Oppene Bréif vum François Bausch zum Ausbau vum Tram

An de leschte Wochen ass an der Presse vill iwwert den Ausbau vum Tram an der Neipuertsgaass geschwat ginn. D'Diskussioun huet et op der enger Säit un Kontext gefeelt, anerersäits goufen och einfach Ënnerstellunge kommunizéiert déi ech esou net wëll onkommentéiert loossen.

 

Fir op, et ass an et wäert net virgesi ginn, mam Tram duerch de Stater Park ze fueren.

 

Den nationale Mobilitéitsplang 2035 (PNM 2035), deen ech am Fréijoer presentéiert hunn, ass ee Gesamtkonzept an deem den Tram eng wichteg Roll spillt fir am urbane Raum, trotz Wuesstem, kënne mobil ze bleiwen. Et gëtt sech dorobber agestallt dass am Joer 2035, 400.000 Deplacementer méi an der Stad an a senge Randgemengen stattfannen (PNM 2035, S. 111). Mir hunn alleguerten een Interêt drun, d'Stad an den nächste Joren sou emzegestallten dass déi 400.000 zousätzlech Deplacementer op een attraktive Vëlos- an ëffentlechen Transport Reseau kënne stattfannen.

 

Aus enger éischter Tramslinn vu 16km déi a gutt 2 Joer wäert komplett funktionéieren, soll ee richtegen Tramsreseau entstoen. Deen Tramsreseau deen op der S.56 vum PNM 2035 beschriwwe gëtt, ass ee gutt duerchduecht Gesamtkonzept. D'Leit wäerten an Zukunft kënnen op engem Streckennetz vun iwwer 60km vum Tram profitéieren, op 14 Emsteigeplattformen ëmklammen an op 8 P+R hiren Auto stoe loossen.

 

Fir dass Lëtzebuerg ee stabillen an attraktiven Tramsreseau kritt, musse mer virsuergen. Mir musse verhënneren dass déi verschidden Tramslinnen sech géigesäiteg am Zentrum vun der Stad am Wee stinn.

 

Dofir ass virgesinn een neie Bypass fir den Tram duerch de Boulevard Royal an der Neipuertsgaass ze bauen. Dat erlaabt et eis den Tramsreseau mat engem dichten Takt ze fueren, d'Leit manner ëmklammen ze dinn a resilient ze sinn bei Betribsstéierungen.

 

Lo kann ee sécherlech 350 Meter Gleiser vum Tram an der Neipuertsgaass ouni Kontext iwwert Joren douddebattéieren an falsch Tatsaachen ënnerstellen. Vill méi sënnvoll wär et awer sech d'Fro ze stelle wat eng Mobilitéit een da gären an Zukunft a senger Stad hätt, y inclus enger Neipuertsgaass déi haut eng 20m breet Macadamsfläch ass a 4 Spuere fir Autoen a Bussen huet.

 

Wann mer weider isoléiert iwwert Deelchantier'en vum Tram debattéieren, da wäert dat Konsequenze fir de gesamten Tramsreseau, den Emsteigplattformen, de Buskonzepter an de Bau vu P+R hunn. D'Mobilitéit, d'Ekonomie an och d'Liewensqualitéit wäert dorënner leiden.

 

D'Equipe vu Luxtram hunn an der Vergaangenheet schonn oft bewisen, dass si och op sensibelen Trassen eng méi schéi Stad hannerlooss hunn wéi se virum Tram war an dass eng Mobilitéitsoffer verbesseren an am selwechten Otemzuch eng Stad Begréngen net am Widdersproch stinn.

 

D'Neipuertsgaass an d'Entrée vum Stater Park wäerten no den Aarbechte méi schéin a méi gréng hannerlooss gi wéi se virfonnt goufen.

 

Mir investéiere pro Kapp souvill an d'Schinn wéi keen anert d'Land an Europa. An enger Welt wou iwwerall no Léisunge gesicht gëtt wéi mer d'Klima- an d'Engergiekris kënnen iwwerwannen, gëtt Lëtzebuerg am Ausland als een exemplarescht Beispill zitéiert a gelueft. Mir weisen hei am Land konkret wéi d'Verkéierswenn gelénge kann.

 

Komm mir verfalen net erëm an eng Debattenkultur aus dem leschte Joerhonnert. D'Douddebattéieren vu Projet'en huet der Ëmsetzung vun der éischter Tramslinn 15 wichteg Jore kascht. Elo benotzen 80.000 Leit den Tram pro Dag, d'Stad ass haut méi schéin wéi virum Tramschantier a jiddereen ass zefridden.

 

Mir hunn keng Zäit méi. D'Leit an eis Stied brauchen elo eng Äntwert op d'Klima- an Energiekris. Dat huet dëse Summer mat sengen Temperaturrekorden nach eemol androcksvoll gewisen.

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Aktualiséiert