Claude Wiseler au sujet de la conférence de Copenhague sur le climat

Yves Stephany: Här Wiseler, Dir fuert zesumme mam Marco Schank fir Lëtzebuerg op Kopenhagen op den UN-Klimasommet. An deene leschten Deeg a Wochen ass vill iwwer Kopenhagen geschwat ginn an d’Gefore vum Klimawandel sinn no der Opreegung iwwer d’Wirtschaftskris nees méi an déi ëffentlech Diskussioun komm.

Mengt Dir, datt beim Sommet global Léisunge kënne fonnt ginn? Wat sinn Är perséinlech Hoffnungen an Erwaardungen?

Claude Wiseler: Ech hoffen, datt mir zu Kopenhagen op jiddwerfalls e gutt Stéck weider kommen. Et ass eng eenzegaarteg Geleeënheet fir eng Rei Saachen op de Punkt ze bréngen. An ech mengen, et ass wichteg, datt d’Länner sech alleguer zu Kopenhagen iwwer déi grouss Ziler eens ginn.

Zil ass et ganz kloer, datt mir eng méi wéi 2 Grad Moyenne Opwiermung vun den Temperaturë vermeiden, datt mir bis 2050 50% Reduktioun vum CO2 maachen, an datt mir och als Industrielänner, als alleguer d’Industrielänner, net nëmmen déi europäesch, bereet si méi e groussen Deel ze maache wéi Entwécklungslänner, datt mir bereet sinn op 80%, 95% Reduktiounë bis 2050 ze goen.

Mä wat ganz kloer a mengen Aen ass, dat ass, datt déi hei Saach nëmme kann e Succès gi wa mir alleguer matmaachen, Europäer, Amerikaner, Developpementslänner, Chineesen, Inder, alleguer musse se am selwechte Boot sinn, soss huet dat Ganzt kee Sënn.

An dotëscht musse mir et och nach fäerdeg bréngen, fir net nëmme grouss Zilsetzunge bis 2050 ze maachen, well dat ass einfach am Fong, mä och nach de Wee bis 2050 kloer an däitlech dohinner ze setzen, eng Zilsetzung fir 2020, 2030 ze maachen, well et ass just wann een de Wee baliséiert, wou ee kann d’Zil effektiv richteg erreechen.

Yves Stephany: Vun deene meeschten europäesche Länner kann een elo dovun ausgoen, datt si relativ gutt op dëse Sommet virbereet sinn.

Et dierf een awer dann, wéi Dir gesot hutt, gespaant sinn op Länner wéi zum Beispill China, Brasilien an Indien, deenen hir Regierungen a priori net esou vill vu Klimaschutz halen an dat éischter als Schikan fir en industriellen a wirtschaftlechen Opschwong gesinn. Gesitt Dir elo eng Chance, datt ee sech mat dëse Länner kann op verstänneg Resolutiounen eenegen?

Claude Wiseler: Ech mengen, wann ee verstänneg ass, jo. Et muss een e wéineg gesinn, datt jo jiddweree mat sengen anere Prémissë vum Départ an déi Diskussiounen do erageet; datt och vun den Europäer, respektiv vun den alen industrialiséierte Länner gefuerdert gëtt méi ze maachen, well mir och un deem jetzegen Ausstouss dee schonn do ass, vum CO2, déi gréissten, ënner Gänseféissercher, Schold hunn, zumindest dee gréissten historesche Grond dorunner hunn. Et ass mir logesch, datt och déi Entwécklungslänner sech nach musse méi kënnen entwéckelen, well se nach vill Retard ze rattrapéieren hunn. Dofir hunn ech virdru gesot, mir mussen als Industrielänner bereet si méi ze maachen, 80% bis 95% ze maachen, wou an der Moyenne nëmme 50% Reduktiounë bis 2050 gemaach ginn.

Ech gesinn awer, wann ech déi international Aktualitéit an deene leschte Wochen nogelauschtert hunn, datt an den Entwécklungslänner, an den esou genannte Schwellelänner sech och vill beweegt, Propositiounen op den Dësch kommen, wat viru 6 Méint, engem Jor nach net an deem Mooss de Fall war, esou datt dat mech awer mat engem relativen, oder gewëssenen Optimismus dohinner goe léisst.

Ech hoffe just, datt mir en équilibréierten Accord kënne fannen, wou déi eng an déi aner sech dran erëmfannen.

Yves Stephany: En anere groussen Ëmweltsënner ass jo och d’USA. Wat kann ee vun Amerika erwaarden? Et schéngt jo wéi wann de Barack Obama sech am Moment méi op Problemer wéi seng Gesondheetsreform oder den Afghanistan géif konzentréieren?

Claude Wiseler: Dat ass richteg, mä op där anerer Säit gesäit een awer och, datt eng Rei Propositiounen am Kongress, am Senat um Dësch leien bei den Amerikaner; datt säit de President Obama do ass sech awer extrem vill an Amerika op deem hei Plang beweegt huet, datt och vill Effortë sech en place setzen.

De President Obama kënnt jo och selwer op Kopenhagen, sécherlech och fir ze weise wat d’Intérêtë vun den USA un der Klimaproblematik sinn. Do hoffen ech och, datt mir e Stéck weider kommen. Op jiddwerfalls beweegt et sech och an Amerika op deem do Sujet.

Yves Stephany: Elo ass et esou, datt et einfach ass fir sech bereet ze erklären d’CO2-Émissiounen an deenen nächsten 10 oder 20 oder 30 Joer ëm e gewëssene Prozentsaz erof ze schrauwen, an d’Erderwäermung op 2 Grad ze limitéieren.

Mä wat geschitt, oder wat muss geschéien, wa sech op esou Moossname geeenegt gëtt, awer verschidde Länner et net fäerdeg brénge sech drun ze halen? Muss ee Sanktioune virgesinn, oder gëtt dann d’Chance fir en Accord ze fanne méi kleng?

Claude Wiseler: Fir eis ass wichteg, datt dee Kopenhagener Sommet elo net nëmmen, wéi gesot, einfach Riede sinn oder generell Aussoen déi net verbindlech wieren.

Fir eis ass wiesentlech, datt an deem wat festgehale gëtt, et och am Fong contraignant, zwéngend gëtt, mat deenen noutwennege Moossnamen hannendrun, wa Länner sech net un hir Engagementer, un hir Verspriechen halen. Wéi déi elo am Definitivë sollen ausgesinn ass schwéier ze soen. Mä ech mengen, datt et kloer an däitlech a mengen Aen ass, datt Engagementer musse contraignant sinn.

Elo weess ech, datt mir et wahrscheinlech net fäerdeg bréngen eis op e juristeschen, detailléierten, contraignanten Text ze eenegen, well d’Négociatiounë schonn esou laang daueren, well mir nëmmen nach 14 Deeg hunn a well dat an all Detail fir 192 Länner sécherlech net wäert de Fall sinn.

Wat ech awer hoffen an erwaarden, dat ass, datt mir op politesch contraignant Aussoen eis kënne fixéieren, wou och da kloer an däitlech an deenen Aussoen, an deem wat do festgehale gëtt, och e Kalenner dra steet, fir kuerzfristeg déi politesch contraignant Aussoen zu engem juristesch contraignanten Text auszeformuléieren an dann ze ënnerschreiwen.

Et geet hei net fir Zäit ze gewannen, mir hu keng Zäit ze verléieren an deem hei Dossier. Et geet fir hei schnell ze agéieren, well 2020, dat kann engem laang erschéngen, mä fir Moossname juristesch festzehalen, fir se technesch ze preparéieren, fir se ëmzesetzen a fir dann och mat deenen ëmgesatene Moossname seng Reduktiounsziler ze erreechen, do ass 2020 muer.

Yves Stephany: Wéi gesäit et mat deenen esou genannte flexibele Mechanismen aus, déi am Kioto-Protokoll als Kompromëssléisungen d’Kafe vun Émissiounsrechter erméiglechen? Ass et net un der Zäit fir méi radikal a méi konsequent ze ginn, amplaz d’Problemer just ze delokaliséieren?

Claude Wiseler: Et gëtt vill iwwer déi esou genannte flexibel Mechanismen, déi esou genannten CDMë geschwat, fir déi als eng absolut negativ Moossnam dohinner ze stellen. Elo muss een awer wësse wat dat ass. Dat si Moossnamen déi een net onbedéngt bei sech am Land, mä zesumme mat engem anere Land, op enger anerer Plaz mécht fir CO2 ze spueren. Dat si ganz oft och Entwécklungsprojeten déi een an anere Länner mécht, fir Entwécklungslänner ze hëllefen dann och bei hinne Klimaschutz ze maachen. Fir mech sinn déi absolut net negativ, éischter positiv.

Et muss een awer op zwou Saachen oppassen. An dat ass wat wiesentlech a mengen Aen ass. Et muss een éischtens drop oppassen, datt esou genannten CDMen, oder flexibel Mechanismen net als Excuse gëlle fir heiheem näischt ze maachen. Wann dat esou wier, dann hätte mir e Problem. Dofir soen ech kloer an däitlech, mir mussen hei zu Lëtzebuerg prioritär national Moossname maachen. Ech weess awer, datt wa mir op vu -20% op -30% erop ginn als CO2 Reduktiounszil fir 2020, datt mir da sécherlech net alles heiheem wäerte packen, an datt mir mussen op flexibel Moossnamen zréckgräifen. Mä prioritär heiheem.

An zweetens, wat bei den CDMen a mengen Ae wichteg ass, dat ass, datt mir och ganz gutt oppasse wat fir eng Critèrë mir gi fir déi Projeten erauszesichen – nohalteg Critèren, sozial Critèren, an esou weider – fir datt mir och sécher sinn, datt déi Projeten an déi mir mat anere Länner mat eraginn, déi Projeten féir déi mir bezuele fir se an anere Länner ze maachen, datt déi och deene Critèren entspriechen déi mir gären hätten.

Zu deenen zwou Conditiounen, also net-Excuse a Critèren, mengen ech, datt d’CDMë schonn duerchaus eppes Positives kënne sinn, déi eis un der Klimaproblematik sécherlech weiderhëllefen.

Yves Stephany: Et ass evident, datt d’Klimaproblematik eng global Problematik ass, an datt Länner an d’Mënschen op der ganzer Welt mussen eppes veränneren. Am beschte fänkt een awer natierlech bei sech doheem un, wéi Dir elo grad sot.

Lëtzebuerg ass jo mat virbäi wat d’CO2-Émissiounen ugeet, an d’Excuse hei fir ass ëmmer den Tanktourismus. Mä géif et dann anescht ausgesinn, wann de Bensinn bei eis genee esou deier wier wéi bei eisen Noperen, well Lëtzebuerg ass schliisslech och dat europäescht Land mat deene meeschten an décksten Autoen. An et huet een net den Androck, datt lëtzebuerger Bierger onbedéngt motivéiert gi fir manner Auto ze fueren. An eise Stied an Uertschaften ginn zum Beispill ëmmer nach méi Parkméiglechkeete geschaaf.

Wann ee sech dann elo emol bei der eegener Nues hëllt, wat kënne mir als Lëtzebuerger maache fir nohalteg, sënnvoll Léisunge fir den Transport ze fannen, dee jo den haapt-CO2 Sënnebock ass?

Claude Wiseler: Sécherlech huet den esou genannten Tanktourismus e groussen Deel Schold un der Evolutioun vun den CO2-Ausstéiss. Wann ee kuckt, datt a sech, dat wat mir d’Exportation de carburant routier nennen, also d’Exportatioun tëscht 1990 an 2008 ëm 170% an d’Lut gaangen ass, da gesäit een dat ganz genee.

Mä et ass evident, datt mir an der ganzer nationaler Mobilitéitsproblematik och mussen Effortë maachen, Efforten déi doranner bestinn, datt mir den ëffentlechen Transport esou wäit wéi méiglech, esou schnell wéi méiglech ausbauen; Efforten déi mir maachen, Dir hutt et ugeschwat, andeem mir de Parkraummanagement an deene gréisseren Agglomeratiounen, zum Beispill d’Stad Lëtzebuerg an all déi Gemengen déi ronderëm sinn, esou gréieren, datt mir den ëffentlechen Transport prioritär behandelen.

Efforten déi mir maachen, an Dir hutt d’Autoen ugeschwat, datt mir eis Flott vu Ween hei zu Lëtzebuerg och méi reduktiounsaarm maachen. All déi Primen, Care a Care-plus si jo doranner gezilt gewiescht, a mir hunn och an deene leschten 2 Joer Succès gehat, well mir déi Autoen, déi ënner 120 Gramm CO2-Ausstouss haten, och konnten am Prozentsaz verduebelen hei zu Lëtzebuerg, an domat enorm vill Ausstouss spueren, esou datt do eng Politik sech schonn en place gesat huet, déi zilgerecht ass.

Wat dann den Tanktourismus ugeet, do ass et esou, datt brusque Décisiounen, mengen ech, an dësem Fall net méiglech sinn, datt awer och an der Regierungserklärung steet, datt mir erwägen etappeweis de Kioto-Cent ze erhéijen, ëmmer am Kader vun engem Monitoring vun deem wat och ronderëm eis op deem do Plang geschitt.

Eng Rei Saache sinn also a Beweegung fir och dës Problematik besser an de Grëff ze kréien.

Yves Stephany: Wéi eng Roll spillt dann elo dat klengt Lëtzebuerg mam héijen CO2-Ausstouss bei esou engem Sommet, wou et ëm global Problemer geet?

Claude Wiseler: Wann 192 Länner zesummen diskutéieren, da weess een, datt een zu 192 um Dësch sëtzt. Emol fir éischtens dat einfach ze soen.

Dat heescht awer elo, wat d’Organisatioun vun den Diskussiounen ugeet, datt mir an Europa eis beweegen, datt also fir Europa och déi schwedesch Présidence an d’Kommissioun, mä haaptsächlech déi schwedesch Présidence wäert négociéieren. An ech mengen, dat ass och richteg esou, well dat gëtt eiser Stëmm, där europäescher, mä domat och där lëtzebuergescher, méi Gewiicht.

Mir hunn dofir an deene leschte Méint, zesumme mat deene 27 europäeschen Ëmweltministeren, e Kader fixéiert wou déi europäesch Positioun soll dra stattfannen.

Mir hunn och ofgemaach, datt mir zu Kopenhagen regelméisseg, ech denken all Dag, mä dat muss ee sur place kucken, ënner der schwedescher Présidence eis zu 27 da gesi fir de Fortgang vun de Verhandlungen all Kéier ze suivéieren, a fir och der Présidence d’Méiglechkeet ze ginn e wéineg ofzeschätzen, wat d’Rumm ass, an där se ka verhandelen a wou déi 27 mat kënne goen. Ech mengen, dat ass déi richteg Aart a Weis fir weiderzekommen.

Yves Stephany: Merci, datt Dir Iech Zäit geholl hutt. Mäin Invité virum Dag haut war de Claude Wiseler, de Minister fir Nohaltegkeet, a mir hunn iwwer de Klimasommet zu Kopenhagen geschwat.

Dernière mise à jour