Claude Wiseler, invité de l'émission "Background am Gespréich"

Corinne Folscheid: "Background – am Gespréich", haut mam Nohaltegkeetsminister Claude Wiseler. Gudde Mëtteg, Här Wiseler.

Claude Wiseler: Gudde Mëtteg.

Corinne Folscheid: No de Parlamentswahle vum 7. Juni 2009 gouf de Nohaltegkeetsministère an d’Liewe geruff. Deemools goufen déi 4 Departementer, Ëffentlech Bauten, den Transport, d’Ëmwelt, an den Aménagement du territoire ënnert engem Daach regruppéiert. De Superministère, dee war domat entstanen.

Am Ufank gouf dës, soe mir emol, Fusioun net vu jiddwerengem appréciéiert. Wéi e Bilan kënnt Dir elo, no bal dräi Joer Nohaltegkeetsminister zéien?

Claude Wiseler: Also ech hu festgestallt, datt Superministère emol haaptsächlech supervill Aarbecht bedeit huet an deene leschte Joeren, déi ech awer gär gemaach hunn, well se extrem interessant war.

Bilan ass schwéier elo schonn ze zéien, mä dat wat een elo scho ka soen, dat ass, datt mir duerch de Fait datt verschidden Departementer zesummegeholl gi sinn, de Marco Schank an ech konnten eng Politik maachen, notamment am Transport, am Aménagement du territoire, an den Travaux publics wou verschidde Saachen déi zesumme gehéieren, och zesummegefouert gi sinn.

Datt Schinnebau, datt de Stroossebau, an datt dat Ganzt am Kader vun engem Aménagement du territoire geplangter Politik eppes Sënnvolles ass, eppes Logesches ass, an eis och ganz vill weiderbruecht huet, dat schéngt mir schonn elo kloer liesbar an absolut evident ze sinn.

Corinne Folscheid: Dir hutt elo grad e Marco Schank ugeschwat, hien ass den delegéierten Nohaltegkeetsminister.

Wat heescht do am Fong "delegéiert" Sinn dat déi Aarbechten, déi Dir net wëllt maachen, déi Dir weider delegéiert un den Här Schank, oder wéi kann ee sech do déi Opdeelung vun deene Kompetenze virstellen?

Claude Wiseler: Esou hu mir eis dat awer net opgedeelt. Fir d’éischt sinn ech ganz frou, datt ech déi Aarbecht ka mam Marco Schank zesumme maachen, well ech muss éierlech soen, d’Quantitéit vun der Aarbecht ouni hien, an ouni déi Opdeelung wier bal net méiglech. Mir schaffe gutt zesummen, a mir hunn eng relativ kloer Opdeelung eis ginn.

De Marco Schank bekëmmert sech haaptsächlech ëm dat Alldeeglecht vun den Ëmweltfroen, an ech bekëmmere mech sécherlech ëm dat Alldeeglecht vum Transport, vun den Travaux publics.

A beim Aménagement du territoire maachen ech och e groussen Deel mat, mä den Här Schank mécht do och nach eng Rei vu Saachen am Aménagement du territoire. Et ass also bei eis eng ganz kloer Opdeelung, jiddweree weess wat deen anere mécht.

Mä d’grouss Politik, an déi grouss Linnen, déi vun deem Ministère, dat wat en am Fong zesummenhält, dat décidéiere mir gemeinsam, datt mir eng gemeinsam Strategie, an eng gemeinsam Politik kënne fueren.

Corinne Folscheid: Ginn et do och alt Konflikter tëscht deenen eenzelnen Departementer? Et ass jo wahrscheinlech net ëmmer evident do déi verschidde Kapen unzehunn.

Claude Wiseler: Noutgedrongenerweis ginn et Konflikter. Dat war jo d’ailleurs och ee vun de Grënn, firwat déi Departementer zesummegeholl gi sinn, well et sollt a sech net méi esou sinn, datt Konflikter inhärent zur Natur vun den Departementer sinn.

Well wann Dir baut, ob dat elo Schinnen- oder Stroossebau ass, an Dir sidd responsabel fir den Environnement op där anerer Säit, dann ass et kloer, datt heiansdo do konfliktuell Situatiounen opkommen, datt een heiansdo muss Décisiounen an déi eng oder an déi aner Richtung huelen. Dat huet alt zu Blockage vun Dossiere gefouert, wou dann d’Leit sech net eens gi sinn, d’Ministere sech net eens gi sinn, an den Dossier einfach net weider komm ass.

Elo hu mir eng Situatioun wou nach ëmmer esou potentiell Konflikter vun der Matière aus einfach bestinn, mä duerch de Fait datt mir se an engem Haus hunn, duerch de Fait datt mir d’Décisioun elo mussen intern huelen, se esou oder anescht geholl gëtt, mä den Dossier weider geet. An ech mengen, dat ass wat extrem wichteg ass.

Corinne Folscheid: Wat ass dann elo am Moment, oder wéi e Beräich ass am Moment Äre gréissten Dada?

Claude Wiseler: Mäi gréissten Dada? Mäi gréissten Dada ass d’Mobilitéitspolitik, well ech mengen, datt den Zesummeschloss vun deene Ministèren do eis wierklech e gutt Stéck weider gehollef huet. An ech soen, dat ass en extrem interessante Beräich, a mir schwätzen elo nach am Detail do driwwer.

Corinne Folscheid: Dir hutt et elo just ugeschwat, ech hu mir och geduecht, datt dat am Fong Äre gréissten Dada wier, dowéinst fänke mir och mat der Mobilitéit un.

Är zwee Virgänger, den Henri Grethen an de Lucien Lux, déi hate jiddweree säi Mobilitéitskonzept. Virun e puer Wochen hutt Dir elo Äert Konzept virgestallt, de "Modu", wat fir "Mobilité durable" steet. Duerch wat ënnerscheet sech dann elo dat Konzept vu Konzepter vu virdrun, wéi Mobilitéit.lu, oder de Mobil2020?

Claude Wiseler: Et ënnerscheet sech doduerch, datt et am Fong, duerch de Fait datt ech d’Méiglechkeet hat déi puer Ministèren, fir Stroossebau, Schinnebau ze hunn, an datt ech am Fong an enger Hand alleguer d’Mobilitéitsträger hat, ob dat elo den Individualverkéier mam Auto ass, ob dat de Schinneverkéier, ob dat de Bus, ob dat d’Mobilité douce ass, ob dat d’Aviatioun ass, an esouguer de fluviale Beräich ass, datt déi all an enger Hand waren, an datt mir einfach capabel waren e Konzept ze entwéckele wat d’Vernetzung vun deenen eenzelne Mobilitéitsträger esou bruecht huet, datt et e globaalt Konzept, e kohärent Konzept, en integréiert Konzept ass. An dat ass e groussen Ënnerscheed. An dee Ministère, esou wéi en elo ass, huet et engem erlaabt esou e Konzept ze maachen.

Dat heescht awer net, datt dat Konzept sech géint déi Konzepter vu senge Virgänger stellt, au contraire. Wat mir probéiert hunn, dat ass, alles dat wat um Dësch loung un Iddien, u gudden Iddien, ze integréieren, mateneen ze verbannen, an eben doraus e globaalt, kohärent Konzept ze maachen.

An dofir mengen ech och, datt dat Konzept wat elo um Dësch läit eent ass, wat iwwer d’Joere kann daueren, iwwer d’Legislaturperiod kann daueren. An ech maache ganz vill Efforte fir et, och iwwer d’Majoritéitsparteien eraus, ze explizéieren, a matdroen ze loossen, well ech einfach dovun iwwerzeegt sinn, datt esou eng Mobilitéitspolitik, wa mir se wëllen duerchsetzen, 5, 10, 15, heiansdo 20 Joer brauch ier och nach dee leschten Deel vum Konzept duerchgesat ass.

A wann ech net e grousse Konsens dorëmmer kréien, da gëtt erëm alles op d’Kopp geworf, an dat huet da kee Sënn. An ech mengen, datt mir do awer elo e gutt Stéck weider komm sinn, an ech hoffen, datt déi Akzeptanz och iwwer déi nächst Méint a Joere sech zum Ausdrock bréngt. Op jiddwerfall dorunner schaffen ech.

Corinne Folscheid: Et ass allerdéngs e ganz ambitiéist Konzept, de Modu, Dir hutt Iech ganz vill virgeholl. Eent vun den Haaptziler ass, datt de Réseau méi efficace soll matenee vernetzt ginn, fir datt een an Zukunft esou séier wéi méiglech a bequem vun A op B kënnt. Dat kléngt immens gutt, mä wéi realistesch ass dat?

Claude Wiseler: Also mir hunn eis immens vill virgeholl, well mir hunn och grouss Problemer momentan an der Mobilitéit.

Dir musst kucke wat all Dag op eise Stroossen, op eisem ëffentlechen Transport lass ass, an Dir musst och kucke wéi mir an deene leschten 10, 20 Joer evoluéiert hunn.

Lëtzebuerg huet enorm vill Mobilitéit dobäi kritt, et sinn enorm Trajeten, déi an deene leschten 10, 20 Joer dobäi komm sinn. Mir hunn haut 1,66 Milliounen Trajeten den Dag zu Lëtzebuerg, déi mir musse bewältegen. An dat geet net méi einfach esou. A wann een dann hofft, an denkt, datt Lëtzebuerg och nach an deene 5, 10 nächste Joere wiisst, da weess een, datt een do muss eppes maachen, well d’Mobilitéit zu Lëtzebuerg dat ass och en Deel vun eiser Kompetitivitéit.

Verléieren d’Leit all Dag eng, zwou Stonnen am Traffic, komme se net op hir Aarbecht, dann ass dat och fir d’Entrepris schlecht, an dann etabléiere sech déi wiesentlech méi schwéier hei, wéi dat de Fall ass wa mir eng uerdentlech Mobilitéit hunn.

Wat si mir amgaangen ze maachen? Mä mir si wierklech amgaangen ze kucken, eis esou opzedeelen, datt mir eis zwar vill virhuelen, mä et rationell virhuelen, a keng doubles emplois maachen.

Mir soe kloer an däitlech, d’Schinn dat soll an Zukunft eist Haapttransportmëttel ginn, haaptsächlech op deenen zentrale Strecken, wou mir ganz vill Leit an héije Quantitéiten zu de Spëtzestonne musse féieren. Déi aus dem Transfrontaliersberäich kommen, do musse mir wierklech grouss Efforte maache fir d’Quantitéit ze augmentéieren.

An da musse mir op där anerer Säit kucken, datt mir déi Strecke wou mir keen Zuch hunn uerdentlech mam Bus verbanne loossen, datt mir och de Bus als Zoubrénger zum Zuch benotzen, datt mir och d’Ëmsteigeplätz esou maachen, datt uerdentlech a korrekt schnell ëmsteige méiglech ass – well ëmsteige wäert an Zukunft ëmmer méi noutwenneg sinn – datt mir de Park+Ride-System maachen op der Grenz, esouguer iwwer d’Grenz eraus.

An datt mir hei an der Stad eis en Transportmëttel ginn, en ëffentlecht Transportmëttel, wat genügend Kapazitéit huet fir vu Gares périphériques aus d’Leit an der Feinverdeelung an der Stad ze maachen. An dofir sinn ech fir den Tram, well dat wollt Dir elo uschwätzen.

Corinne Folscheid: Den Tram spillt jo eng ganz essentiell Roll an deem ganze Projet do. An Ären Ae geet et net ouni den Tram. Wou ass dee Projet dann elo konkret drun?

Claude Wiseler: Den Tram spillt a mengen Aen eng ganz wiesentlech Roll, awer nëmmen an deem Konzept.

An ech soe ganz kloer, ech sinn elo net een dee fir den Tram ass, well ech wëll fir en Tram sinn. Mä ech soe ganz kloer, wa mir esou e Mobilitéitskonzept maachen, wou mir grouss Quantitéite vu Leit kënnen am ëffentlechen Transport bis an d’Périphérie vun der Stad bréngen, an net méi wëllen d’Stad voller Busse setzen, well dann näischt méi an der Stad weider geet, da brauche mir e Mëttel, en Transportmëttel an der Stad wat genügend Kapazitéit huet fir zu de Spëtzestonnen déi Leit ze transportéieren.

A mir hunn och all déi aner Mëttelen duerchgekuckt, an ech soe ganz kloer, fir mech ass den Tram dat eenzegt wat eis genügend Kapazitéit gëtt fir zu de Spëtzestonnen d’Leit ze packen. An dofir sinn ech fir den Tram.

Mä den Tram huet kee Sënn wa mir net dat ganzt Konzept ronderëm och organiséieren, wa mir net déi Leit an d’Périphérie vun der Stad kréien, wa mir net déi Ëmsteigeméiglechkeeten organiséieren.

Den Tram huet nëmme Sënn an esou engem Konzept, an dat Konzept huet nëmme Sënn mat dem Tram. Dat Ganzt gehéiert ganz einfach zesummen.

Mir hunn och déi aner Mëttele gekuckt evidenterweis. Mä wéi gesot, dat wat vun der Kapazitéit duergeet, dat ass den Tram, an dofir mengen ech, datt mir dee brauchen.

Wou si mir drun, hutt Dir gefrot? Mä mir sinn elo an enger Phas wou e groussen Deel vun den Étudë relativ wäit gedriwwe sinn. Mir wäerten an deenen nächste Wochen eng Kéier an d’Chamber mat engem Dossier goen, respektiv an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg – mir schaffe ganz enk hei mat der Stad Lëtzebuerg, dem Buergermeeschter an dem Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg zesummen – fir datt och d’Chamber an de Gemengerot deen Dossier kënnen ukucken, an doriwwer befannen.

Da mengen ech, datt mir musse kucke fir an deenen nächste Méint déi ëffentlech Versammlungen ze maachen, déi och gesetzlech virgeschriwwe ginn, fir och d’Informatioune weiderzeginn, datt d’Leit all kënnen hir Froe stellen, an dann 2013 déi gesetzgeberesch Prozedur, esou datt den Dossier prett ass fir datt 2014 kënnen ugefaange gi Schinne geluecht ze ginn. Dat ass op jiddwerfalls d’Zilsetzung.

Corinne Folscheid: Wat äntwert Dir och vläicht de Kritiker, déi bis elo ëmmer soten, o deen Tram dee kënnt souwisou ni? Wat sot Dir deene Leit?

Claude Wiseler: Also ech stelle fir d’éischt fest, datt an deene leschte Méint a Joeren awer déi Diskussioun ëm den Tram an hirer Qualitéit wiesentlech geännert huet.

Virun engem, zwee Joer krut een immens vill Kritiken. Elo mengen ech, datt d’Leit awer lues a lues mierke wéi noutwenneg esou en Transportmëttel an der Stad ass, an och déi ëffentlech Meenung huet sech zu engem Deel, zumindest dat wat ech matkréien, héiert sech elo ganz anescht un.

Déi Froen déi ech elo gestallt kréien, dat ass, wéini kënnt en dann endlech, hätt Dir en net scho misse viru 5, 10 Joer maachen? Meng Äntwert ass, Jo, mä et ass awer net esou geschitt, dofir musse mir esou schnell wéi méiglech elo dohinner kommen.

An da weess ech, an da mierken ech, datt déi gréissten Angscht, déi momentan ausgeschwat gëtt, eng Angscht virum Chantier vum Tram ass. An ech muss effektiv soen, en Tram matten an enger Stad bauen, dat gëtt en zolitte Chantier, an dat gëtt natierlech och eng Rei Suergen, an eng Rei Problemer. An do muss ee sech ganz, ganz sérieux drëm bekëmmeren, an do muss een och op all déi Froen, déi d’Leit engem stellen, notamment d’Geschäftsleit, kënnen Äntwerten hunn, fir datt si och während där Chantiersphas awer nach kënnen hir Geschäfter weiderféieren.

An ech mengen, datt mir deen Dialog, dee mir schonn ugefaangen hu mat deene Concernéierten, elo an enger accentuéierter Form zesumme mat der Stad Lëtzebuerg musse weiderféieren, fir deenen Ängschten, an deene Problemer och Léisungen zoukommen ze loossen.

Dat ass wat ech drop äntwerten: e groussen Dialog deen elo muss stattfanne fir ze explizéiere wat mir maachen, wéini mir et maachen, a firwat mir et maachen.

Corinne Folscheid: Dir hutt virdru gesot, datt dat 15 bis 20 Joer, vläicht esouguer méi laang kann daueren, bis déi ganz nohalteg Mobilitéit do fonctionnéiert. Mä sti mir dann net schonn erëm viru neien Erausfuerderungen, well ech mengen de Verkéier gëtt jo net manner, mä wahrscheinlech ëmmer méi?

Claude Wiseler: Jo, ech wëll soen, Dir hutt elo 10, 15, 20 Joer genannt, den Tram soll tëscht 2014 an 2017 gebaut ginn, deen dauert net esou laang, dee soll 2017 an de Planifikatiounen [gëtt ënnerbrach]

Corinne Folscheid: Neen, mä dat ganz Konzept am Fong.

Claude Wiseler: Dat ganzt Konzept selbstverständlecherweis brauch wiesentlech méi Joere fir ganz en Place gesat ze ginn. Dat empêchéiert eis awer net elo schonn eng ganz Rei Saachen ze maachen. Mir sinn d’ailleurs elo och schonn amgaange verschidden Elementer dovunner ze bauen.

Natierlech sinn d’Evolutiounen déi an deenen nächste Joere kommen, muss ee mat a Rechnung huelen. Mir hunn och schonn, wa mir dat Konzept entwéckelen, Evolutiounen esou wäit wéi mir si kënne virausgesi mat eragerechent. Mir hunn Zuele mat eragerechent, mir hunn an deene Plans sectoriels, déi mir Aménagement du territoire maachen, och gekuckt wéi d’Evolutiounen am Land kënnen an deenen nächste Joere geschéien, wou Aarbechtsplazen, op wat fir enge Plaze se kënnen entstoen, wéi se kënnen entstoen, wéi ee kann dohinner kommen. Esou wäit wéi mir et elo gesinn, hu mir dat alles mat agerechent.

Déi Evolutiounen déi mir elo net gesinn, mengen ech awer, datt d’Konzept flexibel genuch ass fir och Äntwerten ze fannen, déi sech an der Logik vun deem Konzept do erëmfannen.

Fir Iech just ee Beispill ze nennen. Et gëtt jo ganz oft gesot, den Tram ass net flexibel, et hätt ee besser e Bussystem ze maachen, dee wier méi flexibel. Mä mir wëssen awer wou an der Stad Lëtzebuerg an deenen nächste Joeren Aarbechtsplazen entstinn. Mir wëssen, datt mir nach ëmmer Aarbechtsplazen op der Gare an am Zentrum hunn. Mir wëssen datt de Kierchbierg, an de Ban de Gasperich an deenen nächste Joeren nach wäerte grouss Entwécklunge fannen. Mir wëssen datt hannendrun de Findel an Hollerech entwéckelt gëtt.

Mir wëssen also, wou an deenen nächsten 10, 15, 20 Joer hei an der Stad Aarbechtsplaze wäerten entstoen. A genee dohinner wäert och den Tram féieren, genee op déi Plaze wäert en desservéieren, esou datt déi esou genannte Flexibilitéit am Fong eppes ass wat mir net brauchen, well mir wëssen, datt am Stadzentrum, um Kierchbierg, um Ban de Gasperich, zu Hollerech, um Findel, datt mir en einfach do brauchen, néierens anescht. Déi Gebitter gi jo net déplacéiert, et ass do wou d’Entwécklung an deenen nächsten 10, 15, 20 Joer wäert geschéien, an dofir musse mir d’Mobilitéit op déi Plaze bréngen.

Corinne Folscheid: Ass do net och vläicht e bëssen och e Mentalitéitswiessel bei de Leit och verlaangt?

Claude Wiseler: Jo, ech mengen, datt d’ëffentlech Mobilitéit an d’Benotze vun der ëffentlecher Mobilitéit nach bei ville Leit e Mentalitéitswiessel wäert verlaangen.

Mä ech soen awer och hannendrun, e Mentalitéitswiessel dierf een net vun de Leit verlaange wann een net déi Offer mécht déi hinnen erlaabt och den ëffentlechen Transport ze huelen.

An ech sinn absolut iwwerzeegt dovun, datt wa mir d’Offer bis maachen, wann déi Offer qualitativ gutt ass, datt dann dee Mentalitéitswiessel automatesch geschitt.

Mir stellen elo fest, datt wa mir op de Bussen, oder um Zuch, wa mir do bäisetzen, méi Quantitéit, méi Offer, méi Kapazitéit, datt mir sofort déi besat kréien. Mir haten an deene leschte 5 Joer 20%, 25% Augmentatiounen, an iwwer 30% um Bus an um Zuch. All Kéier wou mir Kapazitéit bäigesat hunn, si war sofort vun de Leit benotzt. Esou datt déi Ëmstellung och fir mech eppes Automatesches ass, wann d’Offer korrekt ass.

Corinne Folscheid: Elo ass et jo esou, datt duerch d’Spuermesuren eng ganz Partie Projete gestrach goufen, anerer elo emol op Äis geluecht, déi sollen da spéider vläicht realiséiert ginn. Wéi e Choix hutt Dir do och missen treffen? A gëtt et och e Projet wou et Iech besonnesch schwéier gefall ass fir deen ze sträichen?

Claude Wiseler: Selbstverständlech hu mir eng Rei Choixe missen treffen. An et ass ganz kloer, mir hunn net méi all Méiglechkeeten, de Finanzminister huet kloer an däitlech gesot, datt och muss op den Investissementer gespuert ginn, an ech sinn och mam Luc Frieden 100%eg d’accord domat.

Wann een dat awer mécht dann – an eng Rei Projeten net méi kann, oder net elo ka bauen – da muss een Décisiounen huelen déi och novollzéibar sinn. An et muss een och kënnen dobaussen erklären, firwat een hei Nee seet, a bei engem anere Projet Jo seet. An dat hu mir wierklech probéiert och esou ze maachen, logesch un déi Dossieren erunzegoen.

Mir bauen elo eng Rei vun administrative Gebaier, ob dat Ponts & Chaussées-Gebaier sinn, ob dat Douanesgebaier sinn, ob dat Centres douaniers sinn, baue mir net an deenen nächste Joeren. An et ass mir schwéier gefall Ponts & Chaussées-Gebaier net ze bauen, well déi Administratioun mir noläit, a well ech och weess datt se nei Gebaier brauchen. Mä dat geet awer elo net.

Mir hunn décidéiert déi Gebaier net ze bauen, mir hunn awer och ganz kloer gesot, datt mir alles wat am Schoulbau ass an deenen nächste Joere ganz einfach wëlle maachen, well mir d’Evolutioun vun de Schülerzuele gesi wéi se weidergeet, Joer fir Joer, a well mir déi Infrastrukture brauchen.

Mir hu beim Stroossebau ähnlech Décisioune geholl. Eng Rei Échangeuren déi momentan flott wiere wa mir se hätten, mä awer wéinst der Kapazitéit, a wéinst der Sécherheet net onbedéngt gebraucht ginn, déi hu mir ewech geholl, An anerer wou mir soen, do hu mir réellement eng Sécherheetsfro drop, an déi musse mir bauen aus Sécherheetsgrënn, déi hu mir stoe gelooss.

An da soen ech hannendrun, ech kréie ganz vill Reaktiounen iwwer de Fait, datt mir d’A3, d’Autobunn op dräi Piste ausbauen an der Richtung Lëtzebuerg, an net an der Richtung Frankräich, tëscht der Aire de Berchem an der Croix de Gaasperech. An do soen d’Leit, ma hutt dir se dann nach all, firwat op där enger Säit, net op där anerer Säit, mir verstinn dat net, et ass dach eng komesch Décisioun.

Ech verstinn, datt een dat och esou seet, mä d’Explikatioun ass awer relativ, relativ einfach. Mir hunn, wann Dir kuckt, wann een a Richtung Stad Lëtzebuerg fiert, hannert der Aire de Berchem hu mir eng Autobunn déi vun dräi Pisten op zwou Pisten zréckgeet. Mir hunn op där anerer Säit eng Benzinsstatioun wou och eng Piste relativ no beieneen op d’Autobunn erakënnt. Dat heescht, mir ginn an enger ganz kuerzer Distanz vu 4 op zwou Pisten zeréck. An dat ass nun einfach eng Situatioun déi net ideal ass, déi geféierlech ass. An dofir soe mir, déi Säit musse mir et maachen.

Déi aner Säit hu mir zwar grad esou vill Autoen, mä et geet awer en continu, a mir hunn net déi geféierlech Situatioun wéi op där enger Säit. An dofir deen do Choix.

Mä wann een et esou explizéiert, a wann ech Zäit hu fir et esou ze explizéieren, da versteet een dat och. An ech weess, datt d’Décisioun net einfach verständlech war, wann een d’Explikatioun net hannendrun huet.

Corinne Folscheid: Ënnert d’Spuermesurë fält jo och, datt den Échangeur Léiweng virleefeg net gebaut gëtt, dofir awer dee vu Wickreng. Och do vläicht d’Fro, firwat deen een, net deen aneren?

Claude Wiseler: Jo, ech si frou déi Geleeënheet ze hunn. Et ass effektiv den Échangeur vu Léiweng, wann een elo einfach de Besoin op der Autobunn kuckt, dann ass dat en Échangeur deen noutwenneg gëtt wa mir d’Dräispueregkeet ganz géinge maachen, mä deen elo vu senger Kapazitéit, a vu senger Sécherheet net onbedéngt muss frësch gemaach ginn.

Wann een awer Steebrécken kuckt, dat heescht dee bei Wickreng, wann een den Échangeur Steebrécken kuckt, da gesäit een, datt dat en Échangeur ass wou och nach just op där enger Säit elo nach eng Tankstell ass, op där anerer Säit eng war, déi hu mir awer schonn aus Sécherheetsgrënn ewechgeholl.

Dat heescht, Dir hutt eng relativ ontransparent Situatioun, well Dir vill op enger kuerzer Distanz vill Entréeën a Sortien hutt, Dir jo gesitt, datt mir op där enger Säit schonn ugefaangen hunn d’Station d’essence ze déplacéieren. Dir wësst och, datt mir och do net op d’Autobunn momentan erakommen, mä dee ganze Verkéier mussen duerch d’Uertschaft féieren, fir dann e puer honnert Meter méi erop op d’Autobunn eranzeféieren.

D’ailleurs. wann Dir déi Entrée bei der neier Benzinsstatioun a Richtung Lëtzebuerg kuckt, wéi déi momentan leeft, wien déi scho gefuer ass dee weess, datt déi absolut net evident ass, an datt mir déi mussen och aus Sécherheetsgrënn changéieren. An dat sinn d’Explikatiounen déi einfach aus verkéierstechneschen Ursaachen de Steebréckener Échangeur als wiesentlech méi eng grouss Noutwennegkeet dohinner stelle loossen, dee musse mir direkt maachen, ganz einfach aus deene Grënn.

An dann aner Grënn hannendru sichen, wéi Léiweng-Wickreng, an dann déi ganz Problematik vum Centre commercial do eraschreiwen, dat kann ee maachen, mä dat ass awer net d’Explikatioun.

Corinne Folscheid: Mir enchaînéieren awer elo trotzdem mat enger Fro, wou e bëssen an déi Richtung do geet. Dee geplangte Futtballsterrain suergt jo fir ganz vill Diskussiounen, gëscht huet de Premier Jean-Claude Juncker am RTL-Interview reagéiert. E sot, et wier zu kengem Moment op iergend een do Drock gemaach ginn, weder op ee vun de Promoteuren, nach op eng Spuerkeess.

Elo ass den 13. Juni virgesinn, datt d’Affaire an der Chamber nach eemol zur Sprooch kënnt. Wéi eng Roll spillt d’Politik an där ganzer Affaire, Här Wiseler?

Claude Wiseler: Also wann ech dierf e puer Remarquë maachen iwwer deen do Dossier, well ech muss Iech soe wéi deen Dossier traitéiert gëtt, wat hei gesot gëtt, a wat hei behaapt gëtt, dat ass awer heiansdo trotzdem erstaunlech.

Ech wëll, wann Dir erlaabt, ech wëll Iech e puer Beispiller ginn.

Fir d’éischt emol, wann ee sech drun erënnert, wéi ass dat Ganzt ugaangen? Mir haten, wéi deen Dossier do ugefaangen huet, e Promoteur zu Wickreng dee wollt do eng rise Surface commerciale bauen. Deen hätt och am Prinzip d’Autorisatioun dofir gehat, an den Inneminister konnt him dee Bau net verbidden, net juristesch verbidden. Dunn huet sengerzäit jiddweree sech opgereegt a gesot, dat do ass net konform zum Aménagement du territoire, dat kënne mir dach net zu Wickreng maachen. An et hu sech haaptsächlech déi opgereegt sengerzäit géint Wickreng, déi elo genee de Contraire soen, an déi sech elo ëm déi ganz Solutiounen hei bekloen. Mä déi Leit hate sengerzäit Recht, well Wickreng, dee grousse Centre commercial, deen huet net op déi do Plaz gepasst, an d’Regierung war och der Meenung, datt aus Aménagement du territoire-, aus landesplaneresche Grënn en net gutt op där Plaz wier.

Mir haten awer keng juristesch Upak, dofir ass décidéiert ginn, an do ware sämtlech Politiker domat d’accord, datt d’Regierung soll aktiv ginn, datt se soll an eng Diskussioun mat de Promoteuren triede fir hir Positioun ze erklären, a fir ze probéieren en Accord ze fannen, datt dat do sollt op enger anerer Plaz gebaut ginn. Dat war sengerzäit awer d’Demande vu jiddwerengem. Haut kritt een dat reprochéiert.

Déi Zäit huet den Inneminister, an den Ekonomiesminister déi Diskussiounen ugefaangen, déi sinn zu Conclusioune komm, an haut gëtt gesot, well se déi Diskussioune gemaach hätten, si hätten, respektiv d’Regierung hätt hier Pouvoiren iwwerschratt, an dat wier alles net gutt.

Also, et muss een awer wësse wat ee wëll. An et muss een och wéineg an der Continuitéit vun der Geschicht a vu senger eegener Geschicht konsequent bleiwen. Dat ass dat éischt.

Dat zweet wat ech dann héieren – ech soen dat, well dat och mäin Departement e wéineg ugeet – ech liesen an Avis juridiques, an deem wat d’Oppositioun seet, datt et elo d’Situatioun wier, datt hei d’Promoteuren déi wéilte bauen all Prozeduren net méi bräichten ze maachen, datt d’Regierung all Prozeduren ausser Kraaft gesat hätt.

An ech muss soen, dat sinn Aussoen, déi sinn awer net, wierklech net sérieux. Also ech war selwer a verschiddene Chamberkommissiounen, den 19. Mee 2010, de 5. Oktober 2011, et war jo déi, déi grouss op der Télé iwwerdroe ginn ass [gëtt ënnerbrach]

Corinne Folscheid: Déi ëffentlech war.

Claude Wiseler: Déi ëffentlech war.

Ech hunn d’Questions parlementaires vum Här Berger notamment kritt, wou ech en long et en large gesot hunn, erkläert hunn, datt all Prozeduren, all Prozeduren op dee leschte Komma missten an deem engen an an deem aneren Dossier respektéiert ginn, ob dat elo déi Gemengeprozeduren ass vum Ëmklassement, ob dat d’Ëmweltautorisatioune si mat Enquêtes publiques, ob dat d’Autorisatioun vun der Gestion de l’eau sinn, ob datt d’Autorisations de commerce sinn, ob dat de Commodo/Incommodo ass, ob dat d’Baugenehmegunge sinn – alles muss gemaach ginn, an all Autorisatioun muss kommen. Kënnt eng Autorisatioun net, da kann de Projet net gebaut ginn.

Dat hunn ech esou gesot, vläicht net an deem Toun, mä awer mat deem genee deem selwechten Inhalt wéi ech et elo hei soen. Dat hu mir geschriwwen a Questions parlementaires. An da kréien ech elo gesot, d’Regierung géif all déi Prozeduren ausser Kraaft setzen. Ma dat ass dach net sérieux dat Ganzt.

Also, ech mengen et kann een diskutéieren ob een d’accord ass oder net d’accord ass mat engem Projet, mä et muss ee sech awer un d’Sachlag halen, an d’Sachlag ass déi do. An déi Sachlag ass ëmmer tel quel, an esou an d’selwecht gesot ginn, ni anescht. Dat ass an alle Kommentaren nozeliesen, Dir braucht nëmmen Är Filmer vun deene parlementareschen Ausschüss do nozelauschteren, fir ze soe wéi kloer an däitlech mir et gesot hunn.

An eng drëtt Saach ass, elo héieren ech dann, datt d’Regierung ni gesot hätt, datt och Investissementer misste gemaach gi fir wa Léiweng géing kommen.

Mä, ech weess net wou déi Saachen do all hierkommen. Ech weess net wou déi Saachen hierkommen. Well mir hunn an allen Diskussioune gesot, datt wann e Centre commercial op Léiweng géing kommen, deen Échangeur Léiweng misst ëmgebaut ginn.

Ech war an der Chamberkommissioun wou mir d’Pläng gewisen hunn, mir hu gesot, datt wann dee méi grouss misst gebaut ginn, well e Centre commercial kënnt, da misst de Promoteur déi Partie bezuelen déi méi grouss géing gebaut ginn.

Mir hu gesot, mir missten eventuell eng Haltestatioun vum Zuch bauen op där anerer Säit. Mir hunn d’Präisser dovun uginn. Et ass en Tableau dee mir an der Chamberkommissioun ofginn hunn, deen och publizéiert ginn ass an deenen Dokumenter. Et loung säit Méint, säit Joeren alles um Dësch.

Elo halen ech op, well d’Zäit eis fortleeft, et wier nach esou vill driwwer ze soen, mä Dir gesitt awer, datt et mech opreegt, well ech einfach, ech diskutéieren deen Dossier gären, mä ech hätt e gären an der Sérénitéit vun enger Diskussioun déi objektiv ass. An ech hunn d’Impressioun datt mir déi haut hei net hunn.

Corinne Folscheid: Dowéinst gëtt jo elo och nach eng Kéier dann den 13. Juni an der Chamber driwwer diskutéiert. Mir diskutéieren duerno virun, am zweeten Deel vum Background. Elo fir d’éischt maache mir awer Plaz fir de Mëttesjournal.

[Noriichteniwwerbléck vum Pierre Reyland]

Corinne Folscheid: Mir hu scho virdrun vill iwwer d'Mobilitéit geschwat. Äre groussen Dada, Projeten déi d'Affer vun de Spuermesurë goufen. Projeten déi vill ëmstridde sinn. Stéchwuert do Léiweng, Wickreng. En anere grousse Projet, de Ban de Gasperich, och iwwer dee gëtt jo ganz vill geschwat. An Dir hutt schonn e puer Mol drop higewisen, datt et Ärer Meenung no awer wichteg ass, datt deen dote Quartier an der Stad realiséiert gëtt. Déi Meenung deelt awer net jiddwereen. Firwat ass et awer wichteg?

Claude Wiseler: Ech mengen, et muss ee jo einfach gesi wou d'Stad sech kann an deenen nächste Joeren entwéckelen. An do gëtt et net 100 Léisungen. De Kierchbierg muss sech entwéckelen an no der Entwécklung vum Kierchbierg ass natierlech nei Entwécklungsgebidder wéi de Ban de Gasperich ganz einfach eng Noutwennegkeet.

Ech fannen, datt dee Programm dee vun der Stad Lëtzebuerg zesumme mat eise Servicer do gemaach ginn ass e flotte Programm ass, e flotten Deel vun der Stad, wou sech Wunnen a Schaffen a wou sech Fräizäit gutt mateneen deele léisst. An ech mengen, mir mussen einfach an d'Zukunft kucken an de Ban de Gasperich ass een Deel vun der Zukunft vun der Stad.

Corinne Folscheid: Wéi steet et do och mat den Terrainen? Dem Stat gehéiert jo schonn eng grouss Majoritéit dovun, awer net alles. Wou sinn do d'Prozeduren drun?

Claude Wiseler: Also dem Stat gehéiert e groussen Deel vun deenen Terrainen déi hie brauch fir d'ëffentlech Strukturen ze maachen, zesumme mat der Stad Lëtzebuerg. An do feelt nach een Terrain. D'Stad Lëtzebuerg ass chargéiert fir deen Terrain ze kafen. Ech menge si hu mat deem Propriétaire wou d'Terrainen nach feele si se an Diskussioun. Ech weess elo net wéi dat ausgeet. Ech hoffen, datt mir déi esou schnell wéi méiglech kënne kréien, an da lass fueren. Also ech wëll wierklech bauen, ech wëll wierklech datt et lass geet, ech wëll wierklech, datt déi Stad sech kann entwéckelen.

Corinne Folscheid: Wou och ganz vill gebaut gëtt ass de Moment op Belval. Dës Woch haten déi Responsabel vun Agora, also déi Sociétéit déi jo fir d'Entwécklung vum Site zoustänneg ass, Bilan gezunn. Si hunn och en Ausbléck op d'Zukunft gemaach. Si soen, déi Zukunft déi wier ganz roseg. Ass deem esou?

Claude Wiseler: Also, fir mech ass et jo erstaunlech. All Kéiers wann ech op Belval kommen, dann ass et changéiert. Well esou vill do gebaut gëtt, esou vill do gemaach gëtt, datt dat e Quartier ass, deen alleng schonn duerch d'Bauaarbechte lieweg ass.

Deen hat jo am Ufank déi eng oder aner kleng Schwieregkeet, mä ech soen awer kloer, elo hu mir d'Schoul opgemaach, do kënnt an deenen nächsten 2, 3 Joer d'Uni dohinner, a wa mir dat Liewe bis all do hunn, dann ass déi Entwécklung vun deem Quartier net méi ze stoppen. Ech hu grouss Hoffnung, datt dat en immens flotte Quartier gëtt, datt do sech Wunnen a Schaffen op eng ideal Aart a Weis maache léisst.

An d'Dezentralisatioun vun eisem Land heescht eben, datt mir niewent der Stad Lëtzebuerg och am Süden, zu Esch/Belval, respektiv am Norden, an der Nordstad déi Entwécklung do ënnerstëtzen a pousséieren. Dat ass geliefte Landesplanung. Et ass dat wat mir maachen.

Corinne Folscheid: Dir sot elo Landesplanung. Och do kéint een eng ganz Emissioun driwwer maachen. Vläicht just ganz kuerz, Dir sidd jo och zoustänneg fir den Aménagement du Territoire, wou ass déi Landesplanung aktuell drun?

Claude Wiseler: Ma momentan si mir amgaang haaptsächlech ze kucken, datt dat neit Gesetz iwwer d'Landesplanung ka gestëmmt ginn. Mir hunn do scho ganz vill an der Chamberkommissioun dru geschafft.

An esoubal dee Gesetzestext gestëmmt ass, da si mir à même déi 4 Plans sectoriels ze déposéieren déi an der Landesplanung eisen Territoire organiséieren, an déi Äntwerte ginn op d'Froen, wou gëtt an Zukunft geschafft, Plan sectoriel d'activités, wou gëtt an Zukunft gewunnt, Plan sectoriel logement, wéi kommen ech vum Schaffen op d'Wunnen, Plan sectoriel transport, a wou bleiwe gréng Gebidder an eisem Land, fir datt ech déi natierlech Qualitéit och kann erhalen? Dat ass de Plan sectoriel dee sech ëm d’Grands ensembles paysagers bekëmmert.

Déi 4 Plans sectoriels ginn dann direkt no deem Gesetz déposéiert, an dann hu mir wierklech e landesplanereschen Instrumentarium, deen eis an d'Zukunft ka bréngen a mat deem mir déi Schéinheet vun eisem Land op där enger Säit, an op där anerer Säit awer och déi Weiderentwécklung vun eisem Land kënne steieren.

Corinne Folscheid: Sidd Dir heiansdo frustréiert, wann emol Projeten net esou weider kommen? Ech mengen, Dir sidd e ganz ambitiéise Mënsch deen hannert senge Projeten steet. Sidd Dir do heiansdo frustréiert?

Claude Wiseler: Heiansdo? Vill, oft. Jo, selbstverständlech, ma op där anerer Säit hu mir eng Rei Prozeduren, et muss een se anhalen. Ech hätt gär, datt alles soll méi schnell goen, ech géing gär alles direkt maachen. Wësst Dir, 5 Joer an esou engem Ministère ass zwar laang, mä op där anerer Säit fir eppes ze realiséieren a fir Bauten ze maachen ass et awer schlussendlech eng kuerz Zäit. Dofir sinn ech heiansdo frustréiert, mä wéi gesot mir sinn op där anerer Säit och amgaang ze kucken fir déi Prozeduren anescht unzepaken, fir se an de Grëff ze kréien.

Corinne Folscheid: Do hat jo och de Premierminister am État de la Nation annoncéiert, datt do jo soll eng Table ronde gemaach ginn, wou soll gekuckt gi mat de verschiddenen Acteuren, wéi déi Prozeduren kënne vereinfacht ginn. Simplificatioun vun de Prozeduren. Dacks kréie Projeten e Retard, eben duerch déi ganz Prozeduren. Och duerch Ëmweltschutzbestëmmungen. Wéi eng Erfahrunge maacht Dir do?

Claude Wiseler: Also, et ass jo ganz komplex dat Ganzt. Et geet jo drëm, op där enger Säit e gudden Ëmweltschutz ze maachen, well och dat ass jo wiesentlech. Et geet awer och drëm fir eist Land sech entwéckelen ze loossen, et geet drëm fir an der europäescher Gesetzgebung ze bleiwen, déi ganz contraignant ass, an et muss een och kucken, datt een all déi Interferenze vun deenen do Saache matenee ka behandelen.

Mir hunn an de leschter Zäit, de Marco Schanck an ech, eng ganz Rei vun deene Reformen do gemaach.

Mir hunn zum Beispill d'Gesetz iwwer de Commodo/Incommodo frësch gemaach. Et wäert och elo e Règlement grand-ducal an deenen nächste Méint kommen, wou nei Klassen am Commodo/Incommodo gemaach ginn. Do sinn d'Prozedure wiesentlech vereinfacht ginn.

Et kënnt dat neit Gesetz iwwer den Aménagement du territoire, wou och d'Prozedure wiesentlech vereinfacht ginn.

Et kënnt och en neit Gesetz, en neit Offallgesetz wat elo kuerz gestëmmt ginn ass, wat elo an Applicatioun gesat gëtt, och do sinn d'Prozedure vereinfacht ginn.

Mir hunn virun e puer Joer en neit Gesetz iwwer d'Prozedure gemaach, wéi een d'Enquêtë bei grousse Bauprojeten mécht. Och do sinn d'Prozedure vereinfacht ginn.

An elo kënnt da schlussendlech déi Table ronde hannendru fir ze kucken, wat muss nach, wat kann nach alles gemaach gi fir dee Problem do besser an de Grëff ze kréien. Mir brauchen eng Rei Prozeduren, mä si mussen esou sinn, datt et sech domat liewe léisst. An elo si jo nach, malgré de Fait datt ganz vill gemaach gëtt, eng Rei Kloen. An et geet drëm am Hierscht kloer ze stellen, wat déi Punkte si wou de Schung nach dréckt, wou et wéi deet, datt mir déi och nach kënnen an de Grëff kréien.

Corinne Folscheid: Ech mengen, eng Prozedur déi Iech och ganz ferm um Mo läit, ass déi wou de Bypass Helleng betrëfft. All Dag fueren Honnerte vun Automobilisten do doduerch. Et ass och net ëmmer déi ganz sécherste Plaz. Et hat geheescht, dat lescht Stéck Saarautobunn kéint geschwë gebaut ginn. Wéi ass et dann elo domat?

Claude Wiseler: Jo, ech hat dat och gehofft, datt mir relativ kuerzfristeg kënnen ufänken, well mir och a mengen Aen dee leschten Deel vum Prozess gewonnen haten. D'lëtzebuerger Gesetzgebung gesäit net méi vir, datt een nach géint dee Prozess dee mir elo gewonnen haten – dat heescht, mir kruten deen Terrain mise à disposition, also et war korrekt ëmfonnt ginn, déi Prozedur déi mir gemaach hunn. An elo ass et awer esou, datt malgré de Fait, datt d'lëtzebuerger Gesetz seet, datt keen Asproch méi méiglech ass, awer nach Asproch erhuewe ginn ass vun deene Leit, respektiv vun hirem Affekot, deenen den Terrain gehéiert. An et muss elo befonnt ginn, ob dat da geet oder net geet.

Ech simpliféieren elo e wéineg, mä dat ass do wou mir mat der Prozedur dru sinn.

Also ech muss soen, ech ka villes verstoen. Mä hei soen ech, et ass awer en Acharnement an e sech drun halen, fir datt de Stat deen Terrain net soll kréien, deen awer a mengen Aen, réellement problematesch ass. Et ass jo net nëmme well ech déi Strooss do wëll fäerdeg maachen. Dat ass elo mäi mannste Problem. Mä mir hunn awer all Dag, all Dag Stauen do. Mir hunn eng potentiell geféierlech Situatioun do a mir mussen dat Stéck do bauen. An ech verstinn net, firwat mir dauernd a Prozeduren do verwéckelt ginn, a firwat där Saach do keen Enn gemaach gëtt. Mir brauchen deen Terrain, mir mussen déi Strooss do bauen, an dat muss elo iergend eng Kéier Schluss sinn.

Corinne Folscheid: D'Nordstrooss, eng weider neverending story. Do hunn och 2 Mol misse finanziell Rallongë gestëmmt ginn. De Projet gouf um Enn vill méi deier wéi initialement gerechent gi war. Et gëtt dacks gesot, déi deierst Strooss aus dem Land [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Dat ass och esou.

Corinne Folscheid: Wéini soll se da fäerdeg sinn?

Claude Wiseler: Majo, d'Chantiere lafen elo relativ gutt, mä ech gesinn elo kee Grond firwat dat net méi soll stëmmen. Mir sollen de Bau 2014 ofschléissen, duerno kommen nach eng ganz Rei Méint Testphasen, well dat si jo awer duerch déi Tunnelle ganz komplizéiert Sécherheetsanlagen déi do mussen agebaut ginn. Déi musse getest ginn. Déi musse gekuckt ginn, datt se all Evenement och Rechnung droen, net datt mir do Schwieregkeete kréien.

Déi wäerten e puer Méint bis en halleft Joer daueren, esou datt déi Strooss 2015 spéitstens kann opgoen.

Ech soen elo deen Datum, ech ginn och dovunner aus, datt dee stëmmt. De Chantier leeft ouni e Pépin, an ech gesinn net firwat mir deen elo net kéinten anhalen, ausser gréisser Katastrofen.

Corinne Folscheid: Gutt.

Claude Wiseler: Wat mir just Leed deet, dat ass, datt dat no dem Enn vun der Legislaturperiod ass, well ech hätt se nach an dëser Legislaturperiod schrecklech gär ageweit. Bon, et ass eben esou.

Corinne Folscheid: Mä gi mir vläicht nach kuerz vun der Strooss e bësse méi erop an den Himmel. Ënner Är Kompetenz fält jo och de Flughafen. Am Oktober kënnt mat EasyJet elo eng bëlleg-Fluggesellschaft op Lëtzebuerg. Nach gëschter hat Dir och an deem Kontext eng Entrevue mam OGB-L. Wéi d'Gewerkschafte soen, hätt esou eng Gesellschaft och negativ Repercutiounen op d'Aktivitéite vun der Luxair. Mä hätt Dir iwwerhaapt esou enger Gesellschaft kënne verbidde fir heihinner ze kommen?

Claude Wiseler: Neen. Also ech mengen, dat muss ee wierklech emol eng Kéier ganz kloer soen. Mir hunn e Flughafen hei zu Lëtzebuerg deen 2 Millioune Passagéier d'Joer huet. Mir hu Kapazitéite vun 3,6 Millioune Passagéier. D'europäesch Gesetzgebung déi erlaabt eis net, eng europäesch Fluggesellschaft hei ze refuséiere wann se d'Autorisatiounen an d'Lizenzen huet fir um europäeschen Himmel ze fléien.

EasyJet ass eng vun deene ganz groussen europäesche Gesellschaften. Mir si se net siche gaangen, mir hu se net gefrot, mir ginn hinne keng Avantagen. Si hu gefrot fir heihinner ze kommen a si soen eis, well Lëtzebuerg eben attraktiv ass géinge se gär op Lëtzebuerg kommen.

Mir hunn effektiv alles gemaach, fir datt mir attraktiv solle sinn, an et ass jo och gutt, datt mir attraktiv sinn. Elo si mir et, elo kënnt EasyJet. Mir kënnen net empêchéieren, datt esou eng Fluggesellschaft hei lant. Si maachen dat, si maachen elo e Vol op London-Gatwick op. Dat ass e Flughafen dee mir nach net ugeflu sinn. Quitt datt schonn aner Gesellschaften, notamment d'Luxair, op London flitt. Si fléien awer de London-City un, wat en aneren Flughafen ass.

Elo muss ee kucke wéi et weider geet. Also ech verstinn all déi Besuergnisser déi sech dorauser stellen. Et gëtt Chancen an et gëtt Froen a Problemer. D'Chance ass, wann eng Gesellschaft nei Destinatiounen uflitt, déi mir net hei zu Lëtzebuerg hunn, dann ass dat mengen ech positiv fir eis. Wann awer eng Gesellschaft op deene Strecken déi d'Luxair oder aner Gesellschafte fléien, just Konkurrenzflich mécht, dann entstinn eng Rei Problemer.

An da muss ee kucken, de Staat ass jo och Aktionär vun Luxair, da muss ee kucke wéi ee sech mat der Luxair opstellt fir där Konkurrenz ze begéinen, a fir déi noutwenneg strategesch Schrëtt ze maachen, datt een an deem Konkurrenzkampf och säi Mann ka stellen. An dat musse mir dann och maachen.

Souwisou ass den europäeschen Himmel momentan e ganz schwieregen Himmel mat ville Wolleken dran, a wou och d'Iwwerliewen an de Konkurrenzkampf tëscht deenen eenzelne Gesellschafte ganz hefteg gëtt. An d'Luxair muss sech do opstellen an de Stat steet och do hannert der Luxair, datt se dat packt.

Corinne Folscheid: Wéi ass et eigentlech bei Iech mam Fléien? Hutt Dir alt dacks Zäit fir ze fléien? Och virun allem an d'Vakanz.

Claude Wiseler: Heiansdo. Heiansdo, jo selbstverständlech muss ech och vill berufflech fléien, mä ech probéieren awer och heiansdo auszeschalten.

Corinne Folscheid: Op dëser Plaz profitéiere mir jo och regelméisseg vun der Geleeënheet fir eisen Invité och emol bësse vu senger privater Säit kennen ze léieren.

Här Wiseler, wann ech Ären Alter däerf soen, 52 Joer al. Dir sidd bestuet, Papp vun 3 Kanner. Wéi wichteg ass d'Politik bei Iech doheem? Ëmmerhin ass Är Fra jo och politesch engagéiert. Si sëtzt fir d'CSV am Stater Gemengerot. Ass d'Politik en Thema bei Iech doheem?

Claude Wiseler: Noutgedrongenerweis ass et en Thema. Mä am Fong, wann Dir dat elo esou beschreift, da mengt ee mir géifen doheem nëmmen iwwer Politik schwätzen. Mä dat ass awer wierklech net wouer. Also, mir hunn 100 aner Gespréichssujeten, iwwer d'Kanner, mir kommen allen 2 aus dem Enseignement, aus der franséischer Literatur, wou mir allen 2 studéiert hunn, esou datt mir do Gespréichsthemen hunn déi, muss ech soen, awer bal 90% vun eisem deeglechen ausmaachen. An d'Politik huet do e klengen Deel.

Corinne Folscheid: Virun Ärer Zäit als Minister waart Dir vun 1995 bis 2000 Generalsekretär bei der CSV. 1999 gouft Dir dunn eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt. Vun 2000 bis 2004 waart Dir Schäffen an der Stad Lëtzebuerg. Wat huet Iech do bis elo am beschte gefall? Dat méi no sinn um Bierger als Gemengepolitiker, oder elo awer Är Fonctioun als Minister?

Claude Wiseler: Dat ass elo eng schwiereg Fro. Also, am Fong hunn ech schrecklech gär all Beruff gemaach deen ech bis elo hat. Ech war immens frou an der Schoul, als Enseignant, duerno op de Ministèren als Fonctionnaire. Et war eng flott Aarbecht, well ech och mat flotte Schäffe, mat der Madame Jacobs an dem Här Boden sengerzäit, zesumme geschafft hunn. Déi Aarbecht am Schäfferot, dat war wierklech eng Aarbecht beim Bierger, an de Quartieren, wou een all Detail huet misse kennen, op all Fro direkt huet missen äntwerten. Dat huet mir enorm gefall.

An dat hei ass natierlech elo e passionnanten Job, well een awer d'Impressioun huet, notamment an dem Bauteministère oder am Transportministère, datt ee kann direkt Saachen ëmsetzen déi noutwenneg sinn. Ech sinn am Fong do a mengem ganze Beruffsliewen extrem combléiert gewiescht vun deem wat ech hunn dierfe maachen.

Corinne Folscheid: Wéi sidd Dir eigentlech bei d'Politik komm?

Claude Wiseler: Ech weess et am Fong net. Well et ass jo am Fong de Wee vum Proff sinn, vun der franséischer Literatur op d'Politik ass elo een deen net dee logeschsten ass, mä dat huet mech ëmmer sécherlech interesséiert. Ech hunn och, wéi ech meng Studie gemaach hunn a Literaturwëssenschaften, och ëmmer Dossieren an Themen ausgewielt déi schonn extrem no bei der Politik waren. Et ass einfach aus Intérêt an aus Passioun zur Politik wou ech et zu mengem Beruff gemaach hunn.

Corinne Folscheid: Kéint Dir Iech haut nach virstelle Proff ze sinn?

Claude Wiseler: Jo.

Corinne Folscheid: Amplaz elo Politiker.

Claude Wiseler: Jo, et ass esouguer eppes, muss ech soen, wat mech berouegt. Well ech soe mir, wann ech eng Kéier keng Loscht méi hätt, oder wann ech net méi géing gewielt ginn, oder wat och ëmmer am Liewe ka virkommen, hunn ech nach ëmmer d'Méiglechkeet, d'Chance zréck an d'Schoul ze goen. An et ass eppes wat mech géing freeë fir et ze maachen. Also, au contraire, ech géing et net ongär maachen.

Corinne Folscheid: Basket, mengen ech, ass och sou eng grouss Passioun vun Iech. Äre Fils dee spillt och, ass och nawell bekannt. Hutt Dir gëschter d'Finale suivéiert?

Claude Wiseler: Selbstverständlech, zwar op RTL hunn ech se suivéiert, well ech keng Zäit hat fir dohinner ze goen. Ech hat nach eppes virdrun, mä ech hunn se evidenterweis ganz suivéiert.

Corinne Folscheid: Zefridde mam Ausgang? Oder hätt Dir éischter [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Diddeleng hat elo 2 Mol gewonnen, si hunn d'Coupe gewonnen, elo huet d‘Sparta gewonnen, heiansdo muss en Equiliber och sinn. Obwuel déi Diddelenger eng flott Équipe ass a gutt gespillt hunn, ech wëll hinnen elo net ze no trëppelen. Si hu sech e schéine Match gëschter geliwwert, a bon, et muss ee gewannen.

Corinne Folscheid: Hutt Dir selwer och emol gespillt?

Claude Wiseler: Neen, ech hunn ni gespillt. Ech war President vun der Federatioun virun enger Rei Joeren, mä et ass duerch d'Kanner, en fin de compte meng 3 Kanner hu Basket gespillt, wou ech all Samschdes op den Terrainen war, fir d'Auer ze maachen a fir de Bou ze maachen, wou ech de Milieu kenne geléiert hunn, a wou ech op eemol do als President vun der Federatioun gefrot gi sinn. Ech hunn dat eng Zäitche gemaach, mä et ass vill Aarbecht an et mécht een dat. Wann een e Beruff huet als Deputéierten, déi Zäit als Schäffen, dann ass et schwiereg alles ënner een Hutt ze kréien. Dofir konnt ech dat net allzelaang maachen. Mä ech hunn dat och gär gemaach.

Corinne Folscheid: Mä wat sinn dann nach esou Hobbyen, wou fir de Minister Wiseler dann nach e bëssen Zäit bleift?

Claude Wiseler: Also, niewent der Famill ass et kloer, ech probéieren all Dag lafen ze goen aus gesondheetleche Grënn, mä och well ech et gär maachen. Ech liese schrecklech vill. An dann de Sport ginn ech kucke wann Zäit ass, respektiv wann ee vun de Kanner spillt. An dann ass wierklech keng aner Zäit do wéi nach schlofen ze goen.

Corinne Folscheid: Awer och alt Musek, op e Concert goen?

Claude Wiseler: Musek, op e Concert heiansdo. A mir hu jo flott Concerten hei zu Lëtzebuerg, esou datt een net ze wäit muss reese fir flott Concerten ze gesinn.

Corinne Folscheid: An ech war frou, datt Dir haut eisen Invité am "Background – am Gespréich" waart. Villmools merci, Här Wiseler.

Claude Wiseler: Merci.

Dernière mise à jour