suwuel den Takt vum Liniëbus vun der Ettelbrécker Gare op Dikrech wéi och den den Takt vum Zuch massiv an d’Luucht gesat.

Dës Zervisser am Intérêt public wärten dann och bei anere grousse Manifestatiounen an Zukunft esou vum Staat assuréiert ginn.

Communiqué vum Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur

Aktualiséiert