-
Virsiichtsmoossname, wéinst dem Virus COVID-19, fir all Organismen déi technesch Kontrollen duerchféiere vum 17. Mäerz 2020
Wéinst der Evolutioun vum Virus COVID-19 zu Lëtzebuerg an enger domat verbonnener Hausse vum Risk vun enger Iwwerdroung huet d'Regierung an de leschten Deeg eng Rei Mesurë geholl a Recommandatioune gemaach fir d'ëffentlech Gesondheet ze schützen.
-
#FREE MOBILITY CONCERTS haut: Programmännerungen duerch d'Meteoskonditiounen
Bedéngt duerch d’Meteoskonditiounen, déi fir haut de Mëtteg ugesot sinn, ginn et verschidden Ännerungen am musikalesche Programm vu #FREE MOBILITY CONCERTS
-
Informatiounen zu der aktueller Situatioun vum Transport "Adapto"
De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten deelt e puer Detailer betreffend der aktueller Situatioun vum Transport "Adapto" mat.
-
D'Kaart vum neien RGTR-Reseau, wegweisend an Europa
Et gëtt keng Lokalitéit am Land mat méi wéi 20 Awunner, déi net méi am neien RGTR-Reseau ugebonnen ass.
-
De François Bausch um Smart City Expo World Congress zu Barcelona
Den 20. November 2019, huet de François Bausch, Vizepremierminister, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, de Salon vum Smart City Expo World Congress zu Barcelona besicht.
-
Verbuet vun Dronenaktivitéiten den 16. an 17. Oktober 2019
Am Kader vun der Staatsvisitt vum belsche Kinnek an der belscher Kinnigin zu Lëtzebuerg huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, all Dronenaktivitéiten a verschiddene Loftraim tëscht dem 15. an dem 17. Oktober 2019 ze verbidden.
-
Nationalfeierdag 2019
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
Dispositiounen zum Notze vun Dronen am Kader vun de Festivitéiten zu Nationalfeierdag
Am Kader vun de Feierlechkeeten zu Nationalfeierdag huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, all Dronenaktivitéiten iwwer der Stad Lëtzebuerg esou wéi och an de spezifesch fir d’Fliigere vun der Militärparad virgesinnen Loftraim den 22. Juni (vun 14 bis 24 Auer) an 23. Juni (vun 0 bis 24 Auer) ze verbidden.
-
Verbuet vun all Flugaktivitéiten an Drone-Flich an der Stad Lëtzebuerg
Am Kader vun de Trauerfeierlechkeete vum Groussherzog Jean de 4. Mee 2019 huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op Basis vun der nationaler Reglementatioun decidéiert, all Flugaktivitéiten souwéi och all Drone-Flich an der Uewerstad bis eng Héicht vun 750 Meter ze verbidden.
-
Strategie fir eng nohalteg Mobilitéit "Modu 2.0" elo och op Lëtzebuergesch
Ee vun den Haaptmessagë vum Update 2018 vun der Strategie fir eng nohalteg Mobilitéit ass, datt substanziell Verbesserungen op kuerz a mëttelfristeg Dauer méiglech sinn.
-
Reaktioun vum François Bausch op politesch Aussoen an de soziale Medien zu de Reparaturaarbechte vun de Stroosseschied am Mëllerdall
De Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur, François Bausch, ass erstaunt an enttäuscht iwwer Aussoen, déi vu verschiddener politescher Säit an de soziale Medien zu de Reparaturaarbechten no de schlëmme Schied am Mëllerdall gemaach gi sinn. Dës entspriechen net am
-
Nationalfeierdag 2018
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
De Claude Turmes trëtt an d'Regierung an
Nom Doud vum Camille Gira trëtt, den 20. Juni 2018, de Claude Turmes an d’Regierung an. Hie gëtt zum Staatssekretär fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur ernannt.
-
D’Regierung huet déi traureg Flicht den Dout vum Staatssekretär fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, dem Camille Gira, matzedeelen
An déifster Trauer deelt d’Regierung mat, dass ee vu senge Memberen, de Staatssekretär fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur Camille Gira, verstuerwen ass. Den Doud ass stënterlech an onerwaart am Owend vum 16. Mee 2018 agetrueden.
-
Reaktioun vum Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur op de Communiqué vun der Eselen aus der Sauerstad Dikrich ASBL
Als Reaktioun op de Communiqué vun den Organisateuren vun der Dikricher Cavalcade weist de Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur drop hin, datt d’Organisateure vu jährleche grousse Manifestatiounen schonn 2017 drop higewise gi sinn, datt keng Privatnavettë méi vum Staat géife finanzéiert ginn. Dëst ass och an engem Bréif ugangs Januar un d’Eselen aus der Sauerstad Dikrich nach emol schrëftlech confirméiert ginn.
- Éischt Säit
- 1
- 2
- 3