De Minister François Bausch geet a Quarantän

De Minister François Bausch huet decidéiert, opgrond vun engem positiven Covid-19-Test bei engem vu sengen enke Mataarbechter, a Quarantän ze goen a sech selwer engem Test ze ënnerzéien. De Minister weist den Ament keng Symptomer.

Aus deem Grond ass och d'Presentatioun vum séieren Tram, déi muer den Owend 27. Oktober 2020 sollt digital gehale ginn, op e spéideren Datum verluecht.

Communiqué par le ministère de la Mobilité et des Travaux publics

Dernière mise à jour