Leitbild Nordstad 2035 – 5 ëffentlech Informatiounsversammlunge

De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, an de Claude Turmes, Minister fir Landesplanung, presentéieren Elementer vum Leitbild Nordstad 2035 an d'Nordstad Mobilitéitskonzept am Kader vu 5 ëffentlechen Informatiounsversammlungen a Präsenz vun de Nordstad Buergermeeschteren.

D'Informatiounsversammlunge fänke jeeweils um 19 Auer un:

  • Méindes de 4. Oktober 2021:  Diekirch Al Seeërei
  • Donneschdes de 7. Oktober 2021: Ettelbrück CAPe
  • Méindes den 11. Oktober 2021: Ierpeldeng/Sauer Centre culturel et sportif Erpeldange
  • Mëttwochs den 13. Oktober 2021: Bettendorf Centre polyvalent Gilsdorf
  • Méindes den 18. Oktober 2021: Schieren Alen Atelier

Eng simultan Iwwersetzung op Franséisch souwéi eng Live Iwwerdroung um Site www.transports.lu sinn assuréiert.

Fir kënnen op der Plaz deelzehuelen musse sech déi Intresséiert Bierger a Medievertrieder am Viraus um Site www.transports.lu umellen. Fir de Livestream ass keng Umeldung erfuerderlech.

All dës Versammlungen fannen ënnert dem "CovidCheck" Regime statt: D'Medievertrieder an d'Bierger si gebieden hiren Certificat CovidCheck (EU Digital COVID Certificate - EU DCC) mat ze bréngen. Plangt w.e.g.l 15 Minutte fir en Antigen Selbsttest op der Plaz an, falls dat op Iech zoutrefft. Den Test gëtt Iech zur Verfügung gestallt.

 

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, dem Departement fir Raumplanung an dem Ministère fir Energie a Raumplanung

Aktualiséiert