Marco Schank au sujet du sommet de Durban sur le changement climatique

Pierre Reyland: Gudde Moien Här Schank.

Marco Schank: Ee schéine gudde Moien.

Pierre Reyland: Här Schank e globale Klimaschutzaccord fréistens 2020, wann iwwerhaapt. Ass dat nach ze rechtfäerdegen, wann ee de wëssenschaftleche Konsens kuckt, dee jo seet, d’Welt bräicht dréngend en Accord fir d’CO2-Émissiounen ze reduzéieren?

Marco Schank: Jo do läit genee de Problem. Deen Accord vun Durban ass e Kompromëss. An ee Kompromëss huet bekanntlech negativ a positiv Säiten.

An deen negativen Aspekt ass ebe sécher deen, datt dat neit Ofkommes gëtt et fréistens 2020, a wéi wäit datt et dann international rechtlech bindend wäert sinn, respektiv wéi eng Ziler datt et wäert hunn, dat ass eben, dat steet nach op.

Mä positiv ass awer sécher, datt een e Verhandlungsmandat krut, fir e globalt Ofkommes.

An dat zweet och, wat jo och eng, wou och d’Europäesch Unioun gesot huet, datt se an déi Richtung wëllt goen, eng zweet Verflichtungsperiod fir de Kioto-Protokoll, datt awer duerch déi Méiglechkeet hei ginn ass, datt mir virukommen.

Pierre Reyland: Wéi Dir sot, de Kioto-Klimaschutzaccord gëtt verlängert. Wat mécht da Lëtzebuerg elo méi fir seng Kioto-Ziler ze erreechen, well déi huet d’Land jo ganz däitlech an där éischter Kioto-Phas verfeelt?

Marco Schank: Also dat éischt ass, datt d’Europäesch Unioun hir Virreiderroll zu Durban gespillt huet, dat ass wichteg, mat Lëtzebuerg dobäi, fir an déi zweet Verflichtungsperiod vum Kioto-Protokoll ze goen.

An op Lëtzebuerg bezunn, mengen ech, datt mir no dem Paquet Klima, deen ech am Mee dëst Joer virgestallt hunn, mir 35 Mesuren hunn, déi mir prioritär wëllen ëmsetzen. An ech rechnen domat, datt de Pakt Klima deen d’nächst Joer wäert an de Gang kommen, de Pakt Klima, d’Konventioun mat de Gemengen zu Lëtzebuerg, datt dat ee Succès wäert ginn, well wann ech nom 9. Oktober d’Schäfferotserklärunge liesen, da weess ech elo schonn, datt eng ganz Partie Gemengen wëllen do konkret matschaffen. An ech denken, datt dat fir de Klimaschutz zu Lëtzebuerg ganz vill wäert bréngen.

Pierre Reyland: Dat heescht, Dir mengt Lëtzebuerg kéint a géif seng Kioto-Ziler erreechen an Zukunft?

Marco Schank: Jo, bein, dat wat mir eis virginn hunn, do probéiere mir alles ze maachen, datt mir do ukommen.

Nach ass et esou, datt ech gären hätt, datt mir och eisem Zweegradzil méi nokommen. Do kënnt ee jo soen, dat ass zu Durban verfeelt ginn, well et awer laang ass bis 2020, mä d’lëtzebuerger Regierung wëllt alles maachen, a mat deenen Instrumenter, déi mir eis elo ginn hunn, respektiv gi wäerten, denken ech, datt mir eis Ziler erreechen.

Pierre Reyland: Dir hutt elo grad gesot, dat Zweegradzil, dat wier iergengwéi awer dann zu Durban verfeelt ginn.

Elo gëtt jo schonn esou laang dovunner geschwat, datt ee sech dat guer net ka leeschten, datt wann d’Äerderwärmung iwwer zwee Grad klëmmt, datt mir eng Risekatastroph kréien. Wat denkt Dir dann als Nohaltegkeetsminister dodriwwer, datt, wéi Dir sot, dat elo verfeelt gouf?

Marco Schank: Jo, bein, wann een zu Durban war, da léisst dat sech relativ gutt erkläeren. Wann ee gesäit wéivill Länner datt do sinn, 194, mat ganz ënnerschiddlechen Interessen. An datt mir verschidde Schwellelänner, wéi China an Indien, a wa mir dann do d’USA dobäi rechnen, da si mir bal bei der Halschent vun de weltwäiten Émissiounen.

An zu Durban hunn och d’OASIS-Länder, dat sinn d’Inselstaaten am Pazifik, déi hu wierklech en Appel gemaach, déi hunn em hiert Iwwerliewe gekämpft.

An wann een dat alles zesummerechent, da gesäit ee wéi problematesch datt et ass, esou ee globalt rechtlecht verbindlecht Ofkommes ze kréien, wou d’Länner all matmaachen. Nach sinn ech frou, datt awer iergendwou zum Schluss dann dee Kompromëss do zestane koum.

Pierre Reyland: Als lescht Fro nach ganz kuerz. Gëtt déi grouss Klimaproblematik an déi hënnescht Rei gedréckt duerch Problemer an der Weltwirtschaft, duerch d’Eurozon-Scholdekris? Ass dee Sujet vernoléissegt ginn?

Marco Schank: Bein, ech denken, datt effektiv mir vun zwou usteeënde Katastrophe kënne schwätzen.

Dat eent ass eben déi, déi mir de Moment erliewen op de Finanzmäert. An déi aner ass déi, déi mir ewäll, déi op eis duerkënnt, déi global op eis duerkënnt, op déi ganz Welt.

An et ass eigentlech keng Zäit méi fir ze waarden, an dat ass déi negativ Säit vum Accord, vum Kompromëss vun Durban, wann ech esou dierf soen, datt mir eigentlech keng Zäit méi hätten, fir nach ze waarde bis 2020, well ech mengen, datt mir doriwwer eraus dann dat Zweegradzil, vun deem mir ëmmer schwätzen, net wäerten erreechen, an datt mir vläicht bei 4 oder bei 5 Grad sinn um Enn vun dësem Joerhonnert.

Pierre Reyland: Marco Schank, villmools Merci fir den Interview de Moien.

Marco Schank: Merci och.

Dernière mise à jour