Claude Wiseler au sujet du ministère du Développement durable et des Infrastructures

Background am Gespréich, haut also mam Claude Wiseler. Gudde Mëtteg, Här Wiseler.

Claude Wiseler: Gudde Mëtteg.

Francine Closener: "Superminister" gitt Dir genannt, anerer schwätzen och vun engem Monsterminister. Wat hutt Dir dann déi lescht Joeren esou verbrach, datt Dir dee Ministère do krut?

Claude Wiseler: Also esou laang se net Monsterminister soen ass et jo gutt. Ech hunn näischt verbrach, mengen ech op jiddwer Fall. Ech hunn hei eng Rei Responsabilitéite kritt, wou probéiert ginn ass dat zesummen ze féiere wat logesch zesumme gehéiert, fir eis ze hëllefen d'Politik esou ze gestalten, datt mir weider kommen, uerdentlech weider kommen, schnell weider kommen a kohärent weider kommen. Et ass e Ministère deen extrem interessant ass, mä, ech hunn dat elo an deene leschte Woche gemierkt, deen och extrem vill Aarbecht ofverlaangt.

Francine Closener: Sidd Dir frou, datt Dir d'Fonction publique lass sidd?

Claude Wiseler: Ech si frou, datt ech deen hei Ministère hunn. Ech hunn d'Fonction publique och gär gemaach, mä déi nach dobäi ze maachen, dat wier awer wierklech net méi méiglech gewiescht.

Francine Closener: An dat gëtt och elo net esou einfach an deem Ministère?

Claude Wiseler: Ech mengen, deen hei Ministère huet nu wierklech eng Rei ganz grouss Erausfuerderungen a sech op deene verschiddenste Pläng an et gëllt do villes gemeinsam ze gestalten, zesummen ze féieren an déi richteg Solutiounen ze fannen am Equiliber vun deene verschiddene Komponenten, am Equiliber vun der Ëmwelt, vu Mobilitéit, vum Transport, vum Bau, alles dat musse mir elo kucken heemzekréien.

Francine Closener: Also, wéi gesot als Rappel nach eng Kéier, Bauten, Transport, Ëmwelt a Landesplanung sinn elo ënner Ärer Tutelle. Dat Ganzt nennt sech Ministère vun der nohalteger Entwécklung. Mir hunn emol e puer Leit op der Strooss gefrot, wat dat eigentlech fir si ass.

[Micro trottoir]

Francine Closener: Claude Wiseler, wéi ass dann Är Erklärung?

Claude Wiseler: Et waren e puer méi vague Erklärungen elo hei, awer och der puer déi dem Sujet méi no komm sinn. Ech mengen, nohalteg Entwécklung ass am Fong ze probéieren déi politesch Zilsetzung fir dat Ekonomescht, dat Sozialt an dat Ekologescht an der Politik déi ee mécht mateneen ze verbannen. Am Fong dat Dräigespann vun der Nohaltegkeet wat Ekonomie, Soziales an Écologie ass. An dat Ganzt am Kader vun 2 Achsen, esou gesinn ech et op jiddwer Fall: an enger zäitlecher Achs, dat heescht, all Décisioun déi een an deem Dräigespann do hëllt, déi muss esou sinn, datt se iwwer d'Joeren, iwwer d'Zäit, iwwer d'Generatioune valabel ass an och deem Rechnung dréit wat déi Leit brauchen déi no eis kommen. An déi zweet Achs dat ass, géing ech soen, méi eng geographesch Achs, Nord-Süd Achs, wann een et vun Europa aus kuckt, fir ze soen, datt alles dat wat mir décidéieren net nëmme just fir eis alleng ka sinn, mä och Rücksicht muss huelen op dat wat ronderëm eis ass, op d'3. Welt, op all déi Problematik déi entsteet wa mir net op d'Allgemengheet kucken.

Francine Closener: Mä an deem Sënn, wann een dat do elo alles consideréiert, dann ass jo am Fong all Ressort betraff an net nëmmen déi 4 déi Dir elo hutt. War dat dann net awer iergendwéi en arbitrairë Choix fir ausgerechent déi 4 ze huelen?

Claude Wiseler: Et ass sécher, datt den Nohaltegkeetsgedanken, en Développement-durable-Gedanken een ass deen duerch all Politik, egal wat se ass, ob dat Finanzpolitik ass, esouguer Aussepolitik muss erafléissen. Fir déi hei [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Dat heescht, Dir schwätzt deenen aneren do mat dran, Äre Ministeschkollegen.

Claude Wiseler: Ech mengen, an der Regierungserklärung ass et esou, datt den Développement durable, d'Nohaltegkeet an alle Kapitele souwisou scho mat steet. Ech schwätzen net do mat eran, mä ech mengen, datt dës ganz Regierung vun dem Nohaltegkeetsgedanke gedroen ass. Fir wat hu mir [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Mä hutt Dir da Kompetenzen, zum Beispill an engem Sträitfall mat engem anere Minister? Hutt Dir da Kompetenze fir ze soen, et geet elo esou wéi ech et gären hätt?

Claude Wiseler: Neen. D'Regierung fonctionnéiert esou, datt jiddwer Minister seng Responsabilitéite fir déi Departementer huet. Ech hu genuch Kompetenzen, muss ech éierlech soen, mat deene 4 Departementer déi ech elo hunn an an deenen Departementer ass et natierlech och esou, datt eng Rei Froe sech wäerte stellen, déi mat aneren Departementer mussen ofgeschwat ginn.Wann Dir responsabel fir Ëmweltfroe sidd, déi stelle sech natierlech an aneren Departementer och. An do hunn ech natierlech Kompetenze fir dann a verschiddene Sujeten, déi d'Ëmwelt concernéieren, och mat ze schwätzen. Dat hunn ech och wëlles ze maachen.

Mä fir zréck ze komme fir wat mir déi hei 4 Saachen elo zesumme gestallt hunn, dat ass awer eng Zilsetzung gewiescht, well hei iwwer den Transport, iwwer d'Bauten, iwwer den Aménagement du territoire mir och d'Méiglechkeet haten, mat der Ëmwelt zesummen, verschidde Saachen zesummen ze brénge wou et méi einfach ass an der Politik weider ze kommen, Kompetenzen zesummen ze bréngen, déi zesumme gehéieren. Mir hunn hei all Instrumenter fir zum Beispill eng kohärent Mobilitéitspolitik an all hiren Aspekter ze maachen. Ob dat elo zuch-, schinnegebonnen ass, ob dat elo den Individualverkéier ass, ob dat den ëffentleche Verkéier op der Strooss ass, d'Mobilité douce, d'Foussgänger, alles dat gehéiert elo an ee Ministère, ka kohärent gestalt ginn. A mir hunn och d'Méiglechkeet fir de ganze Prozess vun eisen Décisiounen duerchzegoen. Duerch de Fait, datt de Landesplanungsministère Departement an deem Ministère ass, kënne mir d'Planificatioun am Grëff behalen, mir kënnen d'Realisatioun duerch den Transport op där enger Säit, duerch d’Travaux publics op där anerer Säit am Grëff behalen an zu engem Deel duerch den Transport an d’Travaux publics och den Entretien an d’Benotze vun deenen Infrastrukturen, plus déi ganz Prozedur vun den Autorisatiounen iwwer d'Ëmwelt, esou datt do awer eng Rei Kompetenzen an enger Hand sinn, wou d'voll Responsabilitéit bei engem, respektiv hei beim Här Schank a bei mir läit.

Francine Closener: Sidd Dir dann net der Meenung, datt op d’mannst d'Energie nach dobäi gehéiert hätt oder wollt d'LSAP déi net hierginn?

Claude Wiseler: Neen, dat ass d'Fro net. Mä ech sinn der Meenung, datt ee villes hätt kënnen, wann een d'Thema esou kuckt, dozou passen doen. Mä op där anerer Säit muss een natierlech och kucken, datt esou Departementer fonctionnéieren. Op där enger Säit kritt ee gesot, do feelt nach dat eent oder dat anert, op där anerer Säit kritt ee gesot, Dir hutt souwisou esou schrecklech vill, wat richteg ass. Et muss een also suergen, datt een eng efficace fonctionnéierend Regierung huet. Méi wier net hei gaangen.

Francine Closener: Dir sidd jo elo eigentlech zu 2 an deem Ministère, Dir an de Marco Schank: Wie mécht dann elo wat? Ass de Marco Schank de Mann deen op den Terrain geet an Dir huelt d'Décisiounen, esou als Éminence grise?

Claude Wiseler: Also, ausser datt ech elo gro Hoer hunn, hunn ech net vill vun enger Éminence grise. Mir hunn eng Aarbechtsopdeelung gemaach. Éischtens wëll ech soen, datt ech frou sinn, datt ech déi Aufgab hei mam Marco Schank kann zesumme maachen, well ouni hien, mengen ech, hätt ech de ganze Volume vun der Aarbecht net alleng gepackt, well et der einfach vill ass. Et huet och keng 2 Sekonne gebraucht, wéi de Staatsminister mech gefrot huet, ob ech d'accord wier fir mam Marco Schank zesummen ze schaffen, fir Jo ze soen, well ech mengen dat ass eng gutt Saach.

Wéi organiséiere mir dat? Mä a priori ass et esou, datt déi politesch Décisiounen, déi politesch Richtlinnen, déi definéiere mir zesummen an do setze mir eis zesummen a kucken, datt mir kloer wësse wou mir higinn an a wat fir eng Richtung den Zuch geet. An dann ass et awer esou, datt et einfach vun der Quantitéit vill ass, datt et net méiglech ass alles zu 2 ze maachen. Dat heescht, et ass scho kloer eng Aarbechtsopdeelung an deem Departement wat déi praktesch Aarbecht ugeet. Mir hunn ofgemaach, datt op där enger Säit ech mech haaptsächlech ëm d’Travaux publics an ëm den Transport wäert bekëmmeren, datt de Marco Schank sech noutgedrongenerweis, well en dat a senger eenzeger Kompetenz bei sech huet, ëm de Logement wäert bekëmmeren an datt mir déi Departementer vun dem Aménagement du Territoire a vun dem Environnement no Themen, no Aarbechtsthemen opdeelen, datt jiddwereen do en Deel vun deenen Theme mécht.

Zum Beispill wäert ech mech an deenen nächste Méint vill ëm déi ganz Diskussioune vu Kopenhagen a Kyoto bekëmmeren. Den Här Schank wäert sech ganz vill ëm dat wat den Naturschutz ugeet bekëmmeren, just fir Iech ee Beispill ze ginn, där kéint een elo nach eng ganz Rei ginn, mä mir hunn eng kloer an däitlech Opdeelung esou gemaach.

Francine Closener: Awer déi politesch Décisiounen huelt dir zesummen?

Claude Wiseler: Jo.

Francine Closener: Gesat de Fall Dir sidd Iech net eens, dann hutt Dir awer d'lescht Wuert?

Claude Wiseler: Ech mengen, datt mir eis eens ginn, datt déi Fro sech net stellt. Ech hu gesot, ech si frou, datt den Här Schank mat mir an deem Departement ass, well et ass esou, datt wann een eis zwou Liewensgeschichte kuckt, him seng a meng, da sinn déi total verschidden: ganz aner Erfahrungen, ganz aner Horizonter. Mam Resultat, datt et am Fong ganz kuerz war fir eis mat der Opdeelung vun eiser Aarbecht eens ze ginn, well eis Interessien déi esou opgedrängt hunn, datt mir iwwerhaapt keng Schwieregkeeten haten. Dofir sinn ech frou hien ze hunn, well ech domat eng Erfahrung an dee Ministère mat era kréien, déi hie matbréngt an déi extrem wäertvoll ass. Mir ginn eis op all deene Sujeten eens.

Francine Closener: Dir hutt vill op der Lee, wann Dir wëllt alles maache wat am Regierungsprogramm steet bei Äre Ressorten. Mä emol ganz konkret, Här Wiseler, wat ass dann elo Är absolut Prioritéit? Woumatter fänkt Dir elo un? Mat wéi engem Projet, mat wéi engem Dossier?

Claude Wiseler: Vum Kalenner hir ass et kloer, datt 3 Prioritéite wäerten an deenen nächste Wochen, nächsten Deeg elo schonn op eis zoukommen. Dat éischt ass déi ganz Diskussioun vu Kyoto, vum Klimaschutz, ganz einfach well mir am Dezember déi Konferenz hunn. Déi muss virbereet ginn, do ass extrem vill elo schonn ze maachen an do wëlle mir och an der ëffentlecher Diskussioun zesumme mat der Chamber d'Leit mat dran implizéieren. Do gëtt et vill ze explizéieren, well dat alles net esou ganz einfach an evident ass.

Zweet grouss Prioritéit, dat ass déi vun der Mobilitéit. Do sinn an deenen nächste Méint eng Rei Décisiounen ze huelen, do musse mir déi Konzepter finaliséieren, déi eis [inaudible], ech denken, datt mir duerno jo nach drop zréck kommen, mä de Mobilitéitsdossier ass fir mech en absolut prioritären Dossier.

An drëtten Dossier elo fir déi nächst Wochen, dat ass dee vun der Simplification administrative. De Staatsminister huet jo d'Responsabilitéit selwer bei sech geholl, zesumme mat der Madame Modert. Et ass awer och esou, datt e groussen Deel vun deene Gesetzestexter, vun deene Prozeduren, där déi Simplification administrative muss ënnerleien, elo an deem grousse Ministère da sinn an datt och do muss gekuckt gi wéi mir eis Prozeduren intern an an de Gesetzer kënnen esou maachen, datt mir efficace kënne schaffen. Ech wëll dat direkt maachen, well wa mir et bis gemaach hunn, mengen ech, datt mir och an eiser dagdeeglecher Aarbecht wäerten dovunner profitéiere fir méi schnell weider ze kommen. Also dat ass fir mech en absolut prioritären Dossier och.

Francine Closener: Et gi jo vill Leit déi fäerten et géif op d'Käschte vum Ëmweltschutz goen, wann elo méi séier Décisioune geholl ginn, zum Beispill Baugenehmegungen.

Claude Wiseler: Ech weess, datt vill Leit dat fäerten, ech denken awer, datt déi Angscht nu wierklech onbegrënnt ass. Et geet hei drëm fir d'Prozedure méi einfach ze maachen, fir datt d'Leit wëssen a wat fir engen Délaië si eng Äntwert kënnen erwaarden a fir datt si déi Äntwert och kënnen an deene Délaië kréien. Ech mengen, dat dréit zur Akzeptanz vun där ganzer Politik bäi, wa mir d'Definitioun vun eise Critèrë méi kloer maachen, wa mir d'Délaië méi kloer an transparent fir jiddweree festsetzen a wann och d'Administratiounen déi Délaien dann anhalen; dat ass wierklech eng Fro vun der Akzeptanz dobaussen, dat brauche mir, erliichtert eis Aarbecht, erliichtert d'Akzeptanz vun de Leit dobaussen.

Francine Closener: Bleiwe mir emol nach bei der Mobilitéit. Dir hutt Iech gëschter op der Oeko-Foire nach eng Kéier explizit fir den Tram ausgeschwat. Verspriecht Dir dann héich an helleg, datt deen Tram kënnt? Datt Dir och d’Sue kritt vum Finanzminister, egal wéi et dann ausgesäit mam Budget?

Claude Wiseler: Mir si jo elo a Budgetsdiskussiounen. All déi Projeten déi mir amgaange sinn ze plange sinn ënner finanziellem Virbehalt, well mir net wësse wéi et an deenen nächste Méint, an deenen nächste Joere weider geet. Dat ass dat éischt. An da geet et drëm, datt mir an der ganzer Organisatioun vun deem wéi mir déi Aarbechten, déi Bauaarbechten, Preparatiounsaarbechten an der Mobilitéit wëlle maachen, wéi mir do Prioritéite setzen.

Dann ass meng zweet Saach déi ech hannendru soen, datt, esou wéi mir elo amgaange sinn dat z'organiséieren, den ëffentlechen Transport wäert Prioritéit sécherlech hunn. Mir brauchen en ëffentlechen Transport deen déi Capacitéiten huet déi mir mussen hu wann, an dat hoffen ech, déi Entwécklung weiderfiert vun eisem Land, wéi se an deene Joere virdru war. Mir brauchen e kohärenten ëffentlechen Transport, wou s du kanns vun engem Mobilitéitsinstrument op dat anert eriwwer klammen; wou s du kanns iwwer den Zuch an den Zentrum Stad oder op aner Plazen era fueren a mir brauchen och – an ech soen dat kloer – e Feinverdeelungsinstrument an der Stad, an deene grousse Bléck wou vill Leit schaffen a vill Leit wunnen an do ass den Tram dat idealt Instrument. Mir sinn elo amgaang um Tram weider ze schaffen, zesumme mat eisem Partner Stad Lëtzebuerg a mir maachen dat esou schnell wéi méiglech an ech wäert kucken, datt déi Dossieren och schnell weiderginn.

Francine Closener: Wann Dir Iech dann elo net eens gitt mat der Stad iwwer d'Finanzéierung, iwwerhëllt de Staat dann alles?

Claude Wiseler: Dat si wesentlech Diskussiounen déi ze féiere sinn a mir mussen eis eens gi mat der Stad Lëtzebuerg.

Francine Closener: Mä Dir verspriecht [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: D'Stad Lëtzebuerg muss sech och mat eis eens gi well ech jo weess, well ech vill mat der Majoritéit an der Stad jo och Diskussiounen hat, wéi interesséiert si un deem Projet sinn. Wa béidersäiteg den noutwennegen Interessi do ass, dann ass och d'Chance grouss, datt mir zu enger Eenegung kommen. Mä d'Diskussioune sinn net einfach, well d'Finanzsituatioun, bei deenen Enge wéi bei deenen Aneren net evident ass.

Francine Closener: Mä et kann een Iech beim Wuert huelen, den Tram kënnt?

Claude Wiseler: Ech maachen alles fir d'Dossiere weiderzedreiwen.

Francine Closener: Dir hutt dës Woch och vun enger Mobilitéitskett geschwat, wou ee Glidd an dat anert gräift. Dat heescht et ginn och nach Stroossen awer ausgebaut. D’Diddelenger an d'Areler Autobunn och?

Claude Wiseler: Alles dat ass eng Fro vun de finanzielle Capacitéiten déi mir wäerten an deenen nächste Joeren hunn.

Wësst Dir, déi Diskussioun iwwer den Ausbau vun der A3 an der A6 tëscht Beetebuerg a Mamer, dat ass esou eng Diskussioun déi heiansdo esou gefouert gëtt wéi ech se net gär féieren: d'Schinn géint d'Strooss an deen een Transport géint deen aneren Transport. Esou wëll ech se net féieren. Ech kucke wat de Besoin ass, ech kucke wat all Dag op deenen Autobunne lass ass, gesinn all déi Problemer, notamment Sécherheetsproblemer déi mir hunn a soen, datt mir mussen eng Rei Léisungen do fannen.

Dann ass et esou, datt ech mengen, datt eng ganz Erweiderung oder eng deelweis Erweiderung – do muss een ebe kucke wat d'Finanzen eis hierginn – eis awer ka wesentlech méi Sécherheet op der Strooss bréngen an et gëtt eis eppes wat fir mech och efficace ka sinn. Et gëtt eis d'Geleeëenheet fir op deenen Autobunnen dem ëffentlechen Transport eng Prioritéit ze ginn. Gi mir un déi Autobunn schaffen, da mengen ech ass et noutwenneg, datt mir se esou organiséieren, datt mir och kënnen dem ëffentlechen Transport, dem Bus, speziell Pisten op der Autobunn gi fir him eng Prioritéit do ze ginn. Alles dat ass e wéineg méi komplex wéi just déi do Fro A3, A6, ëffentlechen Transport oder Strooss géint Schinn, esou stellt d'Fro sech net. D'Fro stellt sech vill méi komplex an ech géing se och gär mat jiddwerengem méi komplex féieren, datt een déi richteg Zilsetzunge viraus schéckt.

Francine Closener: Also et ass nach net fir haut oder muer?

Claude Wiseler: Ech mengen, et ass eng Diskussioun déi elo muss gefouert ginn. Et ass eng Budgetsdiskussioun déi doriwwer muss gefouert ginn. Sécherlech kënne mir deen Ausbau esou wéi en a sengem Ganze geplangt ass, net an engem Block zesumme maachen. Dat ass, mengen ech, an deene finanzielle Gegebenheete wou mir elo sinn net dran.

Francine Closener: Wéini gëtt d'Nordstrooss fäerdeg?

Claude Wiseler: Dat ass elo eng vun deenen allerschwieregste Froe vum Dag. Prinzipiell ass et esou, datt dee leschten Tunnel, dat ass den Tunnel Stafelter, do hunn am September 2008 d'Génie civile Aarbechten ugefaangen. Dee brauch ronn 48 Méint, éier d'Génie civile Aarbechte fäerdeg sinn. Dat bréngt eis also op 2012 bis den Tunnel fäerdeg ass. Da bleiwen do hannendrun nach all déi Aarbechte vun dem Électro-mécanique, vun der Sécherheet, vun dem Oftesten, vun dem Préiwen ze maachen. Iwwer déi ginn ech net gär definitiv Aussoen, well mir bei deem leschten Tunnel Gousselerbierg gewisen hunn, datt dat relativ schwéier steierbar ass. 2012 ass Génie civil fäerdeg, da brauche mir awer nach eng gutt Zäit do hannendrun, bis mir d'Électro-mécanique an d'Oftestung vum Tunnel gemaach hunn. Méi wëll ech elo net als zäitlech Ausso maachen, well et sinn der schonn ze vill an der Lescht falsch gewiescht.

Francine Closener: Normal ass dat jo awer net, wéi laang datt dat alles dauert?

Claude Wiseler: Dir musst jo och wëssen, mir maachen déi do Strooss an Etappen. A wa mir se an Etappë maachen, dann heescht dat, datt mir eng Etapp no där anerer maachen an och net d’Capacitéiten hu fir alles zesummen an engem Moment ze maachen. Da wësst Dir, datt mir och a verschiddenen Deeler vun där Strooss Schwieregkeeten haten, zum Beispill wéi den Tunnel Gousselerbierg an der Constructioun, wann ech dat einfach ausdrécken, gerutscht war, also Délaië komm si well mir am Tunnel Grouft déi Sécherheetsmoossnamen, nodeems datt en eng Kéier geplangt war, komplett ëmgestallt hu well europäesch aner Direktivë komm sinn, aner Obligatioune komm sinn, dunn huet eng ganz Ëmplanificatioun vum Tunnel musse gemaach ginn. Et sinn eng Rei Délaien déi explicabel sinn, déi iergerlech sinn, och fir mech, mä déi awer explicabel sinn. Ech hoffen, datt mir elo an deem Kalenner wou mir sinn, d'Enn vum Tunnel gesinn, wann ech mech emol esou dierf ausdrécken.

Francine Closener: Zil vun der Regierung ass jo am Fong fir am Jor 2020 e Modal split ze hu vu 25/75. Haut si mir bei 14/86. Gleeft Dir nach dodrunner, datt mir dat an 10 Joer hikréien?

Claude Wiseler: Ech schaffen dru fir datt mir et hikréien an ech setze meng ganz Kraaft dran, well ech iwwerzeegt sinn datt, wann d'Evolutioun vu Lëtzebuerg esou weider geet wéi mir et hoffen, datt se weider geet, mir einfach dat do brauchen. Dat heescht, datt mir mussen den ëffentlechen Transport méi attraktiv gestalten, him méi Capacitéit do wou mir se brauche ginn an dofir all déi Efforten an déi Prioritéiten déi mir setzen, och finanziell Prioritéiten, op den ëffentlechen Transport, sinn einfach a mengen Aen eng Noutwennegkeet. Ech soen awer och hannendrun, datt dat einfach gesot ass, et ass eng Noutwennegkeet. Normalerweis soen d'Leit och, OK en huet Recht wann en dat esou seet. Da stellen ech just fest, wa mir dat wëllen an d'Realitéit ëmsetzen, ganz einfacht Beispill vun de Busspuren déi op de Stroosse gemaach ginn, da kréie mir schonn erëm eng ganz aner Diskussioun, well et dann ëm d'Realitéit vun der Ëmsetzung geet.

Francine Closener: Woubäi d'Leit dann och gesinn, datt vill eidel Bussen iwwer d'Busspure fueren, dat ass jo och net onbedéngt ganz glécklech.

Claude Wiseler: Neen, dat ass och net onbedéngt ganz glécklech, erkläert sech awer zu engem Deel, datt e Service offréiert gëtt, wou mir d'ganzt Land wëllen domatter desservéieren. Op där anerer Säit muss een dat Ganzt eng Kéier selbstverständlech och duerchkucken, aner Modeller an d’Plaz setzen, wéi zum Beispill de Ruffbus, dee mir amgaange sinn zu Capellen ze probéieren, fir ze kucke wat dat als Alternativ ka bedeiten. Mir sinn also do amgaangen ze probéiere Modeller erauszefanne wou et méi einfach geet.

Mä fir op d'Busspuren zréck ze kommen, wa mir wëlle Prioritéit maache fir den ëffentlechen Transport, da sinn d'Busspuren einfach eng logesch an eng normal Saach. Et sinn eng Rei Bussen eidel, ma wann de Bus méi attraktiv ass, wa mir e méi acceleréiert kréien, wa mir ëm erlabe säin Horaire méi anzehale wéi en dat heiansdo vläicht elo mécht, da gëtt en och méi attraktiv, da klammen och méi Leit dran, da sinn d'Stroossen och méi eidel an de Bus méi voll. Dat hätte mir gären.

Francine Closener: Da si mir gespaant.

Claude Wiseler: Ech och.

Francine Closener: Här Wiseler, munch ee fäert jo, datt d'Ëmwelt ze kuerz kënnt wann de Bauteminister iwwer den Ëmweltschutz kann décidéieren. Ass et effektiv glécklech, datt de Bauteminister bei engem grousse Bauprojet sech selwer de Feu vert ka ginn, amplaz datt e sech, wéi bis elo, mat engem anere Minister op d’mannst huet mussen ausernee setzen? Et gëtt jo guer kee garde-fou méi?

Claude Wiseler: Dat ass net richteg, wann een et esou seet, wéi Dir et elo gesot hutt. Mir hunn nach ëmmer déi selwecht Gesetzer wéi virdrun. An den Ëmweltminister, respektiv hei de Minister dee responsabel ass fir d'Ëmwelt, muss déi selbstverständlech och anhalen. Wann ech dat kann esou vergläiche mat enger Rei rouder Luten déi gréng kënne ginn; wann Dir eng Prozedur maacht, dann hutt Dir verschidde Saachen ze kucken, verschidde Reglementer, verschidde Gesetzer. Et ass elo net esou, datt mir dat alles dann an engem grousse Pak zesummen décidéieren, mä et ass meng gesetzlech Flicht, an dat maachen ech och, fir ze kucken, datt jiddwer eenzel Lut vu rout op gréng wiesselt an datt mir jiddwer eenzelnen Aspekt vun enger Autorisatioun kucken, an den Ëmweltaspekt grad esou wéi iergend een aneren. A wann déi Lut rout bleift well e Problem do ass, da gëtt de Projet net gemaach. Par contre [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Do kënnt Dir net e bëssen drun dréine goen un der Lut, wann elo de Bauteminister awer fënnt, et wier awer wierklech néideg?

Claude Wiseler: Ech dréinen net un där Lut. Wann d'Gesetzer kloer sinn ass dat ganz kloer meng Missioun an ech mengen déi maache mir och esou. Dozou, well dat awer e wichtege Punkt ass, erlaabt mir e puer Saachen ze soen: dat éischt dat ass, datt ech awer mengen, datt, wat déi Zesummesetzung eis hei erlaabt, dat ass, datt ech Prozedure kann anescht gestalten. Ech hätt zum Beispill gär, datt wann e Projet bis entwéckelt gëtt, datt mir net wéi bis elo, wann de Projet bis entwéckelt ass, en dann an d'Prozedur geet an dann no 1 oder 2 Joer Aarbecht um Projet op eemol gesot gëtt, sou, elo hu mir e Problem do, elo gëtt e gestoppt, gebremst. Ech hätt also gär, datt deen Ëmweltgedanke scho vill méi fréi, ier mir iwwerhaapt um Projet ufänken, mat an d'Reflexioun, total mat an d'Reflexioun fléisst. A wa mir da soen, dat dot huet kee Sënn, da brauche mir guer net unzefänken en ze preparéieren. Dat ass e Risenavantage vun där heiter Zesummesetzung.

Ech hunn och d'Méiglechkeet Prioritéiten esou ze setzen oder ganz anescht ze setzen, datt se och elo deenen Ëmweltcritèren direkt sollen entspriechen. Och dat ass een Avantage vun deem Ministère.

A wann dann do wou d'politesch Décisiounsméiglechkeete spillen – well et si jo ëmmer Punkte wou d'Saachen net kloer sinn a wou dann d'Décisioun um Politiker läit, dofir ass d'Politik jo och do – da soen ech, da läit awer och d'voll Responsabilitéit bei deenen 2 Ministeren déi dat Departement hunn. Do si Spannungsfelder ëmmer do an ech niéieren déi jo och net. Mä ech soen, et ass awer och vläicht en Avantage, datt déi voll Responsabilitéit bei eis läit. De Projet gëtt net blockéiert, mir sinn obligéiert eng Décisioun ze huelen a mir wäerten déi huelen an der voller Responsabilitéit vun allen Aspekter vun deenen Departementer. Fir déi déi menge mir géingen elo mam Bagger hei duerch d'Ëmwelt fueren, do soen ech just einfach, datt si de Marco Schank a mech schlecht kennen, wa si dat esou soen. Mir setzen eis a fir déi Responsabilitéiten déi mir kruten.

Francine Closener: Ee Beispill wat elo ganz direkt a konkret op Iech duerkënnt ass jo dat vum Agrozenter zu Miersch, wat och gëschter nach eng Kéier vum Blanche Weber op der Oeko-Foire ugeschwat ginn ass. Kënnt deen dann elo effektiv an eng Gréngzon bei Pëtten oder gëtt do awer elo no enger Alternativ nach gesicht?

Claude Wiseler: Den Agrozenter ass, muss ech soen, en Engagement vun där Regierung virdrun. Ech mengen, datt de Projet IVL-konform ass an datt en, wann en iergendwou konfliktuell ass, en éischter konfliktuell ass mat dem Plan sectoriel paysages. Wann een awer elo kuckt, déi Coupure verte déi do entsteet oder déi do ass, da gesäit een, datt dee Projet un der Périphérie realiséiert gëtt an ech mengen och net, datt d'Biodiversitéit op dëser Plaz e Problem ass.

Francine Closener: Da si mir gespaant wéi et da weider geet.

Claude Wiseler: Jo.

Francine Closener: Claude Wiseler, Merci, datt Dir Iech Zäit geholl hutt fir dës Emissioun. Dat war et scho fir de Background vun haut. Haut an 8 Deeg geet et ëm d'Bankplaz. Den ABBL-Direkter Jean-Jacques Rommes ass dann Invité vum Guy Kayser an elo gläich kënnt de Journal.

Dernière mise à jour