Claude Wiseler, invité de l'émmission "Riicht eraus"

Claude Wiseler: Gudde Mëtteg.

Mick Entringer: Landesplanung, Ëmwelt, Transport a Bauten, ass dat net e bësse vill fir eng Persoun? Wéi stellt Dir Iech der Erausfuerderung?

Claude Wiseler: Dat gesi mir, mä op jiddwer Fall wëll ech emol fir d'éischt soen, datt mir zu 2 sinn, de Marco Schank an ech, fir effektiv dee Ministère ze leeden, wat e grousse Ministère ass, wat eng grouss Erausfuerderung ass an och politesch Zilsetzungen déi mir eis gestallt hunn, déi sech wierklech an d'Zukunft vun deenen nächste Joeren aschreiwen a wou et gëllt elo Akzenter ze setzen. Et ass e grousse Volume vun Aarbecht, dat heescht, datt een och muss prett si fir déi Stonnen an dee Ministère eranzebréngen déi ee brauch fir d'Aarbecht ze meeschteren. Dat wäert ech maachen an den nächste Joeren.

Mick Entringer: War dat doten dann e Wonsch vun Iech? Wollt Dir esou e Ministère iergendwann eng Kéier féieren?

Claude Wiseler: Et ass souwisou, datt een, wann ee bei Ministèrë geet, net e Wonschausdrock mécht fir e Ministère ze kréien. Esou geet dat an der Realitéit net. Dat hei ass eng Propositioun déi de Staatsminister mir gemaach huet, déi a mengen An extrem Sënn mécht, well se kohärent ass, well et engem erlaabt wierklech eng Politik global duerchzesetzen. Dofir hunn ech Jo gesot, well een hei Gestaltungsméiglechkeete kritt déi enorm sinn an enorm flott sinn.

Mick Entringer: Claude Wiseler, vum Premier krut Dir e kloren Optrag: an der Regierungserklärung sot de Jean-Claude Juncker, Ëmwelt an Ekonomie stéingen a kriteschem Dialog, wann och net am Widdersproch zueneen. Den neie Minister fir Nohalteg Entwécklung an Infrastrukture soll dat mateneen elo esou organiséieren, datt Reiwungsverloschter, déi vill Suergen an Zäit kaschten, méi kleng ginn, esou sot de Jean-Claude Juncker. E Schlichter ass deemno gefrot. Sidd Dir dat?

Claude Wiseler: Dat gesi mir elo, ech probéieren et op jiddwer Fall.

Esou wéi den Här Juncker dat ausgedréckt huet, ass et am Fong ganz genau richteg. Et muss een eng Politik maachen an der Globalitéit vun deem wat mir fir déi nächst Joere brauchen. Mir hu Spannungsfelder ganz oft gehat tëscht deene méi Ekonomie-ausgeriichtete Ministèren an dem Ëmweltministère. Et ass natierlech esou, datt een an der Politik Kohärenz sicht, an datt een hei eng kohärent Politik muss maache fir déi Spannungsfelder an de Grëff ze kréien.

Dat hei erlaabt eis, eis openeen ofzestëmmen, d'Prozeduren ze vereinfachen op där enger Säit, an op där anerer Säit awer och Décisiounen ze huelen, Décisioune wou dann déi 2 Ministeren déi am Ministère sinn d'voll politesch Responsabilitéit vun hiren Décisiounen hunn. Et evitéiert Blockagen, et erliichtert Décisiounen, dat ass d'Zilsetzung.

Mick Entringer: Claude Wiseler, Är Formatioun an d'Ufanksjoere vun Ärer Carrière hunn Iech eigentlech net predisposéiert fir deen doten Typ Job ze maachen. Dir sidd Sproocheproff, hutt en Doctorat en lettres modernes. Är Aarbecht haut stellt ee sech wesentlech méi technesch, forcément och méi administrativ vir. Gefält Iech dat da wat Dir maacht?

Claude Wiseler: Fir d'éischt wëll ech soen, wann ech mir effektiv virun, ech weess net méi wéi vill Joer, 25 Joer geduecht hätt, datt ech eng Kéier Bauteminister, Ëmweltminister, Transportminister géing ginn, dann hätt ech dat net richteg gegleeft, well dat och net onbedéngt sengerzäit d'Zilsetzung war. Elo wou ech an deem Job dra sinn, wou ech 5 Joer Bauteministère-Erfahrung hannert mir hunn, muss ech soen, ass et eng faszinant Welt déi ech do begéint hunn, kenne geléiert hunn, och gär kritt hunn en fin de compte, well et eng Welt ass wou d'Sprooch riicht eraus ass, op där enger Säit, déi engem awer och erlaabt kreativ ze schaffen, respektiv un der Gestaltung vun dësem Land wierklech e klengen Deel bäizedroen an dat ass dat wat faszinant ass un deem Beruff, muss ech soen.

Mick Entringer: Wann ech Iech elo richteg verstanen hunn, sidd Dir der Meenung, datt d'Politik mat enger Sprooch schwätzt déi riicht eraus ass?

Claude Wiseler: Ech wollt domatter soen, datt ech an dem Bauteministère a sech eng Welt kenne léieren, déi vum Bau, wou [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Déi ass konkret.

Claude Wiseler: wou d'Schwätze konkret ass, däitlech ass a wann een eppes engem ze soen huet, da seet een et, respektiv et kritt een et direkt gesot. Dat war gewöhnungsbedürfteg déi éischt 2 Méint, mä et gewinnt ee sech schnell un d'riicht eraus Sinn. An d'Emissioun déi huet jo de richtegen Numm dofir.

Mick Entringer: Dir sidd eréischt virun 10 Joer, 1999, fir d'CSV an d'Chamber gewielt ginn. Är Politikercarrière ass deementspriechend fulgurant. Wéi erkläert Dir Iech dee séiere Wee no uewen?

Claude Wiseler: Dir interpretéiert dat, gesitt dat als séiere Wee. Ech muss soen, datt ech, wéi ech vun der Uni senger Zäit erëm komm sinn, dat ass scho laang hir, datt ech dunn ugefaangen hunn an der CSV als Sektiounspresident, als Generalsekretär vun der Jugend, als Bezierkspresident, all déi Etappen duerchzegoen, bis ech an d'Chamber gewielt gi sinn, bis ech an d'Gemeng gewielt gi sinn, plus elo 10 Joer da gewielt sinn. Mir schéngt dat alles guer net esou kuerz an all déi gro Hoer an déi Falen déi ech dobäi kritt hunn an deene Joeren, wann ech d'Fotoe vun deene Wahle virun 10 Joer kucken, da sinn dat der etlech, déi soe mir awer, datt scho vill, vill Joere politesch Aarbecht, besonnesch do spieren ech et op jiddwer Fall, gemaach si gi fir elo hei ze landen.

Mick Entringer: Mä Dir riskéiert nach eng Rëtsch gro Hoer dobäi ze kréien. Dir hutt, wéi gesot, an der neier Regierung keng gemittlech Ressorten zougesprach kritt: Landesplanung, Ëmwelt, Transport, Bauten, all Ressorten eenzel hu ganz vill Sprengstoff a sech. Et sinn déi Ressorten un deenen eng Rëtsch vun Äre Virgänger och gescheitert sinn.

Claude Wiseler: An där Zäit wou mir hei sinn ass kee Ressort gemittlech. An ausserdeem mengen ech, datt an der Regierung sinn net onbedéngt déi gemittlechst Aarbecht ass. Wann een déi sicht huet ee besser enzwousch anescht sech ëmzekucken.

Déi Ressorten déi ech hei krut si keng einfach Ressorten, si sinn awer doduerch sënnvoll, datt si engem erlabe wierklech eng global Politik ze maachen, mat all deene Schwieregkeeten déi si am eenzelnen dann hunn. Mä ech denken, dofir si mir jo do fir ze probéieren déi ze léisen. Ech wëll just soen, datt ech déi Aufgab hei, nach eng Kéier, gär ugeholl hunn, well si eben déi Gestaltungsméiglechkeete bitt.

Mick Entringer: Am Regierungsprogramm couvréiert den Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère 18 Säiten. Deem géigeniwwer zum Beispill e Finanzministère knapp 2 Säiten. Dat ass scho Programm.

Claude Wiseler: Jo. Ech wollt jo net soen, datt net vill ze maachen. Et ass effektiv, mir hunn e grousse Programm, et ass vill ze maachen. Dat ass och doduerch bedéngt, datt Lëtzebuerg sécherlech an enger Phas ass wou eng ganz Rei Infrastrukturen, eng ganz Rei Politike mussen an d'Realitéit ëmgesat ginn.

Et war och wichteg, datt mir an deem Regierungsprogramm tëscht Koalitiounspartner am Detail festgeluecht hu wat mir géinge wëllen. Dat evitéiert eis, dat evitéiert mir, dat evitéiert dem Koalitiounspartner, datt mir bei verschiddene grousse Projeten duerno an onnéideg Diskussioune matenee kommen. D'Saache si kloer, de Programm ass kloer, mir wësse wouhinner mir solle goen an et ass genau dat wat ech wëll maachen. Dee Programm deen do steet entsprécht och deem wat ech mengen datt richteg wier an deen ee soll an der Politik ëmsetzen. Dat wëll elo net heeschen, datt de Finanzminister mat sengen 2 Säite Programm net vill Aarbecht huet. Wann ech kucke wat de Luc Frieden un Aarbecht leescht, all Dag, all Dag [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Deen huet vläicht méi Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten.

Claude Wiseler: Et ass vläicht een anere Genre vun Aarbecht, déi hien ze maachen huet, wou vläicht manner an dem Programminhalt, wann's du en nidderschreiws, ze schreiwen ass, mä deen a senger Dagesopfëllung – ech gesi wat hie schafft – awer zollitt ass.

Mick Entringer: Wéi vill Stonne schafft Dir dann am Dag? Normalerweis?

Claude Wiseler: Dat ass schwéier ze soen. Am Fong häls du net op mat schaffen. Du bass dauernd amgaang. Mä um Büro geet et net ënner 10 Stonnen den Dag an dat ginn der ganz oft méi. Plus de Weekend. Also, et gëtt der genuch.

Mä ech muss awer och soen, Dir hutt mir virdrun e puer perséinlech Froe gestallt, ech sinn och elo an enger Familljesituatioun, d'Kanner sinn alleguer aus dem Haus eraus, wou et mir och erlaabt, fir eng Rei Investissementer an d'Politik ze maachen, Stonnen ze huele fir mech doranner z'investéieren. Dat geet elo, an dofir hunn ech et och esou akzeptéiert, well et geet.

Mick Entringer: Äre Virgänger am Ressort Ëmwelt an Transport, den aktuellen LSAP-Fraktiounschef Lucien Lux, huet Är Nominatioun begréisst an Iech Kompetenz a Gewëssenhaftegkeet unerkannt. Och beim Mouvement écologique ass een zefridde mam Minister an och mam nei geschafene Superministère fir Nohalteg Entwécklung. Dat si jo da gutt Viraussetzunge fir Är Aarbecht an dee grousse Programm deen usteet?

Claude Wiseler: Ech sinn och ganz dankbar iwwer déi Aussoen. Ech muss och soen, datt ech déi lescht 5 Joer als Bauteminister mam Här Lux als Transport- an Ëmweltminister ëmmer gutt eens gi sinn, eng gutt Kollaboratioun hat an ech hoffen, datt déi gutt Kollaboratioun och an där neier Fonctioun als Fraktiounspresident kann esou weider gefouert ginn.

Als Ëmweltminister ass et mir evident och wichteg, datt mir deen Dialog mat den Ëmweltmouvementer kënnen oprecht erhalen, och an Diskussiounen oder a Situatioune wou mir net mateneen eens gi sinn, well dat kënnt noutgedrongenerweis, datt Meenungsënnerscheeder an deem engen oder aneren Dossier sinn. Et ass awer wesentlech, datt een am Dialog ka bleiwen a sech iwwer déi Saachen do ausschwätzt. Ech halen drop, datt mir déi Diskussioune kënne weider féieren.

Mick Entringer: Konkret dann elo, wéi sollen an Zukunft d'Verwaltungen, déi fréier heefeg mateneen am Clinch loungen, elo an der neier Struktur zesumme schaffen? Virun allem tëscht de Bâtiments publics an der Ëmweltverwaltung. Do huet et jo ëmmer erëm gefunkt.

Claude Wiseler: Tëscht Ponts et Chaussées an der Ëmweltverwaltung huet et heiansdo effektiv gefunkt. Enfin, dat gehéiert zwar zu deem normale Spannungsfeld, wou jiddwereng vun deenen Administratioune säi Rôle ze spillen huet an och gespillt huet an deene leschte Joeren.

Wat elo vereinfacht gëtt, dat ass datt mir réellement probéiere vun der Aarbechts-Aart a Weis wéi zwou Administratiounen an deem Beispill elo hei zesumme schaffen, fir dat e wéineg anescht z'organiséieren. Fir z'illustréieren: wann et elo ëm Stroossebau geet, da probéiere mir net méi ze schaffen, datt Ponts et Chaussées e Projet ganz ausschafft, fäerdeg mécht, 1 oder 2 Joer Virbereedungsaarbechten huet an dann den Dossier un d'Ëmweltverwaltung oder un de Ministère de l'Environnement weider schéckt fir eng Autorisatioun ze kréien, an dann deelweis, no esou vill Aarbecht, gesot kritt, dat do geet net, oder, Dir musst elo dat hei oder dat do änneren an dann erëm d'ganz Aarbecht vu vir ufänken.

Ech hätt elo wierklech gär, datt mir an der Preparatioun vun esou engem Dossier direkt am Ufank eng Ëmweltverwaltung dobäi hunn, direkt gesot gëtt, an eis eens ginn, wann e Projet guer net geet. Da brauche mir en als Ponts et Chaussées guer net unzefänken. Wa grouss Problemer dra sinn, déi awer léisbar sinn, da sollen déi direkt op den Dësch kommen a sollen direkt an der preparativer Phas mat kënne berücksichtegt ginn, datt mir wa mir fäerdeg sinn am Dialog en Dossier do leien hunn dee konsensfäeg ass an deen och haaptsächlech autorisabel ass vun der Ëmweltsäit. Ech mengen, dat spuert eis Reiwungsverloschter, dat spuert eis Zäit, Energie a mir komme weider am Dossier. Dat si mir amgaang an der Realitéit ëmzesetzen. Dat ass net ëmmer esou evident, well et einfach gewöhnungsbedürfteg ass, mä dat ass d'Zilsetzung an dat maache mir.

Mick Entringer: Dat heescht, d'Prozedure ginn anerer, doduerch datt d'Struktur eng aner gëtt, mä d'Persoune bleiwen awer déi selwecht; t huet ee mat deenen nämmlechten Equipen, mat deene selwechte Fonctionnairen ze schaffen. Muss do net och eng Mentalitéitsreform lancéiert ginn an de Verwaltunge selwer?

Claude Wiseler: Ëmmer wann eppes Neies kënnt, mussen d'Leit sech un dat Neit gewinnen. Dofir ass nei Saachen anzeféieren, net nëmmen an der Administratioun, mä och an der Administratioun, heiansdo schwiereg.

Mä ech denken, dat ass jo awer d'Zilsetzung vun där Aarbecht déi mir elo solle maachen. Éischtens emol an den interne Prozedure kucken, datt mir déi Hürden déi noutgedrongenerweis do sinn, datt mir déi och anescht uginn, datt mir se méi schnell uginn, datt mir se besser packen an dann op där anerer Säit, dat ass jo de ganzen Objet vun deem Volet Simplification administrative déi mir maachen, net nëmmen déi Hürden déi intern ze maachen sinn, oder eis Aarbechts-Art a Weis, mä och déi gesetzlech-prozedural Froen esou wéi si am Text niddergeschriwwe sinn, fir déi och wesentlech ze vereinfachen.

Dat heescht, op 2 Pläng si mir do amgaang ze schaffen. Ech mengen, datt dat wesentlech ass, et ass net nëmmen e Maquillage dee mir hei amgaange sinn ze maachen. Dat ass e groussen Deel vun der Kompetitivitéit déi mir als Lëtzebuerg mussen hunn. Si mir schnell an eise Prozeduren? Si mir schnell an eisen Décisiounen? Dann hu mir wesentlech un der Kompetitivitéit ze gewannen. Dofir fannen ech dat do als eng extrem wichteg Reform. Mir dierfen net lues sinn, mir mussen als klengt Land extrem reaktiv a schnell sinn.

Mick Entringer: Heescht et dann elo, datt Dir als fréiere Bauteminister, wou Dir elo d'Ëmwelt ënner tutelle hutt, den Environnement gefügeg sollt maachen?

Claude Wiseler: Neen, dat heescht et net. Fir déi Leit déi elo gemengt haten, datt mir géingen de Bagger vun dem Bauteministère eraus huelen an domat iwwer den Ëmweltministère fuere fir e platt ze walzen, do muss ech kloer soen, déi Leit déi dat gemengt haten, déi kennen de Marco Schank a kenne mech ganz, ganz schlecht.

Et ass ganz kloer, datt déi Ëmweltcritèren, respektiv Normen déi do sinn, och an Zukunft wäerte strikt a rigouréis agehale ginn. Dat wat mir probéieren, dat ass, wéi gesot, an eiser Organisatioun dobanne keng Blockagë méi ze kréien, d'Prozedure méi schnell ze kréien. An da ginn et jo och Momenter wou kloer an däitlech e Spannungsfeld tëscht deem engen an deem anere Gebitt läit, wou et drëm geet eng Décisioun ze huelen a wou d'Texter och Interpretatioun zouloossen. Där Momenter kommen an där Momenter ginn et. An dann ass et ebe vläicht méi einfach, datt ee Minister do ass deen d'voll Responsabilitéit vu sengen Décisiounen huet. Den Dossier kann net méi vun deem enge bei deen anere geschéckt ginn, mä mir mussen décidéieren, mir mussen zu eisen Décisioune stoen a mir musse se och kënnen dobausse motivéieren an erklären.

Mick Entringer: Do hutt Dir Iech moralesch awer vill virgeholl.

Claude Wiseler: Ech mengen, datt et souwisou an dëser Compositioun guer net anescht geet. Mir hunn d'Responsabilitéit vun deenen zwee Departementer, de Marco Schank an ech. A mir mussen déi Décisiounen huelen an da gi se esou geholl an deem Ëmweltbewosstsäin, wat dem Marco Schank a mäint ass, an an der Nécessitéit fir an eisem Developpement vun den Infrastrukture weider ze kommen, datt mir mat eisem Gewësse kënne veräntwerten, datt mir mengen, datt se richteg wieren. Dat ass de wesentleche Punkt bei der Saach wou e Spannungsfeld an Interpretatiounsméiglechkeete bleiwen. An da geet et eng Kéier vläicht an déi do Richtung a vläicht eng Kéier an déi aner Richtung, mä si solle kohärent sinn an ëmmer motivéiert sinn. Dat ass op jiddwer Fall d'Aart a Weis wéi de Marco Schank an ech wëllen déi Politik maachen a wéi mir wëllen déi Missioun déi mir kruten an d'Realitéit ëmsetzen.

Mick Entringer: Riskéiert déi Zentralisatioun vun de Verwaltungen – déi jo, wéi Dir gesot hutt, geschaf gouf fir d'Weeër méi kuerz ze maachen, fir d'Prozeduren och ze vereinfachen – riskéiert dat awer net grad de Contraire mat sech ze bréngen, vu lauter Beem gesäit een de Bësch net méi, datt ee manner Duerchbléck huet, well ee méi muss gesinn?

Claude Wiseler: Dat gesi mir an deenen nächste Wochen oder Méint.

Heiansdo hunn ech jo d'Impressioun, mä dat schéngt mir awer normal ze sinn, wann's du esou déi éischt Wochen an deem de Beruff bass, datt's de effektiv amgaang bass ënnerzegoen an du bass amgaang no Loft ze schnapen. Mä dat schéngt mir awer en normalt Phänomen ze sinn, dat geet mir och elo schonn, dat war déi éischt Woch esou, déi zweet Woch ass et mir scho besser gaangen, déi drëtt Woch hunn ech ugefaangen iwwer d'Dossieren ze gesinn an ech mengen, datt dat awer maîtrisabel ass, an datt déi Quantitéit vun der Aarbecht awer an de Grëff ze kréien ass. Op jiddwer Fall soen ech, all Stonn déi ech schaffe kann, schaffen ech dru fir et fäerdeg ze bréngen.

Mick Entringer: Dir sot et virdrun, Claude Wiseler, Dir sidd net ganz alleng an Ärem neie Ministère, Dir krut en delegéierte Minister zougestallt, de Marco Schank, deen eng éischte Kéier och an enger Regierung ass, ma deen awer och säin eegene Ministère huet, de Logement. Wéi deelt Dir Iech d'Aarbecht elo am Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère op?

Claude Wiseler: Ech muss soen, mir hate mam Marco Schank vill Diskussiounen am Ufank doriwwer. Wéi mir d'Opdeelung maachen a wéi mir zesumme schaffe war am Fong relativ schnell décidéiert, well et einfach esou ass, datt de Marco Schank an ech total verschidde si vun eise Liewensgeschichten, vun eisen Erfahrungen, vun der Aart a Weis wéi mir an deene leschte Joeren eis och beweegt hunn, an der Politik. An déi Verschiddenheet huet dozou gefouert, datt mir relativ schnell eens ginn, wien wat wollt maachen a wéi mir géingen zesumme schaffen. Dat war am Fong amüsant an der Aart a Weis wéi et am Ufank gaangen ass.

Wéi d'Opdeelung elo ass, ass relativ einfach. Wéi gesot, de Marco Schank mécht jo a senger eegener Kompetenz de Logement an da si mir zesummen an deem grousse Ministère wou ech haaptsächlech dann d’Travaux publics an den Transport wäert alleng maachen a wou déi Deeler vun dem Environnement an dem Aménagement du territoire mir eis opdeelen, je no Gebitt. Do ginn et jo och intern Opdeelungen am Ministère selwer.

Esou ass et kloer, datt de Marco Schank de ganzen Deel vum Naturschutz wäert maachen, dat ass eppes wat hie kennt, wa hie gär mécht, wat en interesséiert a wou ech extrem frou sinn, datt hien am Ministère ass, well en do e ganzt Häerz, eng ganz Séil fir déi Dossieren do matbréngt, déi seng ass an déi absolut complémentaire zu deem ass wat meng Erfahrung ass. Woubäi ech mech an deem Ministère éischter ëm Dossiere wéi zum Beispill dee vum Klimaschutz elo bekëmmeren, déi ganz Kopenhagener Négociatiounen, wat mech och extrem interesséiert, wat e faszinanten Dossier ass, esou datt mir do relativ gutt eens ginn.

Politesch Décisiounen a grouss Richtlinnen, déi fixéiere mir gemeinsam, zesummen. D'Exekutioun dovunner, do huet jiddweree seng Dossieren. Et kann net sinn, datt déi zwee Ministere géinteneen augespillt sinn, also all déi Leit déi eppes vu mir oder vum Här Schank refuséiert kréien, brauchen net bei deen aneren ze goen, fir et vun deem autoriséiert ze kréien [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Datt dat scho kloer ass.

Claude Wiseler: Datt dat schlo kloer ass, well esou geet et net, esou kann een och net schaffen. An ech mengen, do fuere mir gutt genuch mateneen, datt wann eng Décisioun geholl ass, vun deem engen oder deem aneren, dann ass se geholl.

Mick Entringer: Nohalteg Entwécklung betrëfft awer net nëmmen Ëmwelt an Infrastrukturen, mä och Ekonomie méi generell. D'Ekonomie gouf net och nach an Äre Ministère gesat, dat wier vläicht e bësse vill gewiescht, [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Dat ass richteg.

Mick Entringer: si ënnersteet op en Neits dem Sozialist Jeannot Krecké. Mä deet sech do net en neie Gruef op? Fréier gouf et vill Spannungen tëscht den zwee sozialistesche Ministere Lux an der Ëmwelt an dem Jeannot Krecké an der Wirtschaft. Riskéiert dat sech net ze widderhuelen, d'autant plus, datt Dir och zwou ënnerschiddlech Parteikaarten hutt?

Claude Wiseler: Ech mengen, Spannungsfelder an der Politik ginn et nécessairement ëmmer. Dat ass einfach vun de Kompetenzen hir a vun deenen Dossieren hir logesch, datt d'Intérête vu verschiddenen Departementer heiansdo anerer sinn.

D'Regierungspolitik ass awer en fin de compte eng a mir musse kucken, datt mir duerno an den Décisiounen déi mir huelen eng gemeinsam Regierungsdécisioun huelen. An da kënnt et ganz oft op d'Leit un, wéi ee matenee fiert, wéi ee mateneen eens gëtt. Ech kennen de Jeannot Krecké schonn säit där Zäit wou mir allen 2 an deem selwechte Lycée Enseignant waren, hie weess wéi ee mat mir ëmgeet, ech weess wéi ee mat him ëmgeet an ech denken, datt dat och wesentlech dozou bäidréit, datt mir komplementar an deem Dossier kënnen handelen. Mä ech soen nach eng Kéier, nécessairement ginn et heiansdo Diskussiounen, nécessairement ginn et heiansdo och méi haart Diskussiounen. Wichteg ass, datt een duerno zu enger Conclusioun kënnt.

Mick Entringer: Natierlech elo nach virum Enn vun der éischter Halschent komme mir net laanscht den themateschen Dauerbrenner vun de leschte 6 Méint, den Tram an der Stad. Firwat all déi Opreegung, och an Äre Reien, ëmmer erëm z'erklären, datt den Tram awer gebaut wäert ginn? Dat ass jo och verlueren Energie. Oder gëtt et deen Tram dann awer schlussendlech net?

Claude Wiseler: Den Tram ass jo en Dossier dee scho laang Joeren, vill ze vill laang Joeren amgaang ass diskutéiert ze ginn, an do ass et natierlech verständlech, datt op eemol d'Leit sech froen, ma jo wat ass dat Diskutéiers do, gëtt et iwwerhaapt eppes, komme mir iwwerhaapt lass, jeemools eng Kéier mat deem Dossier. Insofern fannen ech et net anormal, datt sech Froe gestallt ginn, datt driwwer diskutéiert gëtt.

Ech soen Iech wéi meng Positioun an deem Dossier ass: ech mengen, datt esou wéi d'Evolutioun vun eisem Land an deene leschte Joere war, mir eng Mobilitéitspolitik brauchen, déi komplett ass an déi kohärent ass. Ech mengen, datt mir, wa mir vum ëffentlechen Transport schwätzen, de Schinnenausbau op deene grousse Linnen, ob dat d’Péitenger oder d'Beetebuerger Streck ass, brauche fir Capacitéit genuch ze kréien. Ech mengen, datt och eis Gare an der Stad Lëtzebuerg, wa si muss déi Transitgare sinn, déi Ëmsteigungsgare fir déi grouss Zuel vu Leit déi mir gär op den ëffentlechen Transport hätten, och einfach d'Capacitéit net méi huet, esou datt mir mussen déi Garë ronderëm d'Stad baue fir a sech déi Verdeelung op déi verschidde Garen anescht, besser ze maachen: Gare Kierchbierg, Gare Houwald, Gare Zéisseng, datt déi mëttel- oder laangfristeg [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Do seet jo kee méi Neen, do ass jo jiddwereen averstanen.

Claude Wiseler: Mä ech wëll just soen, duerno kënnt hannendrun och de Volet, datt mir vun deene Garen aus eng Feinverdeelung an der Stad brauchen, déi och eng relativ grouss Capacitéit muss hunn. An déi Capacitéit gëtt eis den Tram.

Fir mech ass dat ganzt Konzept e kohärent, e logescht an nëmme logesch wann et an engem Ensemble gemaach gëtt. Wann Dir do ee Stéck eraus loosst, da fonctionnéiert dat Ganzt net méi. Dofir mengen ech, datt den Tram ouni den Zuch an ouni d'Garen näischt wäert ass an déi Garen ouni en Héichcapacitéitsmëttel, wat eis d'Feinverdeelung an der Stad mécht, och net fonctionnéiert an dofir brauche mir eppes [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Et kéint ee jo och Busser tëscht de Garë fuere loossen.

Claude Wiseler: Et ass ganz kloer, datt mir e Problem vu Capacitéit hunn, vun Transportmëttel wat an de Spëtzestonne eis muss déi Capacitéite bréngen, déi mir brauche fir d'Feinverdeelung an der Stad ze maachen.

Dir musst einfach kucken, well dat am beschten am Fong de Besoin illustréiert: mir wäerten an deenen nächsten 10, 15 Joer, wann d'Evolutioun vun eisem Land esou weider geet, bis zu 30.000 Leit oder méi um Kierchbierg schaffen hunn. Wéi verdeele mir déi, wa mir net wierklech regelméisseg an a rapidë Kadenzen Héichcapacitéitsmëttel hunn, fir op deene verschiddene Plazen um Kierchbierg d'Leit eraus an era goen ze loossen? Mir brauchen déi Mëttele fir d'Feinverdeelung ze maachen. De klassesche Bus, mengen ech, huet déi Capacitéit net, fir eis dat do z'erméiglechen wat mir einfach un ëffentlechem Transport brauchen. Dofir ass et kohärent an an der Globalitéit ze gesinn.

Mick Entringer: Trotzdem, wat animéiert den Ament d'Stader CSV an där ganzer Polemik? Déi nei lokal Presidentin Martine Mergen hat jo d'Denkpaus fir den Tram gefuerdert. Domat a si à Contre-courant zum zoustännegen CSV-Minister, Iech. Ginn et do verschidde Meenungen?

Claude Wiseler: Et ginn ëmmer verschidde Meenungen iwwer Dossiere wéi deen hei, dat ass net anormal, dat ass net onlogesch. D'Madame Stein huet déi Suerg vun der finanzieller Situatioun vun eisem Land, wat par ailleurs och meng ass, ausgedréckt, andeem si gesot huet, et soll een eng Denkpaus emol maache fir ze kucke wéi wäit mir d'Méiglechkeeten hunn. Ech mengen, datt den Ufanksgedanke richteg war, datt ech d'Conclusioun awer net deelen, well ech mengen, datt mir wierklech musse kucke fir déi Planificatioun vum Tram einfach weider ze féieren, datt mir prett sinn, wa mir d'finanziell Méiglechkeeten hunn, fir et an d'Realitéit ëmzesetzen. Et ass nach vill Planificatiounsaarbecht ze maachen, et ass nach vill Virbereedungsaarbecht ze maachen an et ass scho vill Zäit an deene leschte Joerzéngte bal verluer gaangen, a mir musse kucken, datt mir deen Dossier prett fir d'Praxis maachen.

Mick Entringer: Dat war awer vläicht net d'Iwwerleeung vun der Martine [inaudible] kommunalpolitesche Problem vun der CSV an der Stad.

Claude Wiseler: Dat gesinn ech net esou. Ech mengen, d'CSV-Stad ass amgaang an der Oppositioun wou si ass e gudde Match ze maachen, probéiert déi Dossieren unzeschwätzen déi wesentlech fir si sinn an ech suivéieren dat och relativ no, well ech aus dem Schäfferot och kommen, an [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Är Fra ass jo och elo am Gemengerot.

Claude Wiseler: Si ass an der Oppositioun do, dofir kennen ech déi Dossieren e wéineg. Ech mengen, si probéieren déi Politik hei an der Stad ze maachen, déi si fir richteg ëmfannen an ech menge si maachen dat och ganz gutt.

Mick Entringer: A mir sinn domat um Enn vun der éischter Halschent vun der Emissioun „Riicht eraus“ ukomm. Invité ass de Claude Wiseler, den neien Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister. Nom Iwwerbléck vun der Aktualitéit héiere mir eis zréck am zweeten Deel mat den Theme Landesplanung an Ëmwelt.

[Noriichteniwwerbléck vum Carole Schimmer]

Mick Entringer: Invité am "Riicht eraus" haut ass, Dir hutt et héieren, de Claude Wiseler, Chef vum neig eschafene Superministère, deen déi 4 grouss Departementer Ëmwelt, Transport, Bauten a Landesplanung ënner Tutelle huet.

Claude Wiseler, Landesplanung ass e Kärstéck vum Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère. Landesplanung ass awer ëmmer nach vläicht en abstrakte Begrëff zu Lëtzebuerg. Et gi vill Stéchwierder an deem Kontext, vill Projets de loi, Kommissiounen, Instanzen, ausgeschafften an nach net finaliséiert Texter.

Mick Entringer: Wou wëll Lëtzebuerg landesplaneresch hin, a wellech Instrumenter stinn zur Verfügung?

Claude Wiseler: Ech wëll fir d’éischt soen, datt ech frou sinn, datt d’Landesplanung bei deem hei Ministère ass, och wa vill gefrot gëtt, ob dat elo Sënn mécht fir se dobäi ze halen, well et a mengen Ae wierklech e Planifikatiounsinstrument ass, wat, wann s de wëlls Infrastrukturen an dësem Land opriichten, a wann s de wëlls Décisiounen huelen wou, wat fir eng, wéi gebraucht ginn, dann ass d’Landesplanung dat Planifikatiounsinstrument wat noutwenneg ass fir déi richteg Décisiounen ze huelen. Dofir war et wesentlech fir mech, d’Landesplanung och dobäi ze hu bei deem grousse Block.

Ech wëll all déi Décisiounen déi mir huelen, ob dat Stroossebau, Schinnebau oder ob dat Héichbau ass, och am Kader vun der Landesplanung gesinn, an haaptsächlech am Kader vum IVL, wat eise Landesplanungskonzept ass, deen a sech seet, datt mir sollen an dräi grousse Polen eis Entwécklung weiderf éieren, dat ass Esch mat Belval, dat ass d’Stad Lëtzebuerg, an dat ass d’Nordstad, plus nach eng Rei aner sekundar Entwécklungspolen, an datt am Fong déi Infrastrukturen, déi mir bauen, ob dat elo Mobilitéitsinfrastrukture sinn, oder ob dat Héichbauinfrastrukture sinn, ronderëm déi do Entwécklungszentre sech solle fokusséieren, an datt mir dann och Raim solle loosse fir Fräizäit, respektiv fir Grénggebidder.

Dat ass de Prinzip vun der Politik, dee gëtt an der Landesplanung definéiert an dee gëtt och do fixéiert. An dofir ass dat wesentlech. Elo sinn – ech dierf weider fueren [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Fuert emol weider.

Claude Wiseler: Dat sinn zwou Saachen déi mir prioritär wichteg schénge fir déi Instrumenter och an de Grëff ze kréien. Well mir hu bis elo d’Konzept, mir wësse wouhin, an ech probéieren aktuell Décisiounen och no deem Konzept ze huelen.

Mä ech sinn awer par contre der Meenung, datt déi nächst Etapp déi muss sinn, datt mir och der Landesplanung um reglementaresche Plang weider zousätzlech Méiglechkeete ginn.

Dat éischt wat mir wëlle maachen, dat ass de Gesetzestext vun 1999 iwwer den Aménagement du territoire frësch maachen, fir och do d’Prozedure vun der Landesplanung méi ze straffen, datt mir d’Méiglechkeet hunn all déi Pläng, déi mir wëllen ëmsetzen, och mat gestrafften a méi kohärente Prozeduren an d’Realitéit ëmzesetzen.

Zweet Zilsetzung, dat ass mir déi Instrumenter ginn, déi ech wierklech brauch fir och där Politik, déi mir wëllen ëmsetzen, e gewëssenen Deel u Kontraignanz ze ginn. Ech brauch e Plan sectoriel Transports, e Plan sectoriel Logement, e Plan sectoriel vum Environnement, respektiv vun de Zones d’activités, einfach fir kloer kënnen ze definéieren, a reglementaresch festzesetze wat mir wéi maachen.

Mick Entringer: Déi 4 Pläng déi géinge jo dann, wa se ëmgesat ginn a gestëmmt sinn, déi gesetzlech Basis fir den IVL?

Claude Wiseler: Déi géingen déi reglementaresch Basis fir den IVL effektiv ginn. Just fir z’illustréiere wat dat engem hëlleft.

Wa mir e Plan sectoriel Transports hunn, do ginn dann déi grouss Stroosseprojeten, respektiv déi grouss Schinneprojetë fir déi nächst Joere festgeluecht. Dat ass eppes, dat ass dat planerescht. Mä et gëtt op där anerer Säit awer och iwwer eng reglementaresch Ëmsetzung vun esou engem Plan sectoriel, déi Zonë festgehalen, wou et da méiglech ass déi Projeten ze bauen. An déi gi reservéiert dofir, blockéiert dofir, esou datt am Fong an Zukunft assuréiert ass, datt mir déi Strukturen, déi Infrastrukturen och kënnen an d’Realitéit ëmsetzen, an net datt mir duerno virun anere Saachen déi ausgebaut gi stinn, déi Projeten, gréisser Projeten déi mir hunn onméiglech maachen.

Dofir brauch ech wierklech déi reglementaresch Basis fir d’Zukunft ofzesécheren, fir eng laangfristeg Planifikatioun ze maachen, a fir mir och d’Garantie ze ginn, datt déi kann duerno an d’Realitéit ëmgesat ginn.

Mick Entringer: Dat heescht, eng reglementaresch Basis, déi dann och esou Projetë wéi Wickreng onméiglech gemaach hätten.

Claude Wiseler: Eng reglementaresch Basis déi festsetzt wou Zonë kommen, Zones d’activités sollen hikommen, an déi dem Landesplanungsminister dann och d’Méiglechkeete gëtt fir méi kontraignant a sengen Décisioune kënnen ze sinn.

Mick Entringer: A wéini soll dat da kommen, alles?

Claude Wiseler: Dat gëtt jo eng ganz Prozedur. Dofir wëll ech fir d’éischt, dat war mäin éischte Punkt, d’Gesetz vun 1999 esou schnell wéi méiglech frësch gemaach kréien, an dann am Laf vum nächste Jor déi Plans sectoriels, wou d’Viraarbechten zu engem Deel geleescht gi sinn – bei verschiddener ganz geleescht gi sinn, anerer sinn nach e wéineg weider drun ze schaffen, do si mir elo am gaangen eng Umweltprüfung domat ze maachen, well dat och en Instrument ass wat mir brauchen – sollen d’nächst Jor op de Wee goen, mussen an d’Consultatioun goen, bei d’Gemenge goen. Et ass och wichteg, datt mir do den Dialog fanne fir datt déi spéider an d’Realitéit kënnen ëmgesat ginn.

Ech kann do keen Délai fixéieren, well ech muss einfach kucke wat déi Diskussiounsprozedur, déi ech awer mengen, datt esou Plans sectoriels brauchen, wat dat un Zäit schlussendlech ewech hëllt, well et ass wesentlech, datt mir an den Dialog mat de Gemenge kommen, an et ass wesentlech, datt mir zu engem grousstméiglechste Konsens iwwer déi do Fro vum Aménagement kommen. Dat erliichtert an enger zweeter Etapp sämtlech Décisiounen déi mir huele fir präzis Projeten ze installéieren, a gëtt eng kloer Visioun wou mir hiwëllen.

Mick Entringer: Bis dat da steet, bis et da wierklech Landesplanung zu Lëtzebuerg gëtt, eng gesetzlech reglementéiert, bis dohinner kënne jo dann nach allméiglech aner Projeten entstoen, déi et duerno wahrscheinlech net méi wäert ginn?

Dat heescht, et ass de Moment wann een elo nach wëll, Beispill Footballstadion Léiweng oder den Agrozenter bei Miersch, Saache bauen, déi ënner déi neier Gesetzgebung net méi zustane kéinte kommen?

Claude Wiseler: Dir sot dat elo esou, wou een da muss nach kucken, ob dann esou eng Planifikatioun wéi de Footballstadion, wann en da kënnt [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Dee sech an enger Gréngzon befënnt.

Claude Wiseler: Jo, mä ob deen dann IVL net konform ass, ass jo awer nach eng ganz aner Fro. An ob en och ëmweltméisseg net all deene Critèren widdersprécht, dat ass jo och nach eng Fro. Ech mengen, do si jo och d’Analysen och amgaangen an deem Dossier, dat ass jo awer och vu mengem Virgänger gekuckt ginn a ganz anescht abordéiert ginn. Dofir ass dat einfach gesot, datt deen em net méi entsprécht.

Mir brauchen an dësem Land jo Entwécklungszonen. Déi Entwécklungszonen mussen definéiert gi par rapport zu de Mobilitéitsstrukturen déi mir hunn, par rapport zu den Accessibilitéitsméiglechkeeten déi do sinn.

Dir wësst, datt mir eng Diskussioun zu Wickréng haten, wou gemengt ginn ass, datt dee grousse kommerziellen Zentrum net géing, aus landesplaneresche Grënn, dohinner passen, datt also eng Integratioun op eng aner Plaz, zesumme mat engem Footballstadion zu Léiweng, méi sënnvoll wier, landesplaneresch méi sënnvoll wier, an dofir, déi Initiativen, déi geholl gi sinn an der leschter Legislaturperiod hunn dorop higewisen, datt mir elo hei an der Ausschaffung vun esou engem Projet sinn.

Dee Projet ass elo amgaange weider gekuckt ze ginn a muss och duerno duerch déi sämtlech Prozeduren, Autorisatiounsprozeduren, déi an de Gesetzer virgeschriwwe ginn, selbstverständlech och goen, grad esou wéi den Agrozenter zu Miersch, wou e Préjugé favorable vun der Regierung, der leschter Regierung, ausgedréckt gi war, deen dës Regierung iwwerhëllt.

Mä selbstverständlech ass elo nach kee Projet do, a selbstverständlech, wann dee Projet dann eng Kéier do ass, de Projet vum Reclassement, respektiv de Projet vun deem, wat op deem Site soll entstoen, da muss en och duerch déi Prozeduren all goen a muss och deene Gesetzgebungen a Reglementer konform sinn, no deenen en da seng Autorisatioune ka kréien.

Mick Entringer: Trotzdem, Landesplanung ass dat net alles awer e bësse vill bürokratesch? Am Regierungsprogramm heescht et am Kontext vun de Begleedungsmesurë fir d’Ëmsetzung vun de Plans sectoriels op Gemengenniveau, Zil wier et, ech zitéieren: “d’encourager la concrétisation de la déconcentration concentrée?.

Dat wier ee vun den Haaptobjektive vum Programme directeur. Wat heescht dat? Also, dat versteet dach keen.

Claude Wiseler: Ech gi jo zou, datt et schwiereg ausgedréckt war, an datt ech och als fréiere Franséischprof muss do mech ganz ustrenge fir ze verstoen, wat de Sënn dovunner ass. Mä ech mengen, wat gemengt ass, ass awer relativ no Analys ganz kloer. Déconcentration concentrée, dat, enfin [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Et wëll ee sech vill ustrenge fir ze [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Ech mengen, et muss een dekonzentréieren am Land, et kann net méi alles op d’Stad Lëtzebuerg konzentréieren. Dat ass emol deen ee Punkt.

An op där anerer Säit mussen awer och net duerch d’ganz Land eis Infrastrukturen éparpilléiert ginn. Dat heescht, si kënnen net egal wouhinner da kommen. Dat heescht, mir mussen aner Punkte fannen, wou se dann niewent der Stad Lëtzebuerg sech kënne konzentréieren.

Dat heescht, mir maachen, mir dekonzentréieren d’Stad, a mir hunn eng ganz Rei aner Punkten definéiert, [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Nei Regionalzentren.

Claude Wiseler: 3 grousser an 12 méi klenger, wou mir dann déi Strukturen an déi Entwécklung wëlle maachen. Dat ass am Fong dat wat dee komplizéierte, schwierege, bal onverständlechen Terme wëll ausdrécken. En dréckt de Prinzip vum IVL aus.

Mick Entringer: An den IVL, dat ass awer Ärt Zil, datt Dir dee reglementaresch, gesetzlech ëmgesat hutt um Enn vun Ärer Legislatur. Also dat kënnt Dir verspriechen?

Claude Wiseler: Ech géing et emol net als Zil ausdrécken. Den IVL ass eng Richtlinn wéi mir dëst Land wëllen entwéckelen.

Déi Plans sectoriels déi ech wëll ëmsetzen, déi gi mir eng reglementaresch Basis, fir mir wierklech déi gesetzlech reglementaresch Méiglechkeet ze ginn, fir och se kënnen ëmzesetzen.

Elo soen ech awer och, den IVL an déi Plans sectoriels, dat si jo alles Instrumenter, déi awer mussen all 3, 4 Joer gekuckt ginn, well eis Entwéckung jo weider geet. Mir hunn elo eng ganz Rei Stroosseprojeten, eng ganz Rei Bunnsprojeten am Plan sectoriel Transports stoen. Dat ass dat, wat fir déi nächst Etappë gemaach gëtt. Mä da muss ee jo iergendwou och eng Kéier definéieren, wat kënnt duerno? Well mir bleiwe jo duerno net stoen. Dat heescht, et ass en Instrument, et ass eng Zilsetzung un déi halen ech mech, mä déi muss an 3, 4 Joer iwwerkuckt ginn, a muss dann déi nächst Etapp vun der Zukunft sinn.

Mick Entringer: Muss dat net elo scho geschéien? Den Initiator vum IVL, de fréieren Inneminister Michel Wolter, dee steet den Ausganksszenarien déi am IVL zréckbehale ginn, jo och kritesch géigeniwwer. Hie seet, oder e stellt och d’Fro, ob den integréierte Verkéiers- a Landesplanungskonzept, den IVL, iwwerhaapt nach zäitgeméiss ass, esou wéi en 2004 festgehale gouf. Elo si 5 Joer vergaangen, 6 Joer vergaangen.

Claude Wiseler: Selbstverständlech muss en iwwerkuckt ginn, well esou en IVL, esou ee Szenario baséiert jo just op Szenarien déi ee festgehalen huet, well ee gemengt huet senger Zäit, dat wier d’Entwécklung, oder d’Zukunftsperspektiv. An da muss ee regelméisseg checken ob dat wat een als Szenario senger Zäit festgehalen huet, och da wierklech der Realitéit entsprécht.

Mir stellen elo fest, datt mir an deene leschte Joeren deelweis méi schnell evoluéiert hunn, wéi d’Szenarien et am IVL virgesinn hunn, da musse mir also, an dat mécht de Ministère vun der Landesplanung, adaptéieren op d’Realitéitszuelen, an eventuell nei Projektioune fir d’Zukunft maachen, awer ëmmer mat där selwechter Zilsetzung, wou mir wëllen higoen, mat deene selwechte Prinzipië vun der Konzentratioun, oder vun der Dekonzentratioun wou mir wëllen op anere Punkte konzentréieren. Dat ass dee Prinzip dee schwéier ass ze verstoen, wéi gesot, mä deen ech awer nach ëmmer wëll festhalen, woubäi mir mussen d’Realitéit all Jor iwwerkucken a mat an eis Iwwerleeunge mat eran huelen.

An do muss ee jo och kucken, mir hunn eis an deene leschte 4, 5 Joer extrem, extrem staark developpéiert. Elo stellt sech jo d’Fro, an deenen nächste Joeren, wat geschitt dann do? Wat fir eng Influenz huet déi Kris déi mir an deene leschte Méint kannt hunn op eis Entwécklung, op eis Populatiounsentwécklung, op eis Entwécklung vu Frontalieren déi all Dag an d’Land era kommen, oder net? Op eis Mobilitéit déi mir do brauchen, manner brauchen, méi brauchen? Alles dat si jo elo Froen, wou mir ganz genee an deenen nächste Méint musse kucken, wat passéiert am Land a wéi musse mir eis Projektiounen eventuell reajustéieren a wéi musse mir dann eis Politike reajustéieren?

Wat de Michel Wolter gesot huet, dat ass, datt den IVL vun der Zilsetzung richteg ass, mä net onbedéngt eng Bibel ass an deem Sënn, datt e muss der Realitéit all Jor ugepasst ginn.

Mick Entringer: Et ass ee Volet iwwer dee mir nach guer net geschwat hunn, dat ass Ëmwelt a Klima. Finanzéierungsvirbehalt, dat ass d’Schlagwuert vum Regierungsprogramm, dee quasi fir all Ressortë gëllt, awer net fir de Klima.

An der Regierungserklärung sot de Jean-Claude Juncker, et wéilt een d’Kyotoziler mat alle Mëttelen erreechen, hei géing et kee Finanzéierungsvirbehalt ginn. Wat heescht dat konkret? Wat mécht dës Regierung hei méi wéi déi virëscht, ofgesinn dovun, datt et elo en Eenheetsministère, Nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, gëtt?

Claude Wiseler: Ech mengen, dës Regierung fiert an der Continuitéit vun der Politik, an dësem Fall vun der virëschter Regierung, selbstverständlech virun, well ech denken, datt déi virëscht an deem hei Kader eng gutt Politik gemaach huet.

Dat elo ze soen, an dësem Moment, ass natierlech relativ schwéier, well mir elo 1 Mount virun de Verhandlunge vu Kopenhagen sinn, a well mir selbstverständlech och an der interner Politik influenzéiert wäerte ginn, noutgedrongener Weis, vun deem wat zu Kopenhagen erauskënnt. Dofir si mir wierklech elo am Ëmweltdepartement amgaangen eis enorm op déi Kopenhagener Negociatiounen ze konzentréieren, respektiv op d’EU-Positioun, déi mir mat deenen anere 27 Länner jo op deene verschiddensten Ebenen amgaange si virzebereeden.

An ech war – mäin éischten Ëmweltministerconseil war virun e puer Wochen – extrem frou, datt mir dozu Conclusioune komm sinn [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Sidd dir zu Conclusiounen, zu konkrete chiffréierte Conclusioune komm?

Claude Wiseler: Mir sinn, zu deem wat d’Ëmweltministere konnten als Chiffere festsetzen, zu Conclusioune komm déi fir mech wichteg waren.

Mick Entringer: Dierf ech nach eng Kéier rappeléieren. Wat gouf entscheed?

Claude Wiseler: Also et gouf am Prinzip entscheed, datt mir déi wëssenschaftlech Analysen déi komm sinn, an déi do sinn, datt mir déi och iwwerhuelen, an datt mir eis Politike wëllen no deenen ausriichten. Dat heescht, d’Zilsetzung ass net méi wéi 2 Grad Augmentatioun vun der Temperatur, dat muss d’Zilsetzung sinn, déi mir politesch wëllen erreechen.

Dat heescht, datt mir bis 2050 wëllen eng Reduktioun weltwäit vu 50% vun den CO2-Ausstéiss onbedéngt erreechen, well soss ass eist Klimazil net erreechbar. Dat heescht, wa mir 50% Reduktioune weltwäit erreechen, an dat war d’Schwieregkeet, da musse mir als Industrielänner, d’Europa- an déi aner Industrielänner, d’accord si fir méi ze maache wéi déi 50%, well mir wëssen, datt d’Entwécklungslänner net esou vill kënne maachen.

Et ass also drëm gaangen, dat méi-Maache festzeschreiwen, a mir sinn eis do alleguer eens ginn, datt d’europäesch, respektiv d’Industrielänner tëscht 80% a 95% Reduktioune bis 2050 misste maache fir déi Zilsetzung ze erreechen. Fir déi Zilsetzung vun 2 Grad [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Dat heescht, den theoretesche Kader, do hutt dir iech kënnen eens ginn?

Claude Wiseler: Dat ass relativ kloer.

Dann ass et nach drëm gaangen, wann een elo wëll déi Zilsetzung fir 2050 erreechen - dat ass jo einfach och als Politiker elo ze soen, 2050 wëll ech dat hei oder eng aner Zilsetzung erreechen, ech sinn op jiddwer Fall sécher, datt ech 2050 net méi wäert an där Regierung sinn. An dofir soen ech mir, et ass also vläicht e wéineg einfach just fir 2050 eppes ze soen.

Et wier wesentlech, wa mir och géinge soen, wéi mir déi Zilsetzung 2050 da mat Tëschenziler géingen erreeche kënnen. Also, eis och eng Zilsetzung fir 2020, oder 2030 ginn. Also de Wee zu 2050 kloer an däitlech definéieren.

An do war ech och frou, datt eben d’Ëmweltministeren, respektiv d’Europäesch Unioun, sech konnt op eng duebel Positioun festsetzen.

Dat Éischt dat war fir ze soen, 20% Reduktioun bis 2020, dat maache mir souwisou, dat leeë mir op den Dësch, an dat ass eis Donne fir eranzekommen, dat ass dat wat mir wëllen.

An dat Zweet war fir ze soen, mä mir si bereet fir op -30% ze goen, an der europäescher Moyenne, mä mir hätten awer da gären, wa mir esou wäit ginn, well dat ass e ganz groussen Effort fir Europa, datt mir net alleng do stinn, an datt déi aner Länner, grouss Länner och mat maachen un deem Effort. Well et huet kee Wäert, datt Europa alleng esou en Effort mécht, jiddweree muss um selwechte Strang zéien, soss packe mir dat gemeinsamt Zil net. Also, -30%, okay, wa mir zu engem Accord zu Kopenhagen kommen. Dat ass och eng extrem wichteg Ausso.

An elo hu mir am November nach en Ëmweltministerrot, wou mir eng Kéier och gemeinsam eis beroden, wat et dann heescht, wéini mir als Europäer wëllen d’accord si fir dee Passage vun 20% op 30% ze maachen. Dat ass nämlech ganz schwéier, well ee jo net weess wéi zu Kopenhagen déi Diskussiounen, déi Négociatioune lafen, an d’schwedesch Presidence, déi fir Europa do verhandelt, natierlech och muss wësse wat hire Verhandlungsrahmen dann en fin de compte ass. Dat ass eng wichteg Décisioun.

Mick Entringer: Et gesäit fir de Moment net ganz gutt fir Kopenhagen aus, wann een oft den Ivo de Boer, de Klimachef vun de Vereenten Natiounen nolauschtert, deen erwaart sech emol kee bannenden, fundamentalen Accord zu Kopenhagen. D’Finanzminister vum G20, déi si sech och net iwwer eng finanziell Envelopp fir de Klima eens ginn. D’UN-Preparatiounskonferenz zu Barcelona huet och keng konkret Resultater bruecht.

De Klima dee waart net. Et gëtt eng Zäitfënster, an där muss gehandelt ginn, do ass jiddweree sech eens. Mä ass déi Zäitfënster net amgaangen zouzegoen?

Claude Wiseler: Also ech war emol frou, datt um Conseil européen awer och vun de Staats- a Regierungschefen eng kloer Positioun geholl ginn ass, datt och dat Zuelematerial wat d’Kommissioun virgeschloen hat akzeptéiert ginn ass, an och als europäescht Zuelematerial um Dësch läit.

Mir kënnen an dësem Moment als Europäer emol haaptsächlech eis Positioun klarifiéieren. Dat hu mir gemaach, mat enger Rei Saachen déi net am Detail fixéiert sinn. Alles kanns de och net viru Kopenhagen momentan am Detail fixéieren. A mat op där anerer Säit dann enger ganzer Rei diplomatesche Beweegungen, déi och d’Presidence, respektiv d’Kommissioun amgaangen ass mat Amerika, mat China, mat wiem och ëmmer an deem Dossier do nach mat dran ass.

Ech weess och, datt d’Zäit ganz kuerz ass. Et ass mir och wierklech net egal, well ech mengen, Kopenhagen muss e Succès ginn, well mir soss wierklech eng Chance verpassen, an där wäerten an deenen nächste Joeren hannendru lafen. Dofir kann ech elo nëmme soen, datt ech vun eiser Säit alles wäert dru setzen, dee klengen Deel dee mir kënnen eventuell bäileeën, datt mir deen och positiv do bäileeën.

Ech gesinn och all déi Schwieregkeeten, well mir nëmme méi ee Mount Zäit hunn, an nach enorm vill Froen op sinn, net geléist sinn, och nach enorm vill Diskussiounsfroe mat den Amerikaner, mat de Chineesen, mat de Developpementslänner wierklech momentan nach net geléist sinn. Dofir gesinn ech och d’Schwieregkeete vun deenen Diskussiounen, a gesinn och nach net richteg, wat dann eng definitiv Conclusioun an dëser Etapp gëtt.

Mä mir hunn awer d’Hoffnung net opginn, datt mir e Stéck zu Kopenhagen weider kommen.

Mick Entringer: Dat ass de Chrëschtcadeau fir dëst Jor, vläicht?

Claude Wiseler: Ech hoffen, datt et ee gëtt, jo.

Mick Entringer: Wéi ass Lëtzebuerg zu Kopenhagen vertrueden, ass dat scho geregelt? Reest de Premier dorop? Et si jo scho 40 Staats- a Regierungschefen déi sech ugemellt hunn an Dänemark. Reest Dir als [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Ech reese ganz sécher dohin. Et ass normal, datt den Ëmweltminister muss do sinn.

Ech denken, datt och déi Ministeren déi nach direkt, indirekt concernéiert ginn, ech weess, datt d’Madame Jacobs och zu engem Deel, als Kooperatiounsminister och wäert präsent sinn, well och eng ganz grouss Fro sech stellt, wéi d’Ënnerstëtzung vun de Kooperatiounslänner an hir Klimafro ass.

Ob de Staatsminister dohinner geet, hänkt e wéineg och elo of, wat an deenen nächste Wochen, an deenen nächste Méint geschitt. Do ass nach keng Décisioun geholl.

Mick Entringer: Komme mir um Enn vun der Emissioun "Riicht eraus" nach eng Kéier zréck op Lëtzebuerg bei d’Themen Ëmwelt a Klima hei am Land.

E Schlagwuert “Verschrottungsprim�?, déi leeft um Enn vum Jor aus. Gëtt se verlängert? Gëtt se d’selwecht chiffréiert tëscht 1.500 an 2.500 Euro ofhängeg vum CO2-Ausstouss vum Auto? Wat ass do geplangt?

Claude Wiseler: Dir wësst jo, datt déi Primen, esouwuel déi Car-e Prime, wat déi Prime ass déi ee kritt wann een Autoë keeft, déi ënner 120 CO2-Gramm, CO2-Ausstouss hunn, wéi – et war déi sougenannte Car-e Plus – déi Verschrottungsprime Enn des Jors auslafen. Mir si momentan amaangen e Reglement ze finaliséiere fir ze kucken, wéi dat d’nächst Jor weider geet. Detailer wëll ech elo haut nach net soen, well ech déi muss an deenen nächste Wochen am Conseil definitiv adoptéiert kréien.

De Prinzip ass deen, datt mir op där enger Säit wëllen déi klassesch Car-e Primë selbstverständlech wëlle weiderféieren, mä modifizéiert an deenen nächste Joeren. Well mir wëllen all Jor kucke wéi d’technesch Evolutioun ass fir se deelweis un déi technesch Evolutioun ze adaptéieren. Well et ass jo esou, datt och d’Technik an den Autoen evoluéiert, datt déi Autoen déi 120 Gramm haten, an déi domat wegweisend waren, och d’Technologie elo wäert nach méi Progrüs gemaach hunn, a mir wëllen deenen och an de Primë Rechnung huelen.

An iergendzwousch musse mir och aus der Verschrottungsprime, déi e Sënn hat am Konjunkturpak fir eng Zäit, dat ass awer keng Prime déi geduecht ass fir éiweg ze halen, datt mir do eng Sortie wäerte maachen. Wéini déi elo gemaach gëtt, dat ass nach net momentan fixéiert [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Dat heescht, et ass nach net kloer, ob d’Verschrottungsprime d’nächst Jor nach weider leeft?

Claude Wiseler: Ech denken, datt mir dovunner ausginn, datt se nach en Deel vum nächste Jor wäert weider lafen. D’definitiv Detailer gidd Dir, denken ech, a 14 Deeg spéidstens gewuer.

Mick Entringer: Vläicht nach e Wuert zur Verschrottungsprime. Wéi nohalteg ass d’Verschrottungsprime, well eigentlech ass et jo éischter e Cadeau fir e Secteur? Am Fong ass et eng sozial Mesure fir e Beruffsverband?

Claude Wiseler: Jo, déi Konjunkturprime war jo och deelweis entstanen am Kader vun engem Konjunkturpak, esou datt se och zu engem Deel esou ze verstoen ass.

Ech wëll awer soen, déi ganz Primen déi mir hei gemaach hunn, hunn natierlech awer och en Ëmweltaspekt. Wann ech einfach d’Zuele kucke vun deem wat erreecht ginn ass mat deene Primen, da stelle mir ganz einfach fest, datt vun 2007 op 2009 d’Zuel vun deenen Autoen déi verkaaft gi sinn an engem Jor, sech verduebelt huet vun deenen Autoen déi ënner oder manner wéi 120 Gramm CO2 hunn, verduebelt huet.

Mick Entringer: Mä fir esou en Auto ze produzéieren, do brauch ee vill Energie, an déi aner déi leien elo op engem Tipp gestapelt. Déi hätt een och nach kënne fuere vläicht e puer Joer?

Claude Wiseler: Dat ass richteg, mä si hätten natierlech enorm vill och ausgestouss. A wann ee gesäit, wéi mir mat den Zuelen am allgemenge konnten erof goen, a wat elo vun eisem Parc automobile den Ausstouss ass, dee mir awer ëm 6,8% par rapport zu 2007, vum CO2-Ausstouss erof gesat hunn, wat zolitt Tonne sinn, déi mir erof konnte fueren an den Emissiounen, déi Lëtzebuerg gemaach huet, ass dat awer substantiell. Also ech wëll just [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Sinn dann do d’CO2-Emissioune bäigerechent déi entstinn, wann een den Auto produzéiert?

Claude Wiseler: Neen, selbstverständlech net. Hei sinn déi CO2-Emissiounen dobäi gerechent, déi mir als Lëtzebuerg ausstoussen, beim normalen daagdeegleche Gebrauch vun eisem Autosverkéier.

Dir kënnt natierlech déi do Rechnungen, déi Dir elo maacht, op all Produit maachen, wann Dir en ekologeschem Produit kaaft, dat kënnt Dir och bei de Frigoë soen, wou Primë gemaach gi fir ekologesch Frigoen ze kafen, do kënnt Dir och do d’Produktioun vun deenen dobäi rechnen, wat se kascht, wat se net kascht, a wéi dat ze huelen ass.

Mir sinn hei amgaangen ze kucken, datt mir a sech den Ausstouss vum CO2 esou wéi en definéiert ass, och kënne mat deene verschiddene Moossnamen déi mir ëmsetzen zolitt erof setzen. An dee ganze Pak, dee mir wäerten no der Konferenz vu Kopenhagen op d’Bee setzen, wat e Plan national d’action fir de Klimaschutz ass, dee soll och chiffrabel weisen, op wat fir enge verschiddene Punkte mir wëllen agéiere fir d’Ziler vu Kyoto och zu Lëtzebuerg z’erreechen.

Elo wëll ech awer nach hannendru soen, well dat och wesentlech ass, datt déi Zilsetzung déi mir eis gesat hunn, ganz schwiereg ass zu Lëtzebuerg alleng z’erreechen, datt mir wahrscheinlech och mussen an deene verschiddene Szenarien déi méiglech sinn, op Flexibilitéitsmechanismen zréck gräifen. Mä fir mech ass et kloer an däitlech, datt déi éischt Efforten, déi musse gemaach ginn, och Effortë sinn, déi mir zu Lëtzebuerg maache fir eisen heemgemaachenen CO2-Ausstouss erofzesetzen.

An dat ass dee Programm, dee mir am Januar, Februar wäerten zesumme mat de Partner, de Leit, de Gemengen, respektiv de Mouvementer opsetzen.

Mick Entringer: Dat heescht, Nohaltegkeetspolitik fänkt doheem un.

Claude Wiseler: Ganz kloer.

Mick Entringer: Voilà, et ass genee eng Auer, de "Riicht eraus" ass eriwwer. Merci villmools, Claude Wiseler, datt Dir Zäit fonnt hutt, bei all Ärer viller Aarbecht, de Wee ze fannen an de Studio vum Radio 100,7.

Dernière mise à jour