COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 2. bis den 8. Mee 2022

An der Woch vum 2. bis den 8. Mee ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 3.641 op 3.257 erofgaangen (-11%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 2. bis den 8. Mee duerchgefouert goufen, ass vun 12.848 op 10.763 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 47 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 79 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.940. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 8. Mee ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 7.174 erofgaangen, am Verglach zu 8.251 den 1. Mee, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 229.600 op 233.934 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 37,1 Joer.

An der Woch vum 2. bis den 8. Mee, goufen et 4 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 78 Joer.

An de Spideeler goufen et 16 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 14 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vunn 2 op 1 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 60 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,98, géintiwwer 0,82 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 30,26%, géintiwwer 28,34% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 505 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 564 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux an allen Alterstranchen erofgaangen, ausser bei der Altersgrupp vun 0-14 Joer (+10%).

Dee gréisste Réckgang gëtt et bei den Altersgruppe vu 75+ Joer (-35%) a vu 15-29 Joer (-17%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 60-74 Joer mat 389 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 767 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech. Vun den 3.924 Fäll, déi an der Woch vum 2. bis den 8. Mee 2022 enregistréiert goufen, goufen nëmmen d'Fäll, déi den 02.05, vum 04.05 bis 06.05, an den 08.05. gemellt a kontaktéiert goufen, analyséiert an d'Source ermëttelt.

Fir d'Beschreiwung vun de Sourcë goufen déi 1.997 Fäll geholl, déi iwwert déi véier Deeg kontaktéiert goufen. De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 38% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (12%), d'Fräizäitaktivitéiten (8%), d'Aarbecht (5%) an d'Reesen an d'Ausland (5%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë bleift d'selwecht (26%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 2. bis den 8. Mee, goufen am Ganzen 2.566 Dosissen aginn. 63 Persoune kruten eng 1. Dosis, 130 kruten déi 2. Dosis a 561 Persoune kruten eng 1. komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz an 1.812 Persoune kruten eng 2. komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 10. Mee op 1.280.381.

473.198 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,7% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site  www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum

Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en  

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi an der Woch vum 2 bis den 8. Mee ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau.

D'SARS-CoV-2-Stréim déi an dëser Woch gemooss goufe si liicht méi héich wéi nach déi Woch virdrun. Änlech Tendenzen no uewe konnten an deenen eenzele Kläranlagen observéiert ginn, besonnesch bei deenen zu Beggen a Péiteng.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST

Aktualiséiert