Afepouken

D'Afepouke sinn eng Zoonos, déi duerch de Virus vun den Afepouken ausgeléist gëtt, dee säit e puer Méint an Europa circuléiert. Den 23. Juli 2022, huet d'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) de weltwäite Gesondheetsnoutstand wéinst Afepouken deklaréiert.

D'Strategie fir d'Iwwerdroung vu Mënsch zu Mënsch vun den Afepouken ze reduzéiere baséiert op follgende Moossnamen:

  • Fréizäiteg Erkennung vu méigleche Fall duerch den Tracing vu Kontaktpersounen;
  • Fréizäiteg Identifizéierung vun de Fäll duerch spezialiséiert Evaluatiounen a Confirmatioun duerch PCR;
  • Isolatioun vun infizéierte Patienten;
  • Duerchféierung vu Moossname fir d'Preventioun an d'Iwwerwaachung vun der Infektioun am Gesondheetswiesen;
  • Impfung vu Risikogruppen.

No de Recommandatioune vum Ieweschte Rot fir Infektiounskrankheeten (CSMI, Conseil supérieur des maladies infectieuses) am Kontext vun den Afepouken, gëtt d'Impfung géint dës Infektioun proposéiert, soubal den Impfstoff zu Lëtzebuerg disponibel ass. Déi éischt Impfstoffer géint d'Afepouken, déi iwwert déi europäesch Agence HERA bestallt goufen, ginn am Laf vum August geliwwert.

Impfung géint d'Afepouken - firwat?

Persounen déi mat Afepouken infizéiert sinn erhuelen sech an der Reegel bannent 2 bis 4 Wochen. Et goufen allerdéngs Komplikatiounen dokumentéiert, wéi bakteriell Superinfektiounen, Schied un den Aen oder nach Schied um zentralen Nervesystem. Besonnesch kleng Kanner, schwanger Fraen a Persoune mat enger Immunschwächt kënne schwéier un Afepouken erkranken. Och d'Gesondheetspersonal, dat direkt an heefeg Kontakter mat infizéierte Patienten huet ass enger méi héijer Infektiounsgefor ausgesat. Dofir ass d'Impfung wichteg, fir souwuel sech selwer, wéi och säin Entourage ze schützen, an de Gesondheetssystem z'entlaaschten.

Impfung géint d'Afepouken - fir wien?

No der epidemiologescher Bewäertung vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO)[1], ass d'Warscheinlechkeet vun enger Verbreedung besonnesch bei Persoune mat verschiddene Sexualpartner héich. Am Kontext vun der aktueller Epidemie betreffen déi meeschten identifizéiert Fäll Männer, déi sexuell Bezéiunge mat anere Männer hunn. Dofir gëtt op Recommandatioun vun der WHO dëser Zilgrupp eng besonnesch Opmierksamkeet geschenkt.

Den Ieweschte Rot fir Infektiounskrankheete recommandéiert zurzäit d'Impfung géint d'Afepouken a follgende Fäll:

Zur Preventioun vun der Infektioun:

  • bei Männer, déi sexuell Bezéiunge mat Männer hunn, déi verschidde Sexualpartner hunn,
  • bei transgeschlechtleche Persounen, déi verschidde Sexualpartner hunn,
  • bei Sexaarbechter an - aarbechterinnen.

Nom Kontakt mam Virus (tëschent 1 a 14 Deeg nom Kontakt):

  • fir immunogeschwächte Persounen, déi bannent de leschten 21 Deeg e Kontakt mat héijem Risiko haten (sexuelle Kontakter, Kontakt mat Haut- oder Schläimhautverletzunge vun enger infizéierter Persoun, Kontakt mat enger infizéiert Persoun bannent dem Stot),
  • fir Fleegepersonal, wat keng entspriechend individuell Schutzmoossname geholl huet.

Nom enke Kontakt mat enger infizéierter Persoun, gëtt eng Impfung géint de Virus tëscht 1 a 14 Deeg nom Kontakt recommandéiert, woubäi eng méiglechst fréi Impfung e bessere Schutz garantéiert:

  • Wann d'Impfung bannent 4 Deeg nom Kontakt gemaach gëtt, kann eng Infektioun evitéiert ginn.
  • Wann d'Impfung bannent 14 Deeg gemaach gëtt, kann d'Krankheet ofgeschwächt ginn.

An der EU gëtt et zurzäit kee spezifesch géint Afepouken autoriséierten Impfstoff. Opgrond vun der Ähnlechkeet vun de Viren, schützen d'Impfstoffer géint d'Pouken awer och géint d'Afepouken. Den Impfstoff ass fir Erwuessener ab 18 Joer zougelooss.

Den Impfschema

Fir eng Éischtimpfung sinn zwou Impfdosissen an engem Ofstand vun 28 Deeg néideg. Bei immunogeschwächte Persounen, ass eng drëtt Impfung néideg. Den Ofstand vun 28 Deeg tëschent den 2 Impfdosissen ass wichteg fir eng héich Wierksamkeet vum Impfstoff ze garantéieren.

Impfung géint d'Afepouken - wéi?

D'Impfung géint d'Afepouke gëtt am Service national des maladies infectieuses am CHL (Centre hospitalier de Luxembourg) duerchgefouert.

Weider Detailer zu de Modalitéite vun der Impfung gi kommunizéiert, soubal den Impfstoff zu Lëtzebuerg geliwwert ginn ass.

De Gesondheetsministère huet op dem Site sante.lu eng spezifesch Rubrik mat weideren Informatiounen zu den Afepouke verëffentlech: www.variole-singe.lu.

 Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert