Verbuet vun all Flugaktivitéiten an Drone-Flich an der Stad Lëtzebuerg
Am Kader vun de Trauerfeierlechkeete vum Groussherzog Jean de 4. Mee 2019 huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op Basis vun der nationaler Reglementatioun decidéiert, all Flugaktivitéiten souwéi och all Drone-Flich an der Uewerstad bis eng Héicht vun 750 Meter ze verbidden.