Wéinst der aktueller sanitärer Lag ginn déi ëffentlech Versammlungen iwwert d’Reorganisatioun vum RGTR Reseau net méi mat physescher Präsenz vum Public, mee digital ofgehalen. Si dauere jeeweils vun 19.00-20.30 Auer.
Si kënne live um Internetsite „www.transports.lu” gekuckt ginn:
- Mëttwochs den 9. Dezember 2020 - Regioun Hesper*
De Minister François Bausch géif sech freeën, wann de Public seng Froen entweder am Virfeld oder den Owend selwer géif eraschécken op d’E-mail-Adress: communication@mmtp.etat.lu.
Esou wäit ewéi méiglech ginn d’Froen vum Minister selwer live beäntwert. Sollten et der zevill sinn, esou géifen d’Äntwerten a Form vun engem „FAQ“ um Site vum Ministère publizéiert.
Eng Iwwersetzung op Franséisch ass assuréiert.
*déi jeeweils concernéiert Gemenge sinn um rgtr.lu uginn.
Communiqué vum Mobilitéitsministère